Faktencheck Drénkwaassergesetz

Projet de loi relatif à la qualité des eaux destinées à la consommation humaine et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2008 relative à l’eau

Firwat en Drénkwaassergesetz

Zouverlässegt Drénkwaasser ass e wuessend Uleies vun der Bevëlkerung, net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee europawäit. Hei zu Lëtzebuerg huet de reegelméissege Konsum vu Krunnewaasser sech an de leschte 15 Joer verduebelt.

Esou huet d’Initiative right2water 2013 ronn 1,8 Milliounen Ënnerschrëfte gesammelt. An dëser Initiative geet et ënnert anerem ëm e besseren Zougang fir jiddwereen zum Krunnewaasser. Et geet awer och em d’Verhënnere vun der Liberaliséierung vun der Waasser-Versuergung. Opgrond vum grousse Succès vun dëser Petitioun huet déi europäesch Kommissioun eng Revisioun vun der Drénkwaasserdirektiv vun 1998 decidéiert.

Den Text vun der Direktiv ass den 23. Dezember 2020 publizéiert ginn. Zil vun der neier Direktive ass et, esou wuel d’“Recht vum Waasser” („droit de l’eau“) wéi och d’“Recht op Waasser” (droit à l’eau) ze verbesseren.  Mat dësem Text hu mir dës Direktiv an eng national Gesetzgebung ëmgesat.

D’Drénkwaassergesetz ergänzt ganz gutt d’Strategie, déi d’Regierung sech ginn huet fir d’Drénkwaasserversuergung laangfristeg ofzesécheren. Dës Strategie baséiert op 3 Pilieren déi wéi follgend zesummenhänken:

  • De Schutz vun de bestoende Ressourcen
  • D’Waasserspueren
  • D’Erschléissung vun néie Ressourcen

Wat ass Drénkwaasser?

D’Drénkwaassergesetz betrëfft d’Drénkwaasser. Ënnert Drénkwaasser kann een am Generellen all Krunnewaasser mat deem een als Bierger a Kontakt kënnt verstoen. Et gëtt Ausnamen, déi am Gesetzestext am Artikel 3 erkläert sinn.

Wie liwwert mäi Waasser iwwert de Krunn?

D’Gemeng liwwert de Bierger:innen hiert Waasser. Dëst steet och esou am Waassergesetz vum 19.Dezember 2008. Dowéinst kréien d’Bierger:innen hir Waasserrechnung och vun der Gemeng.
Gutt ze wëssen: D’Drénkwaasserversuergung kann zu Lëtzebuerg net liberaliséiert ginn.

Wat sinn déi wichtegst Punkten am Drénkwaassergesetz?

Dat neit Gesetz ersetzt dat groussherzoglecht Reglement vum 7. Oktober 2002 wat bis dato d’Drénkwaasserqualitéit gereegelt huet. Eng ganz Rei Punkte vun deem Reglement, notamment d’Parameteren déi d’Drénkwaasserqualitéit definéieren, wäerte bestoe bleiwen.

Déi wichtegst Punkten am Gesetz si folgend:

  • Definéieren, ab wéini an ënnert wéi enge Konditioune mer Zougang zum Drénkwaasser op ëffentleche Plazen, an ëffentleche Gebaier, a Restauranten a Kantinnen hunn
  • D’Upassung vu strikte Qualitéitsnormen un déi aktuellste wëssenschaftlech Kenntnisser
  • Präventiivt Sécherstellen, dass d’Waasserqualitéit och an Zukunft ëmmer den Normen entsprécht
  • Kloerstellung, wéi ee Material mam Drénkwaasser a Kontakt trieden dierf
  • D’Bierger a Biergerinne besser informéieren
  • Eng transparent Kommunikatioun vun den Analyseresultater a vum Verbrauch: Um Internetsite drenkwaasser.lu kënnen d’Bierger:innen d’Waasserqualitéit an de verschiddene Gemenge consultéiere. Dernieft solle Gemengen an Zukunft bei de Waasserrechnungen änlech wéi bei der Rechnung vum Elektreschen, de Konsument:innen de Verbrauch par Rapport zum duerchschnëttleche Verbrauch matdeelen.

Wéi eng Verantwortung hunn d‘Gemengen?

  • Qualitativ héichwäertegt Krunnewaasser bis bei den Haususchloss liwweren
  • Analysen an Evaluatioun vun de Waasserfuitten an den ëffentleche Reseaue virhuelen
  • Informatioun a Berodung vun de Proprietären a Proprietärinnen, Bierger a Biergerinne garantéieren

Wéi eng Verantwortung hunn d‘Bierger:innen?

Proprietären a Proprietärinne sinn dofir verantwortlech, d’Drénkwaasserqualitéit am Hausreseau ze garantéieren

Wéi eng Ministèren a Verwaltunge stinn an der Responsabilitéit?

  • De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d‘Waasserverwaltung
  • D’Gesondheetsdirektioun vum Gesondheetsministère fir de Volet „Mënschlech Gesondheet“ a „Radioprotektioun“
  • D’Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA)
  • De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung fir de Volet Ernärungssécherheet

Wat ass den Drëpsi?

D‘Drénkwaasser ass dat am meeschte kontrolléiert Liewensmëttel an entsprécht héchste Qualitéitskrittären. Fir dass dat och an Zukunft esou bleift, schaffe Gemengen e Water Safety Plan aus, dee preventiv all potentiell Risiken erfaasst a beherrscht. Den Drëpsi-Certificat belount déi Gemengen a Gemengesyndikater déi besonnesch Efforte gemaach hunn.

Méi Informatiounen iwwer de Water Safety Plan an den Drëpsi fannt Dir hei.

Wat sinn déi wichtegst Echeancen?

Timeline Drénkwaassergesetz  - LU

Gutt  ze wëssen:

Mir sinn zu Lëtzebuerg schonn elo an der Lag eng Risikoanalyse an den Drénkwaasserschutzzonen an den ëffentleche Reseauen ze maachen. Dëst obwuel déi europäesch Direktiv dat eréischt fir spéitstens 2027 an 2029 virschreift. Hei hunn mir als Land also elo schonn en Certificat d’excellence verdéngt.

Dernière mise à jour