3. Nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung - D'Zukunft virbereeden & erhaalen

Auteur
Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable
Date de parution
01/07/2021
Date de parution
Juillet 2021
Fournisseur
Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable
3. Nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung - D'Zukunft virbereeden & erhaalen
3. Nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung - D'Zukunft virbereeden & erhaalen
Pdf - 5,24 Mo - 48 page(s)

Dir kënnt hei är perséinlech exemplar bestellen

 

 

Merci fir Ären Interessi un dëser Broschür!

Et weist, dass Dir Iech fir eng nohalteg Entwécklung interesséiert an engagéiert.

Lëtzebuerg huet – zesumme mat der internationaler Gemeinschaft – d’17 Nohaltegkeetsziler vun der Agenda 2030 vun de Vereenten Natiounen ugeholl.

 

Dës 17 ambitiéis Ziler si strategesch Meilesteng, fir géint extreem Aarmut an Ongläichheete virzegoen a gläichzäiteg de Planéit virum Klimawandel an dem Verloscht vun der Biodiversitéit ze schützen.

Dës Ziler gëlle fir all d’Länner op der Welt an deemno och fir Lëtzebuerg.

D’zéng Prioritéite vum Nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung – déi Dir am drëtten Deel vun dësem Dokument noliese kënnt – sinn d’Roadmap, déi sech d’Regierung ginn huet, fir ze handelen a konkret dozou bäizedroen, dass d’Ziler vun der Agenda 2030 erreecht ginn an eng nohalteg Entwécklung zu an duerch Lëtzebuerg garantéiert ass.

 

2020 sollt u sech d’Joer vun der Biodiversitéit an dem Klimaschutz sinn.

Haut gesinn an erliewe mir, wéi d’Coronapandemie d’Aart a Weis, wéi mir zesumme wunnen a schaffen, verännert.

Trotzdeem dierfe mir net déi aner grouss Krisen, déi eis och an Zukunft wäerten erausfuerderen, aus den Ae verléieren, wéi z. B. de Kampf géint Ongläichheeten an Aarmut, de Verloscht vun der Biodiversitéit a virun allem de Klimawandel.

Dës Pandemie huet d’Vulnerabilitéit vum Mënsch gewisen a wéi vill hie vun der Natur ofhängeg ass.

Et gi Léisunge fir d’aktuell Krisen: kreeslaforientéiert denken a consomméieren, eisem Planéit erlaben, sech z’erhuelen, an eng gerecht Verdeelung vun den natierleche Ressourcen assuréieren ...

 

Mir mussen alles dofir maachen, fir eng gerecht ekologesch Transitioun z‘erreechen.

Dëst ass eng grouss Aufgab, zu där jidderee säin Deel bäidroe kann.

D’wëssenschaftlech Erkenntnisser sinn eendeiteg an d’ëffentlecht Bewosstsi fir dës Sujeten entwéckelt sech vill méi séier ewéi d’ëffentlech Moossnamen.

D’Mobiliséierung vun de Jonke wärend de Fridays for Future an an de ClimateXChange-Workshoppen an de Lycéeë weist de Wëllen an d’Ambitioun vun dëser Generatioun, eng nohalteg Entwécklung ze liewen.

 

Den éischten Deel enthält zéng konkret Moossnamen, déi zu enger nohalteger Entwécklung bäidroen an deemno Deel vun der Léisung sinn. Um Site www.agenda2030.lu kënnt Dir de Link www.bne.lu/tipps uklicken. Hei fannt Dir weider praktesch Tipps, wéi Dir am Alldag nohalteg handelen a consomméiere kënnt. 

Zum Schluss lueden ech Iech an, Är Aktiounen an Initiativen op www.aktioun-nohaltegkeet.lu ze verëffentlechen an ze deelen. 

Op dëser Kooperatiounsplattform fannt Dir Informatiounen iwwer Aktioune fir eng nohalteg Entwécklung zu Lëtzebuerg, awer och iwwer méiglech Partner a Finanzquellen.

 

Eng nohalteg Entwécklung geet just am Kader vun engem gemeinsame Projet!

 

Carole Dieschbourg

Ministesch fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung

 

Accès à la présentation Vidéo du 3ème Plan National pour un développement durable

 

Version française

Dernière mise à jour