Klimapaktdag 2020 Livestream

Rendez-vous um 14:00 Auer op der Säit www.pacteclimat.lu fir an Echtzäit iwwer Video um Event deel ze huelen.

 

Mir beäntwerten Är Froe wärend der Konferenz - Schéckt eis Är Froen eran iwwer:

pacteclimat@myenergie.lu



De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a myenergy invitéieren Iech op de Klimapaktdag 2020 deen dëst Joer an enger virtueller Form stattfanne wäert. Mir freeën eis, Iech trotz dem aktuelle Kontext kënnen a Form vun engem interaktive Live-Stream ze empfänken, an hoffen och dëst Joer nees vill vun Iech op dësem Dag kënnen ze begréissen.

 

De Programm vum Klimapaktdag steet dëst Joer ganz am Zeeche vum Klimapakt 2.0, et wäerten intervenéieren:

  • Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung
  • myenergy
  • d’Partnerorganisatioune vum Klimapakt CELL, EBL, IMS a Klima-Bündnis Lëtzebuerg

Dernière mise à jour