FAQ zu den Ännerungen am Naturschutzgesetz

FAQ zu den Ännerungen am Naturschutzgesetz

Dëst Dokument ass vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ausgeschafft ginn. D’Zil ass d’Ännerunge vum Naturschutzgesetz an déi domadder verbonnen administrativ Vereinfachungen ze erklären. Dëst Dokument erkläert dofir ë.a. u praktesche Beispiller, wéi eng Saachen ouni Geneemegung an der Gréngzon dierfen opgeriicht ginn an wéi eng Reegelen et fir Konstruktiounen an Aarbechten u bestoende Konstruktiounen an der Gréngzon gëtt.

D’Naturschutzgesetz ass vum 18. Juli 2018 (loi du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles). Fir et de Besoine vum Naturschutz an de Besoine vun de Leit unzepasse gouf et elo geännert. Ofgedeckt an dësem Text si folgend Ännerungen:

Dëst Dokument erklärt d’Ännerungen an enger, dem Notzer, verständlecher Sprooch. Déi koordinéiert Versioun vum Naturschutzgesetz Text fënnt een am Code de l’environnement a sengen Annexen an hei:

Code de l'environnement - Legilux (public.lu)

Formulairë fir d’Naturschutzgeneemegungen

Den néidege Formulaire fir all Geneemegungsufro fir Neibauten a Renovéierungen an der Gréngzon fënnt een op:

https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/emweltprozeduren/conservationdelanature/docs/art-6-nouvelle-construction.pdf

 

Hei e puer Erklärungen, déi an dem Kontext vun dëse FAQ wichteg sinn:

Naturschutzgesetz

Mat Naturschutzgesetz sinn an dësem Kader d’Loi modifiée du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles an seng Reglementer gemengt. De Link op d’Gesetz fënnt een hei:

Code de l'environnement - Legilux (public.lu)

Konstruktioun

Am Naturschutzgesetz ass kloer definéiert, wat ënnert Konstruktioun ze verstoen ass. A senger Annexe 9 sinn all déi Installatiounen opgelëscht, déi net als Konstruktioun unzegesi sinn an dofir och keng Naturschutzgeneemegung brauchen wa se an der Gréngzon opgeriicht ginn.  

Konstruktioune sinn definéiert als Amenagementer, Installatiounen, Gebaier oder aner Ouvragen déi kënschtlech a permanent zesumme gehale ginn an dëst egal op se um Buedem stinn, am Buedem oder an der Héicht verankert sinn.

Am Kloertext heescht dat, dat alles wat net natierlech an der Gréngzon wiisst oder existéiert, mee vum Mënsch bewosst do platzéiert respektiv installéiert gëtt, eng Konstruktioun laut Naturschutzgesetz ass an dofir eng Naturschutzgeneemegung brauch.

Déi genee Definitioun steet am Artikel 3 Punkt 26 vum Naturschutzgesetz.

Naturschutzgeneemegung

D‘Naturschutzgeneemegung ass déi Geneemegung, déi am Kader vum Naturschutzgesetz verlaangt ass an ausgestallt gëtt.

Opgepasst: Och wa mat dësen Ännerungen um Naturschutzgesetz vill Saache keng Naturschutzgeneemegung méi brauchen, heescht dat net, datt net och nach ëmmer aner Geneemegunge kéinte néideg sinn, sou zum Beispill am Kader vum Quelleschutz, vum Denkmalschutz oder vun der zoustänneger Gemeng.

Europäesch Naturschutzgebidder

Europäesch Naturschutzgebidder, allgemeng och als Natura2000-Gebidder bekannt, si vun der lëtzebuergescher Regierung iwwer groussherzoglech Reglementer ausgewise ginn. Si dengen dem Schutz vun europäesch raren a schützenswäerten Aarten oder Habitater. Dës Schutzziler sinn an der Habitat- an an der Vullendirektive vun der EU festgeluecht.

D’Informatiounen an dësem Dokument sinn allgemeng gëlteg am ganze Land. Dacks sinn d’Virgaben an de Naturschutzgebidder awer méi restriktiv wéi déi allgemeng Reegelen, déi an dësem Dokument opgefouert sinn.

Wann een an engem europäeschen Naturschutzgebidd wëll ee Projet realiséieren, dierf dëse keng signifikant Auswierkungen op d’Schutzziler vum jeeweilege Gebitt hunn. Dofir ass et allgemeng wichteg an hëllefräich, an engem ganz fréie Stadium och mam lokale Fierschter Récksprooch ze huele fir sécher ze sinn, datt Äre Projet net konträr zu dëse Schutzziler ass. Kann dëst net ausgeschloss ginn, ass recommandéiert, eng aner Plaz fir Äre Projet ze sichen, oder, sollt dat net méiglech sinn, bei engem agrééirten Expert eng Etüd an Optrag ze ginn, déi den Impakt vum Projet analyséiert.

Et fënnt een déi europäesch Naturschutzgebidder op Geoportail.lu: http://g-o.lu/3/h38C. De Link op den Text vum Reglement fënnt een andeems een e Lénksklick op d’Fläch vum Naturschutzgebitt mecht, dat een interesséiert.

National Naturschutzgebidder

National Naturschutzgebidder sinn iwwer groussherzoglech Reglementer geschützt. Dës Reglementer setzen e ganz klore Kader, wat hei erlaabt a verbueden ass. An dëse Gebidder gëllen e puer besonnesch Aschränkungen.

