Stäerkung vum Naturschutzgesetz a Vereinfachung vun de Prozeduren am Interessi vun de Bierger

D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet haut an der Chamber d'Aarbéchte ronderëm d'Modifikatiounen um Naturschutzgesetz ofgeschloss, déi op d’Stäerkung vum Gesetz, op méi Rechtssécherheet fir d‘Bierger an op d’Vereinfachung vun de Prozeduren, ofziilt. Ophänkert wor, datt d’Reegelung vun den Infraktioune géint d‘Naturschutzgesetz vun de Strofgeriichter als ze generell formuléiert ugesinn ginn ass an entspriechend Nobesserungen am Gesetzestext néideg woren. Den Ëmweltministère huet doropshi Modifikatiounen an enker Ofstëmmung mam Justizministère ausgeschafft. D’Chamber huet dës Ännerunge mam Vote vun haut offiziell ugeholl.

Méi Rechtssécherheet a Flexibilitéit fir d’Bierger

Eng wichteg Neierung am Gesetz verbessert virop d’Rechtssécherheet fir d’Bierger déi an der Gréngzon wunnen, an déi am Fall vun extreme Wierderereegnesser hire Wunnsëtz nees kënne komplett opbauen, wann dësen duerch e „cas de force majeure“ zerstéiert oder beschiedegt gouf.

Des Weidere gëtt ab haut d’Méiglechkeet fir Nieweberuffler am Beräich vum Land-, Gaarden- a Geméisbau, op hire Parzellen an der Gréngzon kleng aktivitéitsgebonne Konstruktiounen opzeriichten.

Méi Flexibilitéit bei Renaturéierungen an „arbres remarquables“

Ausserdeem gëtt mat den Ännerungen d’Dier fir méi Geschwindegkeet bei der Ëmsetzung vum Héichwaasserschutz a vun de Renaturéierungen opgemaach. Hei kritt de Staat elo e Virkafsrecht zougesprach, bei Parzellen an der Gréngzon déi u Waasserleef grenzen. Och de Schutz vun den „arbres remarquables“ gëtt vereinfacht, well dës duerch e neie Passus net méi iwwert d‘Denkmalschutz, mee direkt iwwert d’Naturschutzgesetz geschützt ginn.

Schliisslech kritt d’Gesetz fir Mënsch an Déier méi Duerschlagskraaft am Beräich vun der Liichtverschmotzung, andeems konkret Mesurë géint schiedlech Liichtquelle festgeschriwwe ginn.

Dernière mise à jour