Eist Wëllt Lëtzebuerg – De grousse Casting

Nom grousse Succès vun der zweeter Staffel „Eist Wëllt Lëtzebuerg“ op RTL KannaTivi, gëtt elo eng drëtt Staffel gedréint. Dat nees ënnert dem Motto „Junior“.

Op www.welltletzebuerg.lu fënns du all d’Episode vun der éischter an zweeter Staffel.

Grousse Casting

Fir déi drëtt Staffel siche mir 5 Kanner, déi:

  • Am Alter tëscht 9 an 13 Joer (Meedercher a Jongen) sinn
  • Gutt Lëtzebuergesch schwätzen
  • Un der Natur interesséiert sinn
  • Net schei sinn!

Fills du dech elo ugeschwat? Da bass du genee richteg fir déi drëtt Staffel vun „Eist Wëllt Lëtzebuerg“!

Fir matzemaache brauche mir :

  • Eng Foto vun dir,
  • E Presentatiounsvideo vu maximal 3 Minutten.  Erklär eis eppes iwwer d’Natur (z.B.: géi an de Bësch an erklär eis eppes iwwert eng Bamart, een Déier, …) der Kreativitéit si keng Grenze gesat!

Schéck deng Kandidatur bis den 12 Mäerz 2023 u casting@welltletzebuerg.lu.

Falls d’Videodatei ze grouss ass, kanns du et och gären iwwer e WeTransfer-Link raschécken. Mir freeën eis op deng Bewerbung a vläicht bass du een(t) vun den neie Gesiichter vun „Eist Wëllt Lëtzebuerg".

Mir maachen eng Selektioun vun de Kandidaten an déi gi fir eng zweet Ronn an d'RTL City invitéiert. Informatioune fir deng Elteren: D’Datumer fir d’Tournagë ginn nach ausgemaach. Well d’Natur onberechenbar ass, ass Flexibilitéit gefrot.

Am Viraus ee grousse Merci u jiddereen deen hei matgemaach huet.

Dernière mise à jour