FAQ - Naturschutzgesetz – liicht erkläert

Infrastrukturen fir déi keng Naturschutzgeneemengung néideg ass

Définitioun

Dëst Kapitel beschäftegt sech mat den Infrastrukturen déi an der Annexe 9 vum Naturschutzgesetz opgelëscht sinn. Déi Annexe féiert all déi Elementer op, déi dierfen opgeriicht ginn, ouni eng Geneemegung unzefroen.

1.   Firwat brauch een iwwerhaapt eng Naturschutzgeneemegung fir an der Gréngzon ze bauen?

D’Naturschutzgesetz huet zum Zil d’Natur ze schützen, zum enge fir se ze erhale fir d’Déieren an d’Planzen déi dra liewen, mee awer allem virop och fir d’Liewensgrondlag vum Mënsch ze garantéieren. Aus deem Grond ass d’Gréngzon eng Plaz, an där d'Stéierung vum Ökosystem Natur, sief et duerch ee Bau oder duerch aner Aarbechten an Aktivitéiten, sou kleng wéi méiglech gehale solle ginn. D’Gréngzon ass dohier par définition am Gesetz eng “zone destinée à rester libre”.

D'Verännerung vum Naturraum fënnt an der Sekonn vum „Spuedestéch“ statt: et ass dofir wichteg, datt d'Aarbechte gutt encadréiert sinn, wat ë.a. Sënn an Zweck vun enger Geneemegung ass. D'Geneemegung erméiglecht d‘Konditiounen esou ze fixéieren, datt den individuellen Impakt vum Bau an aneren Aarbechten op der gewielter Plaz esou kann encadréiert ginn, datt en méiglechst geréng an am Aklang mat den Objektiver vum Naturschutzgesetz ass. Dat ass eppes, wat een net generaliséiere kann, well all Projet anescht ass an all Plaz aner Viraussetzungen an ekologesch Gegebenheeten huet. Genee esou wichteg ass et, Aarbechten, deenen hiren Impakt op enger bestëmmter Plaz ze héich wär, do net zouzeloossen.

Déi Saachen, fir déi eng individuell Betruechtung net néideg ass, si vun der Geneemegungsflicht ausgeholl ginn (cf. Punkt 1.3).

Um Beispill: All Projet fir den Extérieur vun enger Konstruktioun an der Gréngzon ze veränneren oder fir eppes ze sécheren, kann Auswierkungen op d’Schutzziler vun der Gréngzon hunn, sief et duerch d’Presenz vu geschützte Biotopen oder Aarten, duerch den Zäitpunkt zu deem dës Aarbechte stattfannen, duerch staark Liichtpollutioun, asw. Dofir ass et wichteg, am Virfeld ze klären a festzeleeën, wéi dës Aarbechten am Aklang mam Naturschutz kënne gemaach ginn.

2.   Fir wéi eng Konstruktioune brauch een eng Naturschutzgeneemegung?

Prinzipell brauch ee fir all Konstruktioun (cf. Erklärunge Säit. 6) an der Gréngzon, ausser deenen déi ënnert dem Punkt 1.3 opgelëscht a präziséiert sinn, eng Naturschutzgeneemegung.

 

3.   Fir wéi eng Konstruktioune brauch ee KENG Naturschutzgeneemegung?

Fir folgend Konstruktiounen brauch een an der Gréngzon keng Naturschutzgeneemegung.  Präzisiounen an Ofweichunge ginn erkläert.

3.1. Photovoltaik

Fir Photovoltaikanlagen (PV-Anlagen), déi platt op den Diecher vu Gebaier an der Gréngzon installéiert ginn, déi “légalement existant” sinn, ass keng Naturschutzgeneemegung néideg. Dat selwecht gëllt fir technescht Ekipement wat an deem Kader baussen op de Fassade vun dëse Gebaier montéiert gëtt.

Eng Naturschutzgeneemegung ass ënnert anerem weiderhin néideg, wann d’PV-Anlagen um Buedem installéiert ginn, respektiv fir Anlagen déi opgestännert op Diecher sollen installéiert ginn, oder wou d’Fläch vun der Anlag iwwert d’Daachfläch erausgeet, wou se drop kënnt.

3.2. Trafoen fir d’Photovoltaik

Fir Traffosstatiounen, déi am Kader vu PV-Anlagen installéiert ginn, ass keng Naturschutzgeneemegung néideg wann se folgend Krittären erfëllen:

  • Si musse mat engem ontraitéierten, vertikalen hëlze Bardage verkleet sinn
  • Si musse gro Dieren a Flaachdaach hunn
  • Si mussen op oder direkt un enger versigelter Fläch (Wee, Haff...) sinn, déi laut Artikel 6 vum Naturschutzgesetz geneemegt ass
  • D’elektresch Leitungen vun der PV- Anlag an hir Tranchéen bei d’Traffosstation mussen an déi versigelt oder befuerbar Fläch (heizou zielen och Weeër oder Flächen am Concassé) op deem eegene bebaute Sitt geluecht ginn.

Opgepasst: Sollt ee Biotop oder Liewensraum, deen no Artikel 17 geschützt ass, vun dësen Aarbechten betraff sinn, muss trotzdeem am Virfeld eng Naturschutzgeneemegung ugefrot ginn. Am Zweifelsfall kann dee lokale Fierschter hei beroden (cf. Punkt 4.7).

D’Verleeë vun elektresche Leitungen an der Gréngzon brauch, mat Ausnam vu deenen déi hei driwwer erläutert sinn, eng Naturschutzgeneemegung.

3.4 Zénk

Et ginn 3 grouss Kategorië vun Zénk fir déi keng Naturschutzgeneemegung néideg ass:

Zénk Art.6(1) a (7)

Fir Aktivitéiten déi ënnert den Artikel 6(1) a (7) vum Naturschutzgesetz falen dierfe folgend Aarte vun Zénk opgeriicht ginn, ouni datt eng Naturschutzgeneemegung néideg ass:

  • Piqueten am Holz oder Metall
  • Drot mat oder ouni Litzen
  • Maschendrot, wou een Duerchgang vu 15 cm iwwert dem Buedem garantéiert ass, respektiv déi ënnescht Masche vum Drot op mannst 15 cm grouss sinn
  • Hëlzen Zénk mat 2 horizontalen hëlzene Striewen.

Eenzeg Konditioun ass, datt dës Zénk neutral an der Faarf sinn an dierfen net blénkeg sinn.