D’Informatiounen an dësem Dokument sinn allgemeng gëlteg am ganze Land, awer dacks sinn d’Virgaben an den Naturschutzgebidder méi restriktiv wéi déi allgemeng Reegelen, déi an dësem Dokument opgefouert sinn. Wann een an den nationalen Naturschutzgebidder wëll bauen, ass et dofir wichteg, ëmmer och nach eng Kéier dës Reglementer ze kontrolléieren an se och strikt ze respektéieren.

Et fënnt een déi national Naturschutzgebidder op Geoportail.lu: http://g-o.lu/3/vpge. De Link op den Text vum Reglement fënnt een andeems een e Lénksklick op d’Fläch vum Naturschutzgebitt mecht, dat een interesséiert.

Quelleschutzgebidder

Nieft den nationalen Naturschutzgebidder gëtt et och Quelleschutzgebidder, déi iwwer groussherzoglech Reglementer déi sech op d’Waassergesetz baséieren geschützt sinn. Och an dëse Gebidder kënne speziell Oplage gëllen. Deemno ass et och hei wichteg, ëmmer och nach eng Kéier dës Reglementer ze kontrolléieren an se och strikt ze respektéieren.

Et fënnt een d’Quelleschutzgebidder op Geoportail.lu: http://g-o.lu/3/oYir. De Link op den Text vum Reglement fënnt een, andeems een e Lénksklick op d’Fläch vum Quelleschutzgebitt mecht, dat een interesséiert.

Kapitel 1: Infrastrukturen fir déi keng Naturschutzgeneemengung néideg ass

Dëst Kapitel beschäftegt sech mat den Infrastrukturen déi an der Annexe 9 vum Naturschutzgesetz opgelëscht sinn. Déi Annexe féiert all déi Elementer op, déi dierfen opgeriicht ginn, ouni eng Geneemegung unzefroen.

1.1. Firwat brauch een iwwerhaapt eng Naturschutzgeneemegung fir an der Gréngzon ze bauen?

D’Naturschutzgesetz huet zum Zil d’Natur ze schützen, zum enge fir se ze erhale fir d’Déieren an d’Planzen déi dra liewen, mee awer allem virop och fir d’Liewensgrondlag vum Mënsch ze garantéieren. Aus deem Grond ass d’Gréngzon eng Plaz, an där d'Stéierung vum Ökosystem Natur, sief et duerch ee Bau oder duerch aner Aarbechten an Aktivitéiten, sou kleng wéi méiglech gehale solle ginn. D’Gréngzon ass dohier par définition am Gesetz eng “zone destinée à rester libre”.
D'Verännerung vum Naturraum fënnt an der Sekonn vum „Spuedestéch“ statt: et ass dofir wichteg, datt d'Aarbechte gutt encadréiert sinn, wat ë.a. Sënn an Zweck vun enger Geneemegung ass. D'Geneemegung erméiglecht d‘Konditiounen esou ze fixéieren, datt den individuellen Impakt vum Bau an aneren Aarbechten op der gewielter Plaz esou kann encadréiert ginn, datt en méiglechst geréng an am Aklang mat den Objektiver vum Naturschutzgesetz ass. Dat ass eppes, wat een net generaliséiere kann, well all Projet anescht ass an all Plaz aner Viraussetzungen an ekologesch Gegebenheeten huet. Genee esou wichteg ass et, Aarbechten, deenen hiren Impakt op enger bestëmmter Plaz ze héich wär, do net zouzeloossen.
Déi Saachen, fir déi eng individuell Betruechtung net néideg ass, si vun der Geneemegungsflicht ausgeholl ginn (cf. Punkt 1.3).
Um Beispill: All Projet fir den Extérieur vun enger Konstruktioun an der Gréngzon ze veränneren oder fir eppes ze sécheren, kann Auswierkungen op d’Schutzziler vun der Gréngzon hunn, sief et duerch d’Presenz vu geschützte Biotopen oder Aarten, duerch den Zäitpunkt zu deem dës Aarbechte stattfannen, duerch staark Liichtpollutioun, asw. Dofir ass et wichteg, am Virfeld ze klären a festzeleeën, wéi dës Aarbechten am Aklang mam Naturschutz kënne gemaach ginn.

1.2. Fir wéi eng Konstruktioune brauch een eng Naturschutzgeneemegung?

Prinzipell brauch ee fir all Konstruktioun (cf. Erklärunge Säit. 6) an der Gréngzon, ausser deenen déi ënnert dem Punkt 1.3 opgelëscht a präziséiert sinn, eng Naturschutzgeneemegung.

1.3. Fir wéi eng Konstruktioune brauch ee KENG Naturschutzgeneemegung?

Fir folgend Konstruktiounen brauch een an der Gréngzon keng Naturschutzgeneemegung.  Präzisiounen an Ofweichunge ginn erkläert.

1.3.1. Photovoltaik

Fir Photovoltaikanlagen (PV-Anlagen), déi platt op den Diecher vu Gebaier an der Gréngzon installéiert ginn, déi “légalement existant” sinn, ass keng Naturschutzgeneemegung néideg. Dat selwecht gëllt fir technescht Ekipement wat an deem Kader baussen op de Fassade vun dëse Gebaier montéiert gëtt.

Eng Naturschutzgeneemegung ass ënnert anerem weiderhin néideg, wann d’PV-Anlagen um Buedem installéiert ginn, respektiv fir Anlagen déi opgestännert op Diecher sollen installéiert ginn, oder wou d’Fläch vun der Anlag iwwert d’Daachfläch erausgeet, wou se drop kënnt.

1.3.2. Trafoen fir d’Photovoltaik

Fir Traffosstatiounen, déi am Kader vu PV-Anlagen installéiert ginn, ass keng Naturschutzgeneemegung néideg wann se folgend Krittären erfëllen:

  • Si musse mat engem ontraitéierten, vertikalen hëlze Bardage verkleet sinn
  • Si musse gro Dieren a Flaachdaach hunn
  • Si mussen op oder direkt un enger versigelter Fläch (Wee, Haff...) sinn, déi laut Artikel 6 vum Naturschutzgesetz geneemegt ass
  • D’elektresch Leitungen vun der PV- Anlag an hir Tranchéen bei d’Traffosstation mussen an déi versigelt oder befuerbar Fläch (heizou zielen och Weeër oder Flächen am Concassé) op deem eegene bebaute Sitt geluecht ginn.

Opgepasst: Sollt ee Biotop oder Liewensraum, deen no Artikel 17 geschützt ass, vun dësen Aarbechten betraff sinn, muss trotzdeem am Virfeld eng Naturschutzgeneemegung ugefrot ginn. Am Zweifelsfall kann dee lokale Fierschter hei beroden (cf. Punkt 4.7).

D’Verleeë vun elektresche Leitungen an der Gréngzon brauch, mat Ausnam vu deenen déi hei driwwer erläutert sinn, eng Naturschutzgeneemegung.

1.3.4 Zénk

Zénk Art.6(1) a (7)

Fir Aktivitéiten déi ënnert den Artikel 6(1) a (7) vum Naturschutzgesetz falen dierfe folgend Aarte vun Zénk opgeriicht ginn, ouni datt eng Naturschutzgeneemegung néideg ass:

 

  • Piqueten am Holz oder Metall
  • Drot mat oder ouni Litzen
  • Maschendrot, wou een Duerchgang vu 15 cm iwwert dem Buedem garantéiert ass, respektiv déi ënnescht Masche vum Drot op mannst 15 cm grouss sinn
  • Hëlzen Zénk mat 2 horizontalen hëlzene Striewen.

Eenzeg Konditioun ass, datt dës Zénk neutral an der Faarf sinn an dierfen net blénkeg sinn.

Zénk zum Schutz vu Liewensmëttelproduktioun

Maschendrot ass erlaabt am Kader vu folgenden Aktivitéiten déi am Kader vum Artikel 6(1) vum Naturschutzgesetz geneemegbar sinn

  • Geméis an Uebstbau
  • Pépinières
  • Kanéngercher- an Héngerzuucht ënnert oppenem Himmel

An deem Fall ginn et weder Restriktiounen zur Héicht, der Distanz zum Buedem nach zur Maschegréisst. Och des Zénk mussen neutral an der Faarf sinn an dierfen net blénkeg sinn.

Zénk ronderëm bebaute Flächen

Zénk ronderëm Parzellen, op deenen eng Konstruktioun (Wunnhaus, Gaardenhaischen, Juegdbud...) steet, brauche keng Naturschutzgeneemegung, ënnert der Konditioun datt se folgend Krittären erfëllen:

  • Een Duerchgang vu 15 cm iwwert dem Buedem muss garantéiert ginn, respektiv déi ënnescht Masche vum Drot mussen op mannst 15 cm grouss sinn
  • D’Vue dierf net blockéiert ginn
  • D’Faarf muss neutral sinn an dierf net blénken

D’Héicht ass op  1,50 m vum Buedem aus limitéiert.

1.3.5. Tunnelzären

Tunnelzären, also Zären a Form vu Folientunnelen déi exklusiv genotzt gi fir de Ubau vun Uebst a Geméis,  brauche keng Naturschutzgeneemenung wann se ausserhalb vun nationalen oder europäeschen Naturschutzgebitter leien. Dëst spillt onofhängeg vun der Gréisst.

1.3.6. Beiestäck

Beiestäck brauche keng Naturschutzgeneemegung wann se ausserhalb vun nationalen oder europäeschen Naturschutzgebitter stinn. Viraussetzung ass, datt d’Baussewand gréisstendeels aus Naturmaterialien (z.B. Holz) hiergestallt ass, eng neutral Faarf huet an och net blénkeg ass. De Blech, deen dacks zum Schutz uewendrop geluecht gëtt, ass erlaabt. Wichteg ass awer, datt d’Opstännerung net méi ewéi 1,5 Meter iwwert dem natierlechen Niveau vum Buedem ass.

Dës Reegelung spillt onofhängeg vun der Unzuel vun de Beiestäck déi op engem Standuert opgeriicht ginn.

1.3.7. Leederen, Podiumen a mobil Héichsëtzer

Am Kader vun der Juegd brauch fir d’Opriichten vu folgenden Elementer keng Naturschutzgeneemegung méi virzeleien:

  • Leederen
  • Podiumen wärend der Period vun de Klappjuegten
  • Mobil Hochsitzer, soulaang wéi et der net méi wéi 2 pro Juegdlous sinn.

Fir all aner Konstruktiounen am Kader vun der Juegd, wéi zum Beispill Juegdbuden an fix Héichsëtzer, gëlle weiderhin déi allgemeng bekannte Konditiounen.

1.3.8. Teschnescht Equipement fir Monitoring

Gëtt klengt elektronescht Material opgehaange oder installéiert fir Toun, Foto oder Film am Kader vun der Ausübung vun der juegdlecher Aktivitéit, respektiv fir wëssenschaftlech Zwecker, ass keng Naturschutzgeneemegung néideg.

1.3.9. Nisthëllefen fir Vullen a Flantermais

Kënschtlech Näschter fir Vullen a Flantermais grad esou wéi Sëtzstaange fir Gräifvulle brauche keng Naturschutzgeneemegung.

1.3.10. Hëtzschutzkonstruktiounen

Ënnerstänn déi opgeriicht gi fir d’Déieren op der Weed a Periode vu Canicule ze schütze brauche keng Naturschutzgeneemegung. Ass awer ugeduecht fir se iwwert méi ee laangen Zäitraum stoen ze loossen, muss trotzdeem am Virfeld eng Naturschutzgeneemegung virleien. 

1.3.11. Fudderkrëppen

Galvaniséierte Metall vu manner ewéi 4m2 keng Naturschutzgeneemegung.

1.4. Firwat brauche verschidden Elementer just da keng Geneemegung wann se ausserhalb vun Naturschutzgebitter stinn?

Naturschutzgebitter, egal ob national oder europäesch, si vum Staat ausgewise ginn, fir bestëmmten Aarte vu Planzen an Déieren an/oder Biotopen an Habitater ze schützen, also Liewensraim déi besonnesch rar a beesonneg wichteg si fir eng grouss Villfalt un Déieren an/oder Planzen, oder och nach ganz wichteg fir d’Wanderunge vun deenen Déiere sinn. Aus deem Grond muss hei extra gutt opgepasst ginn.

D’Geneemegungsprozedur déngt dozou, sécher ze stellen dat déi nei Konstruktioune keen negativen Impakt op dës hunn.

©adobe stock

Kapitel 2: Aarbechten u bestoende Gebaier

Dëst Kapitel beschäftegt sech mat Froe ronderëm den Artikel 7 vum Naturschutzgesetz, dat heescht ëm d’Ännerungen, déi u legal bestoende Gebaier dierfe gemaach ginn, déi eng mat, déi aner ouni Geneemegung.

2.1. Wéini ass ee Gebai “légalement existant”?

Eng Konstruktioun ass « légalement existant » wann :

  • se virun August 1965 opgeriicht ginn ass säithier net verännert oder mat den néidege Geneemegunge verännert gouf;
  • se nom August 1965 legal opgeriicht ginn ass an all all eventuell spéider Verännerungen nom Naturschutzgesetz geneemegt goufen
  • d’Illegalitéit vun der Konstruktioun net bannend 5 Joer no hirer Fäerdegstellung festgestalt gouf. Dës Period ass fortlafend. Hei zwee Rechebeispiller fir dee Prinzip ze illustréieren:
  • Eng illegal Konstruktioun déi virum 12. September 2018 fäerdeg gestallt war an där hir Illegalitéit vun der Konstruktioun net bannent 5 Joer no hirer Fäerdegstellung festgestallt gëtt ab dem 12. September 2023 als „légalement existant“ ugesinn
  • Eng illegal Konstruktioun déi den 1. Januar 2020 fäerdeggestallt ginn ass zum Beispill, géif, falls hier Illegalitéit net virdru festgestallt gouf, ab dem 1 Januar 2025 als „légalement existant“ ugesi ginn.

Mat dëser pragmatescher Approche kënnen elo d’Leit, deenen dat virdrun legal net méiglech wär, hier Konstruktioun no den Reegelen vum Artikel 7 adaptéieren, z.B. fir energeetesch ze sanéieren. Fir all d’Aarbechten déi den externen Aspekt änneren, also d’Baussemaueren oder den Daach touchéieren, brauch een awer ëmmer nach eng Naturschutzgeneemegung am Virfeld vun den Aarbechten.

2.2. Wéi eng Aarbechten dierfen OUNI Naturschutzgeneemegung u bestoende Gebaier gemaach ginn?

Zil vum Naturschutzgesetz ass de Schutz vun der Natur. Well Renovatiounsaarbechte bannen an engem Gebai prinzipiell keen Impakt op dës hunn, ass fir dës och keng Naturschutzgeneemegung néideg. Hei drënner falen:

2.2.1. Renovatioun bannen am Gebai

Einfach Renovatioune bannen an engem Gebai, wéi zum Beispill eng nei Kichen oder Buedzëmmer abauen, nei Plättercher leeën oder och einfach tapezéiere brauche keng Naturschutzgeneemegung.

2.2.2. Entkernen

Och méi substantiell Aarbechten, ewéi d’Erausrappen an Neimaache vu Bannemaueren, och vun droende Strukture wéi Dallen an droend Maueren, brauche keng Naturschutzgeneemegung. Wichteg ass awer sécherzestellen, datt bei esou Aarbechten déi baussecht Maueren erhale bleiwen.

Opgepasst: Ab deem Ament, wou eng Ännerung un der baussechter Fassade oder um Daach gemaach gëtt, muss am Virfeld eng Naturschutzgeneemegung ugefrot ginn (cf. 2.3)

2.3. Wéi eng Aarbechten dierfe MAT Naturschutzgeneemegung u bestoende Gebaier gemaach ginn?

Och wann keng Naturschutzgeneemegung méi gebraucht ass fir Aarbechten am Haus, ass awer och weiderhin nach eng Naturschutzgeneemegung néideg fir all  d’Bauaarbechten déi baussen um oder ronderëm d’Haus ufalen.  

Dëse Prinzip gëllt esouwuel fir Wunnhaiser ewéi och fir all aner Konstruktioun an der Gréngzon.

Viraussetzung, datt all déi hei genannten Aarbechte kenne geneemegt ginn, ass natierlech dat se “légalement existant” sinn.

Folgend Aarbechten dierfe gemaach ginn, wann se am Virfeld geneemegt sinn:

2.3.1. Changement d’affectation

E sougenannte Changement d’affectation, also d’Ëmnotze vun engem Gebai dierf just gemaach ginn, wann seng nei Notzung konform zum Art.6 vum Naturschutzgesetz ass oder wann d’Gebai ënnert Denkmalschutz steet an den Accord fir d’Ëmnotze vum INPA (Institut national pour le patrimoine architectural) an eng Naturschutzgeneemegung virleien.

Fir ze verdäitlechen hei e puer Beispiller:

  • Een Haus soll an d’Rei gemaach ginn. De Proprietär wëll do wou elo d’Kiche war d’Stuff maachen. Dat gëtt ugesinn als Reorganisatioun, ass awer kee Changement d’affectatioun am Sënn vum Naturschutzgesetz well béides als Wunnraum genotzt gëtt, an domat Wunnraum Wunnraum bleift. Dofir dierfen dës Aarbechte gemaach ginn, ouni datt eng Naturschutzgeneemegung muss ugefrot ginn (cf. 2.2.)
  • An der Gewan steet een ale Stall. Dëse soll lo zu Wunnraum fir Leit, déi net als haaptberuffleche Bauer schaffen, ëmgenotzt ginn. Dëst kann net geneemegt ginn, wëll Wunnraum net ënnert den Artikel 6 vum Naturschutzgesetz fält (et ass keng Landwirtschaft, keng Forstwirtschaft an erfëllt och soss kee Krittär aus dem Artikel 6).
  • An der Gewan steet eng al Scheier. Si ass an der Zäit fir landwirtschaftlech Zwecker opgeriicht ginn. Een haaptberuffleche Gäertner huet dës kaf a wëll se ëmnotze fir hei säi Material ënnerzestelle wat hien a senger Pépinière brauch. Dëst ass eng Aktivitéit, déi konform ass zum Naturschutzgesetz, an dofir dierf dës Scheier mat enger Naturschutzgeneemegung ëmgenotzt ginn.
  • Een aalt Haus mat Scheier soll ëmgebaut ginn. Dat Ganzt ass denkmalgeschützt an de Proprietär wëll aus der Scheier eng zweet Wunneng a Ställ fir seng Päerd maachen. Den Accord vum INPA fir de Projet läit fir, dofir kann och dëst Gebai mat Naturschutzgeneemegung ëmgenotzt ginn.
2.3.2. Sécurisatiounsaarbechten

Sécuristatiounsaarbechten u Gebaier, also Aarbechten déi zum Zil hunn d’Gebai virum Afalen ze retten oder Passante viru Gefor ze schützen, dierfe mat Naturschutzgeneemegung gemaach ginn.

Dat selwecht gëllt fir Stabilisatioun vun Talus’en wann een direkte Risiko fir Gebaier besteet, egal op dës legal an der Gréngzon oder an enger bebaubarer Zone vum PAG leien.

Am Fall vun enger Urgence ass ugeroden dee lokale Fierschter direkt ze kontaktéieren.

2.3.3. Nei Fassad, Fënsteren an Dieren

Den Aspect extérieur vun engem Wunnhaus dierf mat Naturschutzgeneemegung verännert ginn. Eenzeg Konditioun ass, dat dës Ännerunge keen negativen Impact op d’Schutzziler vum Naturschutzgesetz hunn.

Am Kloertext heescht dat, datt:

  • Fënsteren an Dieren dierfen ersat, vergréissert a souguer deplacéiert ginn
  • Fassad dierf nei ugestrach ginn
  • Den Daach dierf nei gedeckt ginn a Veluxen dierfen installéiert ginn, sous condition datt folgend zwee Punkte respektéiert sinn:
  • Virun allem Nuets dierf keng Verschlechterung fir d’Déieren duerch d’Liichtpollutioun entstoen
  • Gëtt d’Faarf vun der Fassad, den Dieren oder Fënsteren nei gemaach, dierf dës net an der Landschaft “jäizen”.
2.3.4. Isolatioun vu Fassade an Daach

Wunnhaiser, déi légalement existant sinn, dierfen ëmmer mat Naturschutzgeneemegung energeetesch sanéiert ginn, dat heescht datt esouwuel déi baussecht Maueren ewéi och den Daach dierfe vu Baussen isoléiert ginn. Isolatiounsaarbechte bannen am Haus brauche keng Geneemegung (cf. 2.2).

2.3.5. Héije vum Daach

Vill al Wunnhaiser entspriechen net méi deenen haitegen Norme wat Raumhéichten ugeet. Fir och an der Gréngzon den übleche Confort ze erméiglechen dierfe folgend Ännerungen un de Wunnhaiser gemaach ginn, och wann dat mat sech bréngt datt d’Wunnhaus, a senger Gesamtheet, méi héich gëtt:

  • D’Stäck, déi sech tëscht dem natierlechen Terrain an der Corniche befannen - am Fachjargon “Niveau pleins” genannt -  dierfen op eng Raumhéicht vu maximal 2,70 Meter gehéicht ginn. Ass ee Gebai an den Hiwwel gebaut, a méi wéi d’Hallschecht vum Stack steet aus dem Buedem raus fält och dëse mat ënnert Definitioun vum “Niveau plein” an dierf gehéicht ginn.
  • De Stack ënnert dem Daach, dee Stack also wou d’Dalle nach ënnert der Corniche ass, mee de Wunnraum sech schonns an der Pente vum Daach befënnt - am Fachjargon “Niveau plein sous combles” oder einfach “Comble” - dierf och an der Héicht ausgebaut ginn an zwar esou dat op maximal der Hallschent vun dëser Fläch eng Raumhéicht vun 2,2 Meter erreecht gëtt.

Déi genau Definitiounen vun den Ausdréck “Combles” an “Niveau plein”, esou wéi se och am Gesetz ze fanne sinn, fënnt een an dësem Text:

Règlement grand-ducal du 8 mars 2017 concernant le contenu du plan d’aménagement particulier « quartier existant » et du plan d’aménagement particulier « nouveau quartier »; Annexe II: Terminologie : 220407-loi-rgd-acdu-versions-coordonnes.pdf (gouvernement.lu)

2.3.6. Ofrappen an nei opriichten, wa néideg

Et kënnt ëmmer rëm fir, datt den Zoustand vu Gebaier, och Wunnhaiser esou ass, datt se just nach schwiereg ze renovéieren sinn, respektiv et manner Opwand bedeit fir d’Gebaier ofzerappen an nei opzeriichten, wéi se ze renovéieren.

Dofir dierfe Gebaier ofgerappt an nei opgeriicht gi wann eng vun dësen 2 Konditiounen erfëllt ass. Wann :

  • op mannst nach d’Hallschent oder méi vun de Maueren bis un d’ Corniche vum Gebai intakt ass,
  • de Proprietär noweisen kann, datt d’Gebai duerch ee sougenannte “Cas fortuit” zerstéiert ginn ass. Heimat sinn Naturgewalte wéi Iwwerschwemmungen, Tornadoen oder aner schlëmm Onwieder, mee awer och zum Beispill ee Feier, wat net selwer verschëlt ass, gemengt. Wichteg ass ze wëssen, datt an deem Fall, d’Gebai rëm muss d’selwecht opgeriicht ginn, wéi et virdru war, mat Ausnam vun den erlaabten Upassungen déi hei ënnert de Punkten 2.3.3., 2.3.4. an 2.3.5. opgelëscht sinn.

Opgepasst: Eng Vergréisserung vun der Grondfläch (Fr: Emprise au sol) ass nëmme méiglech wann d’Gebai ënnert Krittäre vum Art. 6  vum Naturschutzgesetz fält. An deem Fall gëllt et als nei Konstruktioun an déi uewe genannte Krittäre spillen net. 

2.4. Ginn et Aarbechten, déi weiderhi verbuede sinn?

s och weiderhin eng net bebaubar Zon.
Folgend Aarbechte sinn och weiderhin an der Gréngzon net erlaabt:

Vergréissere vun der Grondfläch vum Gebai.

Vereinfacht erkläert: d’Fläch, déi d’Gebai um Buedem anhëlt, déi sougenannte Grondfläch, dierf net vergréissert ginn. Dee franséische Fachbegrëff, ass “emprise au sol”. Dat selwecht gëllt fir d’Bruttofläch vun deenen eenzelne Stäck.
Am Kloertext heescht dat, dat d’Raumhéichte wuel dierfe vergréissert ginn, d’Fläch déi déi eenzel Stäck anhuelen, respektiv och déi versigelt Fläch ronderëm d’Haus awer net. Nei Ubaute sinn net geneemegbar.
Ausnam: D’Erweiderung vun den Konstruktiounen, déi no Artikel 6 zougeloss sinn, si geneemegbar.

Erhéije vum Gebai ëm ee komplette Stack

Erhéije vun engem Gebai ëm ee komplette Stack ass net geneemegbar. Erlaabt ass awer d’Raumhéichte vu bestoende Stäck unzepassen (cf. Punkt 2.3.5.)

Aarbechten u Gebaier, déi net “légalement existant” sinn.

Ass ee Gebai illegal (cf. 2.1), kënnen och keng Aarbechten, egal op Renovatioun oder Ausbau, un dësem geneemegt ginn.

Komplett nei Konstruktiounen an Amenagementer

Komplett nei Konstruktiounen an Amenagementer kënnen nëmme geneemegt gi wann se  konform zum Artikel 6 vum Naturschutzgesetz sinn.

D’Ëmnotze vu Scheieren an anerer Konstruktiounen zu Wunnraum

D’Ëmnotze vu Scheieren a Wunnraum ass generell net méiglech. D’Ausnamen zu dëser genereller Reegel sinn am Punkt 2.3.1. opgelëscht.

©adobe stock

Kapitel 3: Ewechmaache vu Bësch

Dëst Kapitel beschäftegt sech mam Artikel 13 vum Naturschutzgesetz, dat heescht et liwwert Erklärungen a wéi enge Fäll ee Bësch dierf ewechgemaach, also permanent zerstéiert ginn a wéi eng Konditioune mussen erfëllt si fir datt eng Geneemegung kann ausgestallt ginn. 

3.1. Wéini dierf een ee Bësch ëmnotzen?

Bësch dierf nëmmen ëmgenotzt, also ofgeholzt an duerch eng aner Notzung ersat ginn, mat Naturschutzgeneemegung an dat an dëse 4 Fäll :

  • Utilité publique, also zum Beispill dem Bau vun enger neier Nationalstrooss
  • Ëmnotzung fir gewëss Naturschutzmoossnamen
  • Reklassement vun der Fläch als bebaubaren Terrain am Kader vun engem PAG
  • Restrukturatioun fir landwirtschaftlech Zwecker, wëll heesche wann et néideg ass, de Bësch ëmzeleeë fir eng besser Bewirtschaftung ze erméiglechen. Dëst gëllt an der Reegel fir kleng Deelstécker an ass zum Beispill de Fall fir e sécheren Accès mat de Maschinnen an ee Stéck ze garantéieren.

Et sief drop opmierksam gemaach, datt generell zousätzlech den Artikel 17 vum Biotop- an Habitatschutz matspillt. Mat Ausnam vum Fall vun der Utilité publique, dierf deemno nëmmen Nolebësch permanent zerstéiert ginn an ëmgenotzt ginn.

3.2. Wat genau sinn Naturschutzmoossnahmen fir déi de Bësch dierf zerstéiert ginn?

Bëschfläch dierf nëmme fir Naturschutzmoossnamen zerstéiert ginn, wann dës Fläch a Moossnam präzis veruert, also op engem Plang präzis agedroen oder mat enger Kadasternummer versinn am Kader vu folgende Pläng mat virgesinn ass

  • Plan d’action “Habitat” dee laut dem nationalen Naturschutzplang (PNPN3 - Plan national concernant la protection de la nature) erstallt gouf
  • Pan d’action “Espèce” laut PNPN3
  • Plan de gestion vun engem europäeschen oder nationalen Naturschutzgebitt, arrêtéiert no den Artikele 35 resp. 43 vum Naturschutzgesetz fir d’Natura 2000 Zonen an déi national Naturschutzzonen (zones de protection d’intérêt national).
3.3. Muss de Bësch kompenséiert ginn?

Ëmmer, wa Bësch fortkënnt, muss dësen och ersat ginn. De Wäert vun dësem Bësch gëtt an Ökopunkte bilanzéiert. Dëst geschitt duerch een Ökobilan dee vun enger agreéierter Persoun erstallt muss ginn. Am Fall, wou et sech ëm eng kleng Fläch vun engem private Proprietär handelt, kann dësen Ökobilan och gratis vun der Naturverwaltung erstallt ginn. Déi néideg Kompensatioun, déi iwwert dëse Wee ermëttelt ginn ass, kann dann ewéi folgt ëmgesat ginn:

1)      duerch Abezuelen an de Flächepool, wou dann d’Neiuplanzung vun de staatlechen Autoritéiten iwwerholl gëtt,

oder

2)    duerch eegen Neiuplanzung vu Bësch. Dëst ass a folgende Fäll méiglech:

  • et handelt sech em e Stéck Bësch dat muss fortkomme fir Bauten, déi an der Gréngzon am Kader vun der Utilité publique geneemegt ginn
  • wann een ee passende fräien Terrain huet op deen ee ka Lafbësch uplanzen

A béide Fäll gëlle folgend 3 Krittäre fir d’Neiuplanzung :

  • op mannst déi selwecht Fläch, ewéi fortkomm ass, muss nei ugeplanzt ginn
  • de Bësch muss an der selwechter oder an enger besserer Qualitéit nei ugeplanzt ginn
  • de Bësch muss an deem selwechten Secteur écologique (http://g-o.lu/3/Ipf6) nei ugeplanzt ginn.
3.4. Brauch een elo keng Geneemegung méi fir d’Ofholze vun Nolebestand?

Dach, et ass nach ëmmer eng Geneemegung néideg fir d’Ofholzen (coupe rase) vun Nolebestand wann dëse méi wéi 50 ares huet. Allerdéngs fällt dat net méi ënnert d’Naturschutzgesetz, mee ënnert d’Bëschgesetz.

Den néidege Formulaire fir all Geneemegungsufro fir d’Ofholze vun Nolebësch an der Gréngzon fënnt een hei .

©adobe stock

Kapitel 4: Dëtt an Dat

4.1. Wéi muss een sech uleeë fir eng Naturschutzgeneemegung unzefroen?

Iwwert dëse Link fënnt een de Formulaire fir eng Naturschutzgeneemegung unzefroen:

Formulaire de demande d'autorisation Protection de la Nature - Emweltprozeduren - Portail de l'environnement - emwelt.lu - Luxembourg (public.lu)

Op dësem Formulaire fënnt een all néideg Informatiounen, wéi zum Beispill wat muss mat agereecht ginn a wou d’Dokumenter mussen higeschéckt ginn.

Den “Extrait du plan d’aménagement général en vigueur indiquant le classement de la parcelle” fënnt een entweder iwwert de Site vun der Gemeng oder iwwert Geoportail.lu: http://g-o.lu/3/iMBq

Den “Extrait cadastral de la parcelle d'implantation datant de moins de trois mois (1:2500)” kann een um Geoportail.lu: http://g-o.lu/3/D1G6  digital ufroen andeems een e Lénksklick op seng Parzell mecht, op “Commander un Extrait” klickt, an dann de Formulaire online ausfëllt.

Den “Extrait de la carte topographique avec indication du lieu d’implantation du projet (1:20000)” kann een och um Geoportail.lu eroflueden.

4.2. Dierf ee scho mat den Aarbechten ufänken iert d’Naturschutzgeneemegung ausgestallt ass?

D’Aarbechten dierfe eréischt ufänke wann een d’Naturschutzgeneemegung huet. Fänkt ee schonn éischter un, riskéiert een ee Baustopp a strofrechtlech Poursuitten.

Et sief och bemierkt, datt all d’Geneemegungen dierfe parallel ugefrot ginn. Et brauch een also net d’Naturschutzgeneemegung ofzewaarden, iert een d’Geneemegung op der Gemeng oder bei aneren Instanzen ufreet.

4.3. Wat muss ee maache wann een seng Naturschutzgeneemegung kritt huet?

D’Naturschutzgeneemegung muss op der Plaz vun den Aarbechten visibel ausgehaange ginn. Et ass recommandéiert, dat ze dokumentéieren (zum Beispill an deems een eng Foto mécht).

Et ass wichteg, sech seng Geneemegung genee unzekucken an ze iwwerpréiwen ob nach Saachen sinn, déi een muss maachen iert ee lassleet (z.B. dem Fierschter Bescheed ze soen) an de Chantiersoflaf/Projet gegeebenenfalls esou unzepassen, dass en alleguerten d’Konditiounen déi virgeschriwwe goufen, respektéiert (wien sech net un déi Konditiounen hält riskéiert ee Baustopp a strofrechtlech Poursuiten).

Wann een mat der Decisioun net averstanen ass, kann een innerhalb vun 3 Méint en Widdersproch dergéint aleeën duerch en Recours gracieux oder e Recours virum Verwaltungsgeriicht. Dat Recht huet souwuel de Bauhär ewéi aner Leit, déi net mat der Decisioun averstane sinn.

4.4. Wat soll ee maachen, wann ee virum 12. September 2023 e Projet refuséiert krut, deen awer elo geneemegbar ass?

Dat einfachst ass, d’Demande nach eng Kéier eranzereechen. Et ass wichteg, dobäi am An ze hunn, dass et nach aner Ursaachen wéi den „légalement existant“ kéint gi sinn, déi den Projet net geneemegungsfäeg gemaach hunn.

D’Mataarbechter vum Service autorisations vun der Naturverwaltung beroden ee gären, wann een en Doute huet, wéi säi Fall gelagert ass an wat genee ka geneemegt ginn. Et kann een dat awer natierlech och bei deem fir seng Uertschaft zoustännege Fierschter (cf. Punkt 4.7.) nofroen.

4.5. Wéi fënnt een eraus, op ee Gebai an der Gréngzon “légalement existant” ass?

Wann een interesséiert ass, ee Gebai wat an der Gréngzon steet, ze kafen oder ze veränneren, ass et ugeroden sech ze informéieren, ob et “légalement existant” ass. Heizou kann ee beispillsweis Informatioune béi der Gemeng oder bei der Naturverwaltung nofroen oder um Geoportail nokucken. Och de Propietär kann Informatiounen dozou hunn. Et sollt een och ëmmer d’Loftbiller um Geoportail.lu (Orthophoto 2018 oder méi al): http://g-o.lu/3/gCIK kucke fir erauszefannen, ob d’Gebai scho méi ewéi 5 Joer do steet a mam lokale Fierschter (cf. Punkt 4.7.) Récksprooch halen.

Dat selwecht gëllt, wann een elo schonns Proprietär ass, an ee Renovatiouns- oder Bauprojet wëll ugoen.

4.6. Wat mécht een, wann ee mat enger Decisioun net averstanen ass?

Wann ee mat der Decisioun net averstanen ass oder Elementer net klor verständlech sinn, ass recommandéiert an enger éischter Phas d’Gespréich mat den Experten vum Service Autorisations vun der Naturverwaltung ze sichen.

Et huet een ausserdeem ëmmer d’Méiglechkeet bannend 3 Méint en Widdersproch dogéint anzeleeën. Dëst ka  schrëftlech a Form vun enger Email oder engem normale Bréif gemaach ginn, déi een un de Service autorisations vun der Naturverwaltung (cf. Punkt 4.8.)  schéckt a wou een dran erklärt firwat een net mat der Decisioun averstanen ass a freet dass d’Decisioun iwwerduecht gëtt.

4.7. Wéi fënnt een eraus, wéi ee Fierschter fir säi Projet zoustänneg ass?

Et fënnt een de Numm vum lokale Fierschter entweder iwwert de Site vun der Gemeng oder iwwert Geoportail.lu: http://g-o.lu/3/A4X6. De Numm, d’Adress an d’Telefonsnummer fënnt een andeems een e Lénksklick op d’Revéier maacht, dat een interesséiert.

4.8. U wie kann een sech adresséieren, wann een nach weider Froen huet?

Am Fall vu weidere Froen, kann een sech un de lokale Fierschter oder un de Service Autorisations vun der Naturverwaltung adresséieren:

Administration de la nature et des forêts

Service Autorisations

3, rue Neihaischen

L-2633 Senningerberg

service.autorisations@anf.etat.lu

Tél: 24756888

Dernière mise à jour