Natura 2000 Dag – Familljerallye

Journée Natura 2000 - Rallye en famille

2024 ass et um COPIL Mëllerdall am Natur- a Geopark Mëllerdall den Natura 2000 – Dag zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit ze organiséieren.

Kommt Sonndes, den 19. Mee op den Iechternacher Séi a profitéiert vun enger spannender Familljerallye fir Kanner ab 6 Joer an Erwuessener. Ënnerwee erwaarden iech Spiller, Atelieren an Erklärunge ronderëm naturno Themen.

Hei nach d’Detailer am Iwwerbléck:

  • Sonndes, den 19. Mee vun 11 bis 17 Auer um Iechternacher Séi (Depart bei der Haaptentrée beim Park & Ride Echternach Millenoacht oam Séi – 30, rue des Romains)
  • Opgepasst: de leschten Depart ass um 15:30
  • D’Streck huet ronn 3 km an ass barrièrefräi
  • Fir de Rallye sollt een ongeféier 2 Stonnen aplangen
  • Déi verschidde Statioune sinn op LU, DE, FR & EN
  • D’Participatioun ass gratis.
  • Kommt einfach spontan bis laanscht a maacht mat. Et brauch een sech NET unzemellen.
  • D’Familljerallye fënnt am Kader vum Natura 2000 Dag statt. Natura 2000 ass een europäescht Netzwierk vun Naturschutzgebidder wat d’Zil verfollegt dat laangfristegt Iwwerliewe vu wäertvollen a bedreeten Aarten a Liewensraim an Europa sécher ze stellen.

 

En 2024, le COPIL Mëllerdall organise la journée Natura 2000 au Natur- a Geopark Mëllerdall avec le ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité.

Rejoignez-nous dimanche, le 19 mai, au lac d'Echternach et profitez d'un rallye en famille passionnant, pour adultes et enfants à partir de 6 ans. En outre, vous découvrez des jeux, des ateliers et des explications sur la thématique de la nature.

Informations détaillées :

  • Dimanche 19 mai, de 11 à 17 heures, autour du lac d'Echternach
    (Départ à l'entrée principale, près du Park & Ride Echternach. Adresse : Millenoacht oam Séi - 30, rue des Romains)
  • Le parcours est accessible aux poussettes et aux chaises roulantes.
  • Pour le rallye, il faut prévoir environ 2 heures.
  • Les différents ateliers sont proposés en LU, DE, FR et EN.
  • La participation est gratuite.
  • Venez spontanément et participez sans inscription.
  • Le rallye en famille se déroule dans le cadre de la journée Natura 2000. Natura 2000 est un réseau européen de zones de protection de la nature dont l'objectif est de garantir la survie à long terme d'espèces précieuses et menacées à travers l’Europe.

Dernière mise à jour