Zénk zum Schutz vu Liewensmëttelproduktioun

Maschendrot ass erlaabt am Kader vu folgenden Aktivitéiten déi am Kader vum Artikel 6(1) vum Naturschutzgesetz geneemegbar sinn

  • Geméis an Uebstbau
  • Pépinières
  • Kanéngercher- an Héngerzuucht ënnert oppenem Himmel

An deem Fall ginn et weder Restriktiounen zur Héicht, der Distanz zum Buedem nach zur Maschegréisst. Och des Zénk mussen neutral an der Faarf sinn an dierfen net blénkeg sinn.

Zénk ronderëm bebaute Flächen

Zénk ronderëm Parzellen, op deenen eng Konstruktioun (Wunnhaus, Gaardenhaischen, Juegdbud...) steet, brauche keng Naturschutzgeneemegung, ënnert der Konditioun datt se folgend Krittären erfëllen:

  • Een Duerchgang vu 15 cm iwwert dem Buedem muss garantéiert ginn, respektiv déi ënnescht Masche vum Drot mussen op mannst 15 cm grouss sinn
  • D’Vue dierf net blockéiert ginn
  • D’Faarf muss neutral sinn an dierf net blénken
  • D’Héicht ass op  1,50 m vum Buedem aus limitéiert.

3.5. Tunnelzären

Tunnelzären, also Zären a Form vu Folientunnelen déi exklusiv genotzt gi fir de Ubau vun Uebst a Geméis,  brauche keng Naturschutzgeneemenung wann se ausserhalb vun nationalen oder europäeschen Naturschutzgebitter leien. Dëst spillt onofhängeg vun der Gréisst.

3.6. Beiestäck

Beiestäck brauche keng Naturschutzgeneemegung wann se ausserhalb vun nationalen oder europäeschen Naturschutzgebitter stinn. Viraussetzung ass, datt d’Baussewand gréisstendeels aus Naturmaterialien (z.B. Holz) hiergestallt ass, eng neutral Faarf huet an och net blénkeg ass. De Blech, deen dacks zum Schutz uewendrop geluecht gëtt, ass erlaabt. Wichteg ass awer, datt d’Opstännerung net méi ewéi 1,5 Meter iwwert dem natierlechen Niveau vum Buedem ass.

Dës Reegelung spillt onofhängeg vun der Unzuel vun de Beiestäck déi op engem Standuert opgeriicht ginn.

3.7. Leederen, Podiumen a mobil Héichsëtzer

Am Kader vun der Juegd brauch fir d’Opriichten vu folgenden Elementer keng Naturschutzgeneemegung méi virzeleien:

  • Leederen
  • Podiumen wärend der Period vun de Klappjuegten
  • Mobil Hochsitzer, soulaang wéi et der net méi wéi 2 pro Juegdlous sinn.

Fir all aner Konstruktiounen am Kader vun der Juegd, wéi zum Beispill Juegdbuden an fix Héichsëtzer, gëlle weiderhin déi allgemeng bekannte Konditiounen.

3.8. Teschnescht Equipement fir Monitoring

Gëtt klengt elektronescht Material opgehaange oder installéiert fir Toun, Foto oder Film am Kader vun der Ausübung vun der juegdlecher Aktivitéit, respektiv fir wëssenschaftlech Zwecker, ass keng Naturschutzgeneemegung néideg.

3.9. Nisthëllefen fir Vullen a Flantermais

Kënschtlech Näschter fir Vullen a Flantermais grad esou wéi Sëtzstaange fir Gräifvulle brauche keng Naturschutzgeneemegung.

3.10. Hëtzschutzkonstruktiounen

Ënnerstänn déi opgeriicht gi fir d’Déieren op der Weed a Periode vu Canicule ze schütze brauche keng Naturschutzgeneemegung. Ass awer ugeduecht fir se iwwert méi ee laangen Zäitraum stoen ze loossen, muss trotzdeem am Virfeld eng Naturschutzgeneemegung virleien.

3.11. Fudderkrëppen

Op der Weed brauche Fudderkrëppen am galvaniséierte Metall vu manner ewéi 4m2 keng Naturschutzgeneemegung.

4.   Firwat brauche verschidden Elementer just da keng Geneemegung wann se ausserhalb vun Naturschutzgebitter stinn?

Naturschutzgebitter, egal ob national oder europäesch, si vum Staat ausgewise ginn, fir bestëmmten Aarte vu Planzen an Déieren an/oder Biotopen an Habitater ze schützen, also Liewensraim déi besonnesch rar a beesonneg wichteg si fir eng grouss Villfalt un Déieren an/oder Planzen, oder och nach ganz wichteg fir d’Wanderunge vun deenen Déiere sinn. Aus deem Grond muss hei extra gutt opgepasst ginn.

D’Geneemegungsprozedur déngt dozou, sécher ze stellen dat déi nei Konstruktioune keen negativen Impakt op dës hunn.

Manifestatiounen - Manifestations
©Christof Weber

Définition

Eng Manifestatioun ass souwuel eng fräizäitlech wéi och eng sportlech Aktivitéit, déi ganz oder deels a sensibele Gebidder ofgehal gëtt an un deene méi Participanten deelhuelen. Dës Aktivitéit gëtt an der Reegel vu Veräiner organiséiert, kann awer och vun Eenzelpersoune initiéiert an un d’Ëffentlechkeet geriicht si. D’Aktivitéit kann engem Tracé nogoen oder op enger fixer Plaz stattfannen.

1 Wéini brauch ee keng Geneemegung?

Eng Geneemegung ass net néideg fir follgend Aktivitéiten:

  • Aktivitéiten, déi net duerch ee sensibelt Gebitt verlafen oder an engem sensibele Gebitt ofgehal ginn a fir déi keng temporär Konstruktiounen néideg sin ;
  • Aktivitéiten, déi duerch ee sensibelt Gebitt verlafen oder an engem sensibele Gebitt ofgehal ginn wann dës ausserhalb vun der Brutperiod, also vum 1te September bis den 1te Mäerz, stattfannen, wa keng temporär Konstruktiounen néideg sinn a wa Follgendes ausgeschloss ass :
    • Nuetsopenthalt a sensibeler Zon (Bësch, Natura-2000-Gebitt, europäesch geschützten Habitat, Habitat vun enger europäesch geschützter Aart, Biotop) ;
    • Erhéichte Level u Kaméidi duerch bspw. Instrumenter, Verstäerker, Maschinnen, etc. ;
    • Benotze vu Luuchten (mat Ausnam vun Täscheluuchten) ;

Eng Geneemegung ass net méiglech, wann fir d’Aktivitéit een negativen Afloss op sensibel Gebidder ka bestoen.

