Kiewerleken

Eng bemierkenswäert Diversitéit

D´SNL an den ´natur musée´ an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng Serie vu Video-Konferenzen vun Oktober 2020 bis Mäerz 2021, méindes um 20 Auer.

Ënnert dem Motto “Trefft d´Naturalisten” präsentéieren Iech eis Spezialiste verschidden Aartegruppen an erzielen iwwert hir Aarbecht beim Beobachten a Bestëmmen. Wëssenswäertes a flott Geschichten iwwer interessant Aarten: vun de Keiwerleken, Nuetspäiperleken iwwer d´Mamendéieren, Planzen asw. – Dir duerft gespaant sinn!

D´Virträg daueren 30-45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch.

D’Zil ass verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch gehalen.

Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen. D’Zuel vun de Participante pro Videokonferenz ass op max. 100 begrenzt. No der Registréierung erhalt Dir eng Bestätigung per E-Mail mat Informationen iwwer d´Deelhuelen un der Videokonferenz.

 

Dernière mise à jour