D’Ëmweltministesch huet d’Chamberskommissioun iwwert d‘Fortschrëtter am Dossier Superdreckskëscht informéiert

Fir de Fonctionnement vun der Aktioun Superdreckskëscht (SDK) méi transparent ze gestalten a besser ze kontrolléieren, goufen eng Rei Punkten, déi 2021 an enger Analyse (enger Iwwerpréiwung vum Fonctionnement) recommandéiert goufen, ëmgesat.

Des Weidere gouf am Juni en neit Finanzéierungsgesetz vun der Aktioun SDK gestëmmt, fir sécher ze goen, dass de Finanzement vun der Aktioun konform zum legale Kader ass. D’Ëmweltministesch hat der Chamber Ried an Äntwert gestanen, a versprach sie reegelméisseg iwwert d’Aarbechten am Kader vum Dossier SDK ze informéieren.

D’Ëmweltministesch huet deemno haut an der Chamberskommissioun, wéi annoncéiert, d’Parlamentarier/-innen iwwert d’Fortschrëtter am Dossier Superdreckskëscht informéiert. Konkret goung et ëm folgend Themeberäicher:

  1. D’Kontrollméiglechkeeten no dem internationale Standard iwwert e Revisieur d’entreprise: Erklärunge wéi eng Informatioune kënnen iwwert international Standard’en gepréift ginn;
  2. d’Gestioun vun der Aktioun Superdreckskëscht par rapport zum Marché public : Weiderféierend Analysen zur Konformitéit vun der Prozedur fir d’Gestioun vun der Aktioun SDK par rapport zu de Reegele vum Marchés publics Gesetz. Hei goufen et Explikatiounen zu der Gestioun vun den Zousaz-Aarbechten, déi am Kontrakt virgesi sinn;
  3. d’Gestioun vun de Sous-traitance vun der Aktioun Superdreckskëscht: Informatioune ronderëm d’Servicer, déi d’SDK un drëtt Firme weiderginn huet;
  4. d’Beschreiwung vun den Aufgabe vun der SuperDreckskëscht-Akademie

Fir de Volet vun de Kontrollméiglechkeeten no den internationale Standard’en méi am Detail ze beliichte war och en externen Expert mat dobäi. Am Laf vun der Commissiounsréunioun konnten d’Parlamentarier/-innen och hir Froe stellen, a krute Feedback. D’Aarbechten am Dossier wäerte weider lafen. Hei gouf eng Tëschenetappe geholl fir d’Transparenz am Dossier ze assuréieren.

Weider Themen, déi an der Chamberskommissioun behandelt goufen, waren:

1.     E Bilan iwwert d’Kapazitéite vun de Bauschuttdeponien am Land;

2.     Den obligatoreschen Affichage vun engem Reparabilitéits-Indice bei Elektro-Geräter an d’Verlängerung vun der Garantie légale vu verschiddene Produkter.

Dernière mise à jour