2 Wéini brauch een eng Geneemegung?

Et ass eng Geneemegung néideg fir all Aktivitéit a sensibele Gebidder, déi net ausschliisslech op ausgewisene Weeër ofgehal gëtt.

2.1 Wat sinn d’Krittären, fir eng Aktivitéit geneemegt ze kréien?

Fir eng Aktivitéit geneemegt ze kréien, muss ee sech u follgende Krittären orientéieren:

  • D’Aktivitéit sollt ausserhalb vun der Brutzäit stattfannen a Follgendes ausschléissen :
    • Nuetsopenthalt an enger sensibeler Zon (Bësch, Natura-2000-Gebitt, europäesch geschützten Habitat, Habitat vun enger europäesch geschützter Aart, Biotop) ;
    • Erhéichte Level u Kaméidi duerch bspw. Instrumenter, Verstäerker, Maschinnen, etc. ;
    • Benotze vu Luuchten (mat Ausnam vun Täscheluuchten) ;
  • Wann d’Aktivitéit an der Brutzäit stattfënnt, sollt se just op ausgewisene Weeër verlafen a just daagsiwwer (tëscht dem Sonnenopgang an dem Sonnenënnergang) stattfannen. ;
  • Wann d’Aktivitéit an der Brutzäit stattfënnt an ,  ausschliisslech op ausgewisene  Weeër, awer net ausschliisslech daagsiwwer, sollt Follgendes ausgeschloss sinn: :
    • Nuetsopenthalt an enger sensibeler Zon (Bësch, Natura-2000-Gebitt, europäesch geschützten Habitat, Habitat vun enger europäesch geschützter Aart, Biotop) ;
    • Erhéichte Level u Kaméidi duerch bspw. Instrumenter, Verstäerker, Maschinnen, etc. ;
    • Benotze vu Luuchten (mat Ausnam vun Täscheluuchten) ;
  • Wann d’Aktivitéit an der Brutzäit stattfënnt an t net ausschliisslech op ausgewisene Weeër daagsiwwer ofgehal gëtt, sollt Follgendes ausgeschloss sinn :
    • Nuetsopenthalt an enger sensibeler Zon (Bësch, Natura-2000-Gebitt, europäesch geschützten Habitat, Habitat vun enger europäesch geschützter Aart, Biotop);
    • Erhéichte Level u Kaméidi duerch bspw. Instrumenter, Verstäerker, Maschinnen, etc. ;
    • Benotze vu Luuchten (mat Ausnam vun Täscheluuchten) ;

Falls ee vun dëse Facteuren net kann ausgeschloss gi, muss d’Aktivitéit ugepasst ginn. Gëtt d’Aktivitéit net ugepasst, ka keng Geneemegung ausgestallt ginn.

Nieft den Dispositioune vum Naturschutzgesetz, gëllt et ënner anerem och follgend Veruerdnungen anzehalen :

  • D’Bëschgesetz vum 23. August 2023 (Loi du 23 août 2023 sur les forêts) ;
  • D’groussherzoglech Veruerdnung iwwert d’Reglementatioun vun der Praxis vum Canotage op de Gewässer (Règlement grand-ducal du 1er juin 2022 relatif à la pratique du canotage sur les cours d’eau) ;
  • D’groussherzoglech Veruerdnung iwwert d’Reglementatioun vun der Klammpraxis an der fräier Natur (Règlement grand-ducal du 5 avril 2016 réglant la pratique de l’escalade en milieu Nature) ;
  • Déi individuell Veruerdnungen zu de Naturschutzgebidder vun nationalem Interessi (Zones protection d’interêt national) ;

3 Wéi eng Gebidder sinn als sensibel ze gesinn?

Ënner sensibele Gebidder si Gebidder ze verstoen, déi vun héijer ökologescher Valeur sinn. Dës Valeur kann sech duerch eng héich an divers Präsenz vu besonnesch geschützten Aarten oder duerch een untreffe vun ënnerschiddleche Liewensraumtype weisen. Oft ginn dës Valeuren Hand an Hand : do wou villfälteg an ausgepräägte Liewensraumtypen openeen treffen, kann eng héich Biodiversitéit festgestallt ginn, an do wou eng héich Biodiversitéit festgestallt gëtt, sinn oft ënnerschiddlech oder gutt ausgepräägte Liewensraumtypen unzetreffen.

Als sensibel Gebidder si follgend Räim ze gesinn :

  • De Bësch ;
  • International Schutzzonen (Natura-2000-Gebidder) ;
  • Schutzzone vun nationalem Interessi (Zones Protégées d’Intérêt National) ;
  • Europäesch geschützten Habitater ;
  • Habitater vun europäesch geschützten Aarten ;
  • Fléissgewässer.

4 Firwat kann ee sensibelt Gebitt duerch eng Aktivitéit negativ beaflosst gi?

Eng Aktivitéit déi an engem sensibele Gebitt stattfënnt, kann dëst op ënnerschiddlech Manéieren negativ beaflossen. Hei déi wichtegst Ursaachen:

1.      Stéierung an/oder Zerstéierung vun Déieren a Planzen : Eng erhéichte mënschlech Präsenz a sensibele Gebidder kann een direkten an/oder indirekten Afloss op d’Déieren- an d’Planzewelt hunn. Kaméidi, den Asaz vu Beliichtung oder de Vertrëtt kënnen een immense Schued hannerloossen, och wann dëse net ëmmer siichtbar ass. Virun allem an der Zäit, an där d’Déieren sech op hiren Nowuess preparéieren oder sech schonns ëm dëse këmmeren, kann dëst zu zousätzlechem Stress féieren. Als indirekt Folleg kann sech eng Fragmentéierung vum Habitat, d’Opgi vun der Opzuuchtsplaz oder d’Flucht aus dem Habitat ergi. An der Konsequenz kann dëst de Verloscht vum Liewensraum bedeiten. Planze ginn oft futti getrëppelt oder erausgerappt, wat bis zum Verloscht an der Verschlechterung vum Liewensraumtyp féiere kann.

2.      Verschmotzung : Och wann dëst Verbueden ass, kënnt et ëmmer nees vir, datt Offall, dorënner chemesch Produiten, Tuten, Fläschen an aner Saachen einfach an der Natur zeréck gelooss gëtt. Dëse kann zu enger Verschmotzung vu Liewensräim, Gewässer an dem Buedem féieren, oder den Dout vu wëllen Déiere verursaachen.

3.      Fragmentéierung vu Liewensräim : D’Natur bitt, nieft hirer wichteger Funktioun als Liwwerant vu liewensnoutwennege Ressourcen an hiren Ekosytemdéngschtleeschtungen, och wichteg Noerhuelungsméiglechkeeten. Ëmmer méi Mënsche wëllen dës Déngschtleeschtung an Usproch huelen. Fir de perfekte Spot, eng Foto ouni Mënschen oder ee Moment eleng an der Natur ginn a ville Fäll déi ausgewise Weeër verlooss an onberéiert Ecken gesicht. Dëst ass net nëmmen extreme Stress fir d’Déieren, déi hei gär eng Réckzogsplaz fannen, mee kann och zu enger Fragmentéieren an Zerstéierung vu Liewensräim féieren.

4.      Aféierung vun invasiven Aarten : Mat der Beweegung vu Leit an hirer Ausrüstung kënnen net-eenheemesch Planzen- oder Déierenaarten an d’Gebitt bruecht ginn, déi sech hei verbreeden an déi lokal Ökosystemer aus dem Gläichgewiicht brénge kënnen.

5.      Brandgefor : Grillen, Fëmmen oder aner Aktivitéiten, déi den Asaz vu Feier erfuerderen, kënnen de Risiko vu Bränn däitlech erhéijen. Besonnesch wärend de waarme Summerméint kann dëst an dréchene Gebidder eng grouss Gefor duerstellen.

5 Wat ass een « ausgewisene  » Wee?

Als ausgewisene  gëlle follgend Weeër :

1.      Ausgewise Wander-, Vëlos- a Mountainbikesweeër ;

2.      ëffentlech versigelt Weeër, spréch Weeër déi am Macadam, Asphalt oder Bëton sinn;

Déi ausgewisen Wander-, Vëlos- a Mountainbikesweeër sinn all um Geoportail an der Rubrik “Tourismus” ze fannen :

https://map.geoportail.lu/theme/tourisme?lang=lb&version=3&X=659549&Y=6371192&zoom=8&rotation=0&features=&layers=&opacities=&time=&bgLayer=basemap_2015_global&serial=

6 Zesummefaassung

An der follgender Tabell ass een Iwwerbléck ze fannen, wéini eng oder keng Geneemegung fir Aktivitéiten néideg ass.

Aktivitéit a sensibelem Gebitt (Punkt 3): Aktivitéit fënnt an der Brutzäit (1. Mäerz bis 1. September) statt: Aktivitéit verleeft ausschliisslech op ausgewisene Weeër (Punkt 5): Aktivitéit fënnt Daagsiwwer statt: Aktivitéit huet ee méiglechen signifikativen Impakt:  
Nee Nee Jo / Nee Keng Geneemegung néideg
Jo Nee Jo / Nee Keng Geneemegung néideg
Jo Nee Nee / Nee Geneemegung néideg
Jo Jo Jo Jo / Geneemegung néideg
Jo Jo Jo Nee Nee Geneemegung néideg
Aarbechten u bestoende Gebaier an der Gréngzone
Rope access. A climber works on the roof of a house in the city. A construction worker works with a rope on the roof of a high-rise building in a metropolis.

1         Definitioun

Déi genau Definitioune vun deene verschiddene Begrëffer, esou wéi se och am Naturschutzgesetz ze fanne sinn, fënnt een a follgenden Dokumenter:

Opgepasst!: D’Texter hei driwwer kënnen Ännerungen ënnerleien. Et gëtt geroden ëmmer opzepassen, dass een déi lescht Version coordonnée consultéiert.

Follgend Begrëffer ginn hei am Kontext vum Artikel 7 vum Naturschutzgesetz erkläert:

1.1        Corniche (lëtz. Gesims)

D’Gesims ass déi horizontal Linn tëscht Fassad an Daach.

1.2        Construction qui fait l’objet d’un classement comme patrimoine culturel national:

All Konstruktiounen, déi ënner dem Schutz vum nationale kulturelle Patrimoine stinn, si vun der staatlecher Institutioun INPA (Institut national pour le patrimoine architectural) klasséiert a stinn op der offizieller Lëscht vun hirem Site.

Konstruktiounen, déi duerch de kommunalen Denkmalschutz am Kader vum jeeweilegen allgemenge Bebauungsplang (PAG) vun der Gemeng geschützt sinn, zielen net dozou.

1.3        Faîte (lëtz. Fiischt)

D’Fiischt ass den héchste Punkt vun engem Gebai, dat heescht déi iewescht waagerecht Kant vum geneigten Dach. Bei engem Flaachdaach existéiert keng Fiicht, mee hei ass den héchste Punkt d’Corniche. 

1.4        Konstruktioun

All Installatiounen, Gebaier, Wierker an Ariichtungen, déi aus méi Materialie bestinn, déi kënschtlech zesummegesat sinn an dauerhaft um oder ënner dem Buedem agebaut sinn.

Ënner Konstruktioun fale souwuel Wunnhaiser wei och all aner besteeënd Bauten an der Gréngzon wéi z.B. Weeër, landwirtschaftlech Konstruktiounen, Leitungen a Stroossen.

D‘Annex 9 vum Naturschutzgesetz lëscht all Strukturen op, déi net ënnert de Begrëff vu Konstruktioune falen.

1.5        Surface d’emprise au sol (lëtz. Grondfläch)

D’Grondfläch (m2) bezeechent d’Fläch vun engem Gebai oder enger Konstruktioun (rout markéierte Beräich), déi am direkte Kontakt mam Buedem steet. Net mat aberechent ginn ënner anerem:

  • Garagerampen
  • Zougangsweeër
  • Net iwwerdaachten Terrassen
  • Carport
  • Loggia
  • Balconen
  • Trapepodester (fr. perron)
  • Dierschwellen (fr. seuil)
  • Iwwerdaach/Virdaach (fr. auvents)

1.6        Légalement existant

Ennert “légalement existant” versteet een eng Konstruktioun, déi legal an der Gréngzon steet, doranner falen all Konstruktiounen, déi:

  • Virum August 1965 opgeriicht a säithier net verännert oder mat den néidege Geneemegunge verännert gi sinn ;
  • Mat den néidegen Naturschutzgeenemegungen opgebaut gi sinn an all eventuell spéider Verännerungen nom Naturschutzgesetz geneemegt goufen .

Wann d’Illegalitéit net bannent fënnef Joer no hirer Fäerdegstellung festgestallt gouf, gëllt d’Konstruktioun als „assimilé“ zu legale Konstruktiounen. Dës Period ass fortlafend. Hei zwee Beispiller fir dee Prinzip ze illustréieren:

  • Eng illegal Konstruktioun déi virum 12. September 2018 fäerdeg gestallt war an där hir Illegalitéit vun der Konstruktioun net bannent 5 Joer no hirer Fäerdegstellung festgestallt gouf, gett ab dem 12. September 2023 als „légalement existant“ ugesinn.
  • Eng illegal Konstruktioun déi den 1. Januar 2021 fäerdeggestallt ginn ass, géif, falls hier Illegalitéit net virdru festgestallt gouf,  ab dem 1. Januar 2026 als „légalement existant“ ugesinn ginn.

1.7        Loggia

Eng Loggia ass en iwwerdaachten, no baussen oppene Raum, deen an d’Gebai integréiert ass. Eng Loggia ass net ewéi e Balcon baussen ugebaut mee zeréckversat an d’Fassad oder läit ënner dem Daachvirsprong.

1.8        Lucarne

Eng Käik oder Gaub ass eng vertikal Fënster, déi op der Schréi vun engem Daach erausstécht, fir de Späicher ze beliichten an ze lëften oder fir Zougang dozou ze kréien.

1.9        Niveau plein (lëtz. Vollgeschoss)

Ënnert engem Vollgeschoss versteet een e Geschoss, dat tëscht dem Niveau vum natierleche Buedem an dem Gesims läit.

Wann e Geschoss deelweis ënnert dem Niveau vum natierleche Buedem läit, muss op d’mannst d’Hallschent vu sengem Volumen iwwer dem Niveau vum natierleche Buedem leien fir als Vollgeschoss ze gëllen.

1.10        Niveau sous comble/ Comble (lëtz. Daachgeschoss)

Enner dem Daachgeschoss versteet een de Stack ënnert dem Daach, dee Stack also wou d’Dall nach ënnert der Corniche ass, mee de Wunnraum sech scho ganz oder zum Deel an der Pente vum Daach befënnt.

2         Wéini brauch ee keng Geneemegung?

Prinzipiell falen just Aarbechten u Gebaier an der Gréngzon ënnert d’Naturschutzgesetz. Aarbechten u Gebäier am Bauperimeter brauche keng Naturschutzgeneemegung no Artikel 7 vun dësem Gesetz.

Mee och an der Gréngzon brauch een net fir all Aarbecht eng Geneemegung. Et brauch ee keng Naturschutzgeneemegung wann d’Ännerung vun enger legaler Konstruktioun net ënner Zenarie vum Punkt 3 falen.

Well beispillsweis einfach Renovatiounsaarbechte bannen an engem Gebai prinzipiell keen Impakt op dat äussert Erscheinungsbildhunn, ass fir dës och keng Naturschutzgeneemegung néideg. Hei drënner falen:

  • Renovatioun bannen am Gebai: Einfach Renovatioune bannen an engem Gebai, wéi zum Beispill eng nei Kichen oder Buedzëmmer abauen, nei Plättercher leeën oder och einfach tapezéiere brauche keng Naturschutzgeneemegung ;
  • Entkernen: Och méi substantiell Aarbechten, ewéi d’Erausrappen an Neimaache vu Bannemaueren, och vun droende Strukture wéi Dallen an droend Maueren, brauche keng Naturschutzgeneemegung. Wichteg ass awer sécherzestellen, datt bei esou Aarbechten déi baussecht Maueren erhale bleiwen ;
  • Nei Fassade/neien Daach/nei Fënsteren/Dieren: Kritt e Gebäi eng nei Fassade an der selwechter Faarw, een neien Daach an deem selwechte Material a Faarw oder nei Fënsteren oder Dieren an der selwechter Faarw ass keng Naturschutzgeneemegung néideg ;
  • Installatioun vu Photovoltaik: Gëtt eng Photovoltaiksanlag flaach, also ouni speziel Opstännerung, op engem Daach installéiert ass keng Naturschutzgeneemegung néideg ;

Opgepasst!:

Ab deem Ament, wou eng Ännerung un der baussechter Fassade/um Daach gemaach gëtt oder d‘Notzung vum Gebai ännert, muss am Virfeld eng Naturschutzgeneemegung ugefrot ginn.

Et ass recommandéiert dem zoustännege Fierschter virum Ufank vun den Aarbechte Bescheed ze soen, fir dass dësen um Courant ass.

3         Wei eng Aarbechten dierfe mat Geneemegung u bestoend Konstruktioune gemaach gin?

Ginn d’Bauaarbechten iwwert déi wéi am Kapitel 2 beschriwwen eraus, muss eng Naturschutzgeneemegung ugefrot ginn.

Viraussetzung, datt all déi hei genannten Aarbechte kënne geneemegt ginn, ass dat d’Konstruktioun legal do steet (“légalement existant”; c.f. Punkt Definitiounen 1.1). Steet e Gebai illegal do, kënnen och keng Aarbechten un dësem geneemegt ginn.

Follgend Aarbechten dierfe gemaach ginn, wann se am Virfeld geneemegt sinn:

3.1        Changement d’affectation

3.1.1        Ëmnotzung vu Konstruktiounen no Artikel 6

Konform Notzungen an der Gréngzon ginn am Artikel 6 vum Naturschutzgesetz opgelëscht éwei virun allem:

  • Aktivitéiten, déi haaptberufflech a follgenden Beräicher ausgeübt ginn: Landwirtschaft, Geméisbau, Gaarde-/Uebstbau a Wäibau
  • Aktivitéiten, déi a follgenden Beräicher ausgeübt ginn: Forstwirtschaft, Imkerei, Juegd, a Fëschzucht
  • Aktivitéiten, déi enger naturnoer Bewirtschaftung vun engem Terrain entspriechen

E sougenannte Changement d’affectation, also d’Ëmnotze vun engem Gebai dierf deemno just gemaach ginn, wann seng nei Notzung konform zum Artikel 6 vum Naturschutzgesetz ass. Déi geneemegt Notzung vu legalen existente Bauten an der Gréngzon dierf weidergefouert ginn (z.B. Wunnen a rénge Wunngebaier). Déi legal Notzung entsprécht ëmmer der lescht geneemegter Notzung, deemno verjäert eng illegal Notzung vun enger Konstruktioun net.

Wann elo also z.B.:

  • Een Haus soll an d’Rei gemaach ginn: De Proprietär wëll do wou elo d’Kiche war d’Stuff maachen. Dat gëtt ugesinn als Reorganisatioun, ass awer kee Changement d’affectatioun am Sënn vum Naturschutzgesetz well béides als Wunnraum genotzt gëtt, an domat Wunnraum Wunnraum bleift. Dofir dierfen dës Aarbechte gemaach ginn, ouni datt eng Naturschutzgeneemegung muss ugefrot ginn 
  • An der Gewan steet een ale Stall: Dëse soll lo zu Wunnraum fir Leit, déi net als haaptberuffleche Bauer schaffen, ëmgenotzt ginn. Dëst kann net geneemegt ginn, wëll Wunnraum net ënnert den Artikel 6 vum Naturschutzgesetz fält (et ass keng Landwirtschaft, keng Forstwirtschaft an erfëllt och soss kee Krittär aus dem Artikel 6).
  • An der Gewan steet eng al Scheier: Si ass an der Zäit fir landwirtschaftlech Zwecker opgeriicht ginn. Een haaptberuffleche Gäertner huet dës kaf a wëll se ëmnotze fir hei säi Material ënnerzestellen wat hien a senger Pépinière brauch. Dëst ass eng Aktivitéit, déi konform ass zum Naturschutzgesetz, an dofir dierf dës Scheier mat enger Naturschutzgeneemegung ëmgenotzt ginn.

3.1.2         Ëmnotzung vun denkmalgeschützte Gebaier

Ausnam zu der allgemenger Reegel aus dem  sinn denkmalgeschützte Gebaier. Mat Accord vum Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) a mat Naturschutzgeneemegung, kann hei eng Emnotzung stattfannen.

Ob e Gebai ënnert nationalem Denkmalschutz steet, kann op dëse Plazen nogekuckt ginn:

  • Am kommunalen Bebauungsplang (PAG):
    Am PAG sinn national geschützte Gebaier mat enger mof-gestréchelter Linn a mat engem mofe Stär an der Mëtt markéiert.
    PAG kënnen um Géoportail, op der Internetsäit vun der Gemeng oder a Papeierform bei der Gemeng consultéiert ginn.
  • Op der Lëscht vun geschützten Bauten a Objete vun der INPA: https://inpa.public.lu/dam-assets/fr/publications/liste-immeubles-objets-proteges.pdf

D’Lëscht ass no Gemengen opgedeelt. An der Lëscht ass eng Beschreiwung vum geschützte Bau/Objet, de Parzellen an dem Arrêté, woumat de Schutzstatus accordéiert ginn ass.

Opgepasst!: Et handelt sech heibäi nëmmen ëm de nationalen Denkmalschutz!  E kommunalen Denkmalschutz geet net duer fir dierfen eng Notzungsännerung duerchzeféieren. Kommunal geschützte Gebaier erkennt een am PAG vun der Gemeng unhand follgender Symbolik:

3.2        Sécurisatiounsaarbechten

Sécuristatiounsaarbechten u Konstruktiounen, déi „légalement existant“ sinn, also Aarbechten, déi zum Zil hunn eng besteeënd Konstruktioun virum Afalen ze schützen oder Passante viru Gefor ze schützen, dierfe mat Naturschutzgeneemegung gemaach ginn.

Et kënnen och Sécuristatiounsaarbechten um Terrain ugefrot an autoriséiert ginn (z. B. Stëtzmaueren). D’Noutwendegkeet vu sou Aarbechten oder Konstruktioune muss vum Proprietär nogewisen ginn. Zum Beispill kéint d‘Ufro Fotoen oder eng statesch Expertise enthalen, déi d’Instabilitéit vum Terrain dokumentéiert, an Sécuristatiounsaarbechten recommandéiert.

Am Fall vun enger Urgence ass ugeroden dee lokale Fierschter direkt ze kontaktéieren.

3.3.         Aussenaspekt: Nei Fassad, Fënsteren an Dieren

Dat baussenzeg Erscheinungsbild vun enger legaler Konstruktioun dierf mat Naturschutzgeneemegung verännert ginn. Hei mat ass alles gemengt, wat ee vu bausse ka gesi:

  • d’Fassade,
  • d’Fënsteren,
  • d’Dieren an
  • den Dach
  • ....

Eng Ännerung vum äusseren Erscheinungsbild bezitt sech esou wuel op d’Gréisst, de Volume, d’Form, d’Textur, d’Material ewéi och op d’Faarf vun de verschiddenen Elementer.

Eenzeg Konditioun ass, dat dës Ännerunge keen negativen Impakt op d’Objektiver vum Naturschutzgesetz (Artikel 1) hunn. Deemno däerfen d’Ännerungen d’Natur an d‘Landschaft net negativ beaflossen. D‘Planzen an Déieren, hir Liewensräim an eis natierlech Ressource (Waasser, Loft a Buedem) dierfen net beanträchtegt ginn.

Am Kloertext heescht dat, datt:

  • Fënsteren an Dieren dierfen ersat, vergréissert a souguer deplacéiert ginn
  • Fassad dierf nei ugestrach ginn
  • Den Daach dierf nei gedeckt ginn a Veluxen dierfen installéiert ginn, ënner der Konditioun datt follgend zwee Punkte respektéiert sinn:
    • Virun allem Nuets dierf keng Verschlechterung fir d’Déieren duerch d’Liichtpollutioun entstoen
    • Gëtt d’Faarf vun der Fassad, den Dieren oder Fënsteren nei gemaach, dierf dës net an der Landschaft “jäizen” (keng grell, knalleg oder liichtend Faarwen), mee muss sech an d‘Landschaft integréieren.  Recommandéiert ass, Faarwen ze benotzen, déi traditionell an der Regioun virkommen, respektiv Faarwen, déi sech natierlech an hiert d’Ëmfeld afügen. Am beschte soll een och bei der jeeweileger Gemeng nofroen, ob se eng Faarfpalett hunn, un déi een sech hale muss.

3.4        Energeetech Sanéierung

All legal Bauten, egal op Wunnhaus oder net, dierfe mat Naturschutzgeneemegung energeetesch sanéiert ginn (z.B. Isolatioun vu Fassaden an Daach), dat heescht datt esouwuel déi baussecht Maueren ewéi och den Daach dierfe vu Baussen isoléiert ginn. Isolatiounsaarbechte bannen am Haus brauche keng Geneemegung

3.5        Héije vum engem Stack oder vum Daach vun engem Wunnhaus

Vill al Wunnhaiser entspriechen net méi deenen haitegen Norme wat Raumhéichten ugeet. Fir och an der Gréngzon den übleche Confort ze erméiglechen dierfe follgend Ännerungen un de Wunnhaiser gemaach ginn, och wann dat mat sech bréngt datt d’Wunnhaus, a senger Gesamtheet, méi héich gëtt:

  • De “Niveau plein” dierf op eng Raumhéicht vu maximal 2,70 Meter gehéicht ginn. Wann e Stack zum Deel ënner dem natierlechen Terrain läit oder ass e Gebai an den Hiwwel gebaut, a méi wéi d’Hallschecht vum Stack steet aus dem Buedem raus fält och dëse mat ënnert Definitioun vum “Niveau plein”.
  • De “Niveau plein sous combles”  dierf och an der Héicht ausgebaut ginn an zwar esou dat op maximal der Hallschent vun dëser Fläch eng Raumhéicht vun 2,2 Meter erreecht gëtt.

3.6.        Vergréisserung vun der Grondfläch

D‘Vergréisserung vun den Dimensioue vun enger Konstruktioun, déi net als Wunnhaus benotzt gëtt, ass nëmme méiglech wann d’Konstruktioun ënnert d‘Krittäre vum Artikel 6 vum Naturschutzgesetz fält. An deem Fall gëllt et als nei Konstruktioun. 

D’Vergréisserung vun der Grondfläch (fr. emprise au sol, cf. Punkt Defintiounen) vun engem Wunnhaus ass just méiglech, wann d’Haus ënnert Krittäre vum Artikel 6 (2) vum Naturschutzgesetz fält, dat heescht wann d’Wunnhaus am Kader vun enger landwirtschaftlecher Aktivitéit gebaut gouf, bei der déi permanent Präsenz vum Bewirtschafter noutwenneg ass.

3.7        Ofrappen an nei Opriichten

Et kënnt ëmmer rëm fir, datt den Zoustand vu Gebaier, och vu Wunnhaiser, esou ass, datt se just nach schwiereg ze renovéiere sinn, respektiv et manner Opwand bedeit fir d’Gebaier ofzerappen an nei opzeriichten, wéi se ze renovéieren.

Dofir dierfe Gebaier ofgerappt an nei opgeriicht gi, wann eng vun dësen 2 Konditiounen erfëllt ass. Wann :

  • op mannst nach d’Hallschent oder méi vun de Mauere bis un d’Corniche vum Gebai intakt ass,
  • de Proprietär noweise kann, datt d’Gebai duerch ee sougenannte “Cas fortuit” zerstéiert ginn ass. Heimat sinn Naturgewalte wéi Iwwerschwemmungen, Tornadoen oder aner schlëmm Onwieder, mee awer och zum Beispill ee Feier, wat net selwer verschëlt ass, gemengt.

Wichteg ass ze wëssen, datt d’Gebai rëm muss d’selwecht opgeriicht ginn, wéi et virdru war an déi selwecht Notzung huet, mat Ausnam vun den erlaabten Upassungen (déi hei ënnert de Punkten 1.2.2. bis 1.2.6. opgelëscht sinn). Gëtt e Gebai ouni Geneemegung ofgerappt, kann en neien Opbau net méi geneemegt ginn.

4         Beispiller vun Aarbechten, déi net erlaabt sinn

Ënnert anerem follgend Aarbechte u Gebaier sinn an der Gréngzon net erlaabt:

  • Vergréissere vun der Grondfläch vum Gebai: d’Fläch, déi d’Gebai um Buedem anhëlt, déi sougenannte Grondfläch, dierf net vergréissert ginn. Dat selwecht gëllt fir d’Bruttofläch vun deenen eenzelne Stäck. Am Kloertext heescht dat, dat d’Raumhéichte wuel dierfe vergréissert ginn, d’Fläch déi déi eenzel Stäck anhuelen, respektiv och déi versigelt Fläch ronderëm d’Haus awer net. Nei Ubaute sinn net geneemegbar. Ausnam: D’Erweiderung vun den Konstruktioune, déi no Artikel 6 zougelooss sinn, si geneemegbar.
  • Vergréissere vum Volume vum Gebai mat Ausnamen vun dësem Dokument.
  • Erhéije vum Gebai ëm ee komplette Stack: Erhéije vun engem Gebai ëm ee komplette Stack ass net geneemegbar. Erlaabt ass awer d’Raumhéichte vu bestoende Stäck unzepassen.
  • Aarbechten u Gebaier, déi net “légalement existant” sinn Ass ee Gebai illegal (cf. Definitiounen) kënnen och keng Aarbechten, egal op Renovatioun oder Ausbau, un dësem geneemegt ginn.
  • Komplett nei Konstruktiounen an Amenagementer: Komplett nei Konstruktiounen an Amenagementer kënnen nëmme geneemegt gi wann se konform zum Artikel 6 vum Naturschutzgesetz sinn.
  • D’Ëmnotze vu Scheieren an anerer Konstruktiounen zu Wunnraum: D’Ëmnotze vu Scheieren a Wunnraum ass generell net méiglech. D’Ausnamen zu dëser genereller Reegel sinn an dësem Dokument opgelëscht.
  • Erhéijen oder Vergréisserung vum Keller (Niveau en sous-sol) vun Wunnhaiser: D‘Erhéijen oder Aushiewe vun engem Keller ass net geneemegbar (mat Ausnam vun enger Notzung vum Gebai nom Artikel 6).
Gaardenhaischen - Abri de jardin

Définitioun

E Gaardenhaischen ass ee Niewebau vun engem Wunnhaus, deen haaptsächlech dozou déngt, Gaardegeschier, Gaardemiwwelen an aner Materialien, déi am Zesummenhang mat der Notzung vun engem Privatgaart stinn, viru Wiederaflëss ze schützen.

Zousätzlech kann e Gaardenhaischen och als Zär amenagéiert ginn oder als Ënnerstand fir Déierenhaltung genotzt ginn – zum Beispill fir Hinger, Schof, Geessen, Kanéngercher oder Beien.

1 Woufir däerf e Gaardenhaischen net genotzt ginn?

E Gaardenhaischen ass net fir de laangfristegen Openthalt vu Persoune geduecht an däerf net zu Wunnzwecker genotzt ginn. Eng Notzung als Garage, Sauna, Bar oder fir berufflech Zwecker, z.B. als Büro – ass ausgeschloss. D’Installatioun vun Heizsystemer, dorënner och Holziewen, ass net erlaabt.

2 Wéini brauch ee keng Geneemegung?

Eng Geneemegung ass net néideg, wann d’Gaardenhaischen an all seng Amenagementer bannen dem Bauperimeter opgeriicht gëtt an dobäi keng geschützte Biotopen oder europäesch Habitater negativ beaflosst oder zerstéiert ginn.

3 Wéini brauch een eng Geneemegung?

Fir ee Gaardenhaischen - ganz oder deelweis - an enger Gréngzon opzeriichten, ass eng Geneemegung néideg.

Och wann de Projet komplett bannen dem Bauperimeter läit, mee dobäi e geschützte Biotop oder en europäeschen Habitat zerstéiert muss ginn, ass eng Geneemegung néideg.

3.1 Wat sinn d’Krittären, fir ee Gaardenhaischen an der Gréngzon geneemegt ze kréien?

Fir datt ee Gaardenhaischen an der Gréngzon ka geneemegt ginn, mussen déi dräi follgend Viraussetzungen zesummen erfëllt sinn:

  • Et ass ee Proprietär vun engem Wunnhaus am Bauperimeter: D’Wunnhaus steet am Bauperimeter, mee et ass keng Plaz méi, fir nach ee Gaardenhaischen am Bauperimeter opzeriichten. An deem Fall dierf d’Gaardenhaischen an der Gréngzon opgeriicht ginn, soulaang et bannent engem Ofstand vun 10 Meter zur Fassad vum Wunnhaus opgeriicht gëtt.
  • Et huet een nach kee Gaardenhaischen an der Gréngzon: Wann de Besëtzer vum Wunnhaus nach kee Gaardenhaischen op senger Parzell stoen huet, däerf hien en neit Gaardenhaischen opriichten.
  • D’Wunnhaus an d’Gaardenhaische mussen op der selwechter Parzell stoen.

3.2 Wéi grouss an aus wat fir engem Material däerf ee Gaardenhaische sinn?

  •  Grondfläch (fr. emprise au sol): E Gaardenhaische vun 20 m2 entsprécht de gängege Besoine vun engem Eefamilljenhaus. Op dëser maximaler Grondfläch vun 20 m2 si sämtlech zousätzlech Amenagementer mat abegraff, wéi z.B. Iwwerdaachungen, Ënnerstänn fir Brennholz asw., déi mam Gaardenhaischen a Verbindung stinn.
  • Fundament: D'Fläch däerf mat waasserduerchlässege Materialien (z.B. mat fr. pavé drainant) befestegt ginn. D’Fundamenter vun der d’Konstruktioun kënnen entweder als Punkt- oder Rangfundamenter aus Bëton ausgefouert ginn. Bei Bedarf kann och e vollstännegt Bëtonfundament ugeluecht ginn.
  • Daach: Den Daach däerf entweder eenhängeg oder zweehängeg ausgefouert ginn a soll eng maximal Pente vu 15° net iwwerschreiden. D’Daachdeckung muss aus engem schifergroe Material bestoen. Fir e Beitrag zur Biodiversitéit ze leeschten, ass et och méiglech, eng Dachbegréngung unzeleeën. Dës dréit och zu engem verbesserte Mikroklima ronderëm d’Gaardenhaische bäi.
  • Héicht: D’Gebai dierf just een Niveau hunn. Déi niddregst Säit vum Gaardenhaischen ass op eng Maximalhéicht vun zwee Meter limitéiert. Déi maximal Héicht ergëtt sech duerch de Wénkel vum Daach.
  • Bauweis: E Gaardenhaischen däerf keng massiv Konstruktioun sinn, mee muss enger liichter Bauweis entspriechen. Op grell oder onnatierlech Faarftéin ass ze verzichten. Bei Holzkonstruktiounen dierfen ökologesch Lacke souwéi drockimprägnéiert Holz benotzt ginn, fir d’Liewensdauer vun der Konstruktioun ze verlängeren. Et ass ausserdeem méiglech, op prefabrizéiert Konstruktiounen zeréckzegräifen, soulaang déi uewe genannte Konditiounen agehale ginn.
  • Reseau: D’Gaardenhaischen däerf un de Versuergungsreseau ugeschloss ginn, mee och fir dës Aarbechten ass eng Geneemegung néideg. Idealerweis ginn dës direkt zesumme mam Gaardenhaischen ugefrot.

3.3. Dierfen am Gaardenhaische Luuchte montéiert ginn?

Jo, mee all onnéideg Beliichtung, déi vum Gaardenhaischen ausgeet, ass ze vermeiden. D'Installatioun vu baussenzeger Beliichtung ass net erlaabt. Künstlech Beliichtung kann negativ Auswierkungen op wëll Déieren hunn, zu hirer Desorientéierung féieren an den natierleche Liewensrhythmus vun den Déieren empfindlech stéieren.

3.4 Däerf fir de Bau vun engem Gaardenhaischen e Biotop oder en europäesch geschützten Habitat ewech gemaach ginn?

Hecken, Beem oder aner natierlech Elementer kënnen ënner gewësse Viraussetzunge geschützte Biotopen oder europäesch Habitater duerstellen, déi net einfach ouni Geneemegung ewechgemaach däerfe ginn.

  • Am Bauperimeter: Wa sech op der Plaz, déi fir d'Gaardenhaische virgesinn ass, e Biotop  oder  Habitat befënnt, dann däerf dësen nëmmen zerstéiert ginn, wann eng entspriechend Kompensatiounsmoossnam virgesinn ass. An esou engem Fall ass zwar keng Geneemegung fir de Bau vum Gaardenhaischen néideg, eng Geneemegung fir d'Zerstéierung vum Biotop ass awer obligatoresch.
  • An der Gréngzon: An der Gréngzon däerfe weder geschützte Biotopen nach geschützten Habitater zerstéiert ginn, fir e Gaardenhaischen ze bauen. Et ass deemno wichteg, de Standuert vum Gaardenhaischen sou ze wielen, datt hei kee Konflikt entsteet.

3.5 Däerf eng Fotovoltaikanlag um Gaardenhaischen installéiert ginn?

Jo, dëst kann ouni zousätzlech Geneemegung gemaach ginn, virausgesat datt d’Gaardenhaischen de gesetzleche Bestëmmungen entsprécht an d’Fotovoltaikanlag konform