Aktioun Päiperlek

De SICONA, d’SNL, d’ABIOL an den natur musée invitéie ren Iechhäerzlech op hier zwee Päiperleks-Bestëmmungscoursen:
Fir Ufänger:
Päiperleke kenneléieren a bestëmmen
Samschdeg, den 30. Juni 2018 vun 10 bis 16 Auer
Interesséiert Dir Iech fir Päiperleken? Wëllt Dir si méi genee kenne
léieren? Wësse wéi een di verschidden Aarte ënnerscheede kann a
wou se liewen? Wann Dir dëst a méi wëllt gewuer ginn, dann invitéiere
mir Iech häerzlech op eise Päiperleksbestëmmungsdag fir Ufänger!


Fir Fortgeschrattener:
Päiperleks-Kenntnisser verdéiwen
Samschdeg, den 4. August 2018 vun 10 bis 16 Auer
Falls Dir schon kënneg am Räich vun de Päiperléke sidd a méi iwwert
méi speziell Aarten kenneléiere wëllt oder op den Ufänger-Cours
opbauen wëllt, dann huelt Deel un eisem zweeten Bestëmmungsdag
fir Fortgeschrattener!

Béid Coursen fannen am Regio nale Biodiversitéitszentrum zu Olm(12, rue de Capellen) statt.
Mir treffen eis am Biodiversitéitszentrum fir eng theoretesch Aféierung zum jeweilegen Thema. No engem Picknick bilde mer Fahrgemeinschaften a fueren op Sitten, wou mir zesummen um Terrain no interessanten Aarte sichen (Destinatioun: Bartreng/Stroossen).
Bréngt äre Picknick, Gezei, dat dem Wieder entsprécht, a fest Schung mat. Wie scho Bestëmmungsbicher huet, kann déi och matbréngen. Alles anescht kritt Dir gestallt.
Umelle kann ee sech bis de 8. Juni 2018 beim SICONA ënnert der Telefonsnummer 26 30 36 27 oder ënnert der E-Mail-Adress
manon.braun@sicona.lu.

De Cours gëtt op Lëtzebuergesch gehal.
D’Coursen gi vum INAP unerkannt.

Dernière mise à jour