Ëmweltdeeg 2024

Werft mat eis e Bléck hannert d’Kulisse vum Klima- an Ëmweltschutz zu Lëtzebuerg! Mir lueden iech an u spilleresch an thematesch Aktivitéite fir Grouss a Kleng deelzehuelen.

Kommt lanescht!

Programm:

 

 

Fading Thunders of Belval - The art of soundwalking

Vun 18:30 bis 20:00
Esch/Belval ─ Startpunkt virun den Héichiewe vis-à-vis vun der Rockhal

Wéi eng Geräischer ëmginn eis am Alldag dobaussen? A wéi wierke sech verschidden Elementer, wéi Façaden oder Buedembelag op de Kaméidi an eise Stied aus? Äntwerten op dës Froen, kritt dir beim “Soundwalk” engem “Lausch-Spadséiergang” duerch  d‘Stad Esch, konzipéiert vum Schwäizer Sound Urbanist Trond Maag an Zesummenaarbecht mat der Dr. Isabelle Naegelen.

https://urbanidentity.info/soundexperienceesch/

 

Op Däitsch, Franséisch an Englesch | D’Participatioun ass gratis
Ab 12 Joer


An Zesummenaarbecht mat der Ëmweltverwaltung


RSVP: bis 5. Juli op communication@aev.etat.lu

 

 

 

 

Quiz mat Schatzsich

Vun 9:00 bis 12:00
Naturschutzzenter Biodiversum Camille Gira ─ 5 Bréicherwee, L-5441 Remerschen


Den Naturschutzzenter Biodiversum invitéiert op de wonnerschéinen Haff Réimech, engem vun de spektakuläersten Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg.

Entdeckt d’Bewunner vun de Baggerweiere bei enger spannender Schatzsich a gitt méi iwwert déi heemesch Flora a Fauna gewuer aus dem gréisste Fiichtgebitt vum Land.

Op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch | D’Participatioun ass gratis
Ab 7 Joer | Bréngt mat: fest Schong

 

An Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung

 

RSVP: bis 4. Juli op biodiversum@anf.etat.lu

 

 

 

 

 

Visitt vun der neier Ausstellung “Eist Drénkwaasser – vun der Natur an de Krunn”

Vun 10:00 bis 12:00 oder vu 14:30 bis 16:30
SEBES ─ 20 um Quatre Vents, L-9150 Eschdorf


Begleet eis op eng Entdeckungsrees duerch d’Welt vum Waasser: mat enger interaktiver Ausstellung, villen Informatiounen, Animatiounsfilmer, audiovisuellen a kënschtlereschen Installatiounen.


Op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch | D’Participatioun ass gratis
Ab 12 Joer | Bréngt mat: eng waarm Jackett

 

An Zesummenaarbecht mat der Waasserverwaltung an dem SEBES

 

RSVP: bis 10. Juli op visites@sebes.lu

 

Wat geschitt an enger Kläranlag?


Vu 14:00 bis 15:30 (LU) oder vu 16:00 bis 17:30 (FR)
SIDERO, 11c rue Irbicht, L-7590 Beringen/Mersch

 

Wéi gëtt d’Waasser an enger Kläranlag gebotzt? Wéi ginn déi verschidden Zorten Offall eraus gefiltert? Wat geschitt dono mam Klärschlamm?

Huelt Deel un der Visitt vun der Kläranlag mat Explikatiounen zum Oflaf, dem Ënnerscheed tëscht mechanescher a biologescher Klärung an deene verschiddene Klärstufen.


Op Lëtzebuergesch a Franséisch | D’Participatioun ass gratis
Ab 6 Joer

An Zesummenaarbecht mat der Waasserverwaltung an dem SIDERO

 

RSVP: bis 11. Juli op emweltdeeg@eau.etat.lu

 

 

Familljen-Insektesafari

Vun 10:00 bis 12:00
Naturschutzzenter A Wiewesch, 12 Syrdallstrooss, L-6850 Manternach


Am Häerz vu Manternach, ëmgi vu Felder, Weeden a Bongerten, läit den Naturschutzzenter A Wiewesch.
Gitt mat eis op en Ausfluch an d'Welt vun den Insekten! Mir ginn duerch e Labyrinth a fänke mat der Becherlupp Insekte fir eis se genee unzekucken an duerno nees fräizeloossen.

Op Lëtzebuergesch an Däitsch | D’Participatioun ass gratis
Keng Altersbegrenzung

 

An Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung

 

RSVP: bis 11. Juli op awiewesch@anf.etat.lu

 

 

Bëschbotz-Aktioun

Vun 10:00 bis 12:00
Naturschutzzenter Ellergronn, L-4114 Esch/Alzette


Zesumme mat aneren engagéierte Leit duerch e Biotop spadséieren, gemeinsam de Bësch dobäi botzen an och nach vill Interessantes iwwert eis Flora a Fauna gewuer ginn. Schwätzt iech dat un?
Da maacht mat bei eiser Bëschbotz-Aktioun an drot aktiv dozou bäi, eis Biotope propper ze halen an esou eis Déieren ze schützen.

 

Op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch | D’Participatioun ass gratis
Keng Altersbegrenzung | Bréngt mat: Schutzhännercher

 

An Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung

 

RSVP: bis 11. Juli op ellergronn@anf.etat.lu

 

 

Interaktiv Indoor-Ausstellung “Bësch - all inclusive”

Vun 10:00 bis 12:00 oder vu 14:00 bis 16:00
Naturschutzzenter Burfelt, Burfelt 1, L-9660 Insenborn

Den Naturschutzzenter Burfelt läit bei eisem schéine Stauséi un der Uewersauer.
Duerch dës Indoor-Erliefnisausstellung léiert dir méi iwwert déi divers Funktioune vum Bësch. No der Visitt kann all Participant an engem Atelier säi Bësch selwer gestalten, fräi nom Motto: „Wéi gesäit äre Liblingsbësch aus?“.

Op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch | D’Participatioun ass gratis
Keng Altersbegrenzung

 

Am Kader vun den Ëmweltdeeg ass den Naturschutzzenter Burfelt ausnamsweis de 6. an den 13. Juli jeeweils vun 09:00 bis 18:00 op.

 

An Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung

 

RSVP: bis 11. Juli op burfelt@anf.etat.lu

 

Naturquiz-Wanderung

Vun 19:00 bis 22:00
Naturschutzzenter Mirador, 1 rue Collart, L-8414 Steinfort


Den Naturschutzzenter Mirador ass an engem fréieren Industriegebai zu Stengefort ënnerbruecht. Bei engem Outdoor-Quiz wandere mir nuets 6 km duerch d’Naturschutzgebitt „Stengeforter Steekaulen“. Op e puer Statioune kritt dir Froe ronderëm eis Natur gestalt an zum Schluss kritt d’Gewënnerin oder de Gewënner vum Quiz e Präis iwwerreecht.


Op Lëtzebuergesch an Däitsch | D’Participatioun ass gratis
Keng Altersbegrenzung | Bréngt mat: Gedrénks a Verpfleegung

An Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung

 

RSVP: bis 11.07. op mirador@anf.etat.lu

 

Dernière mise à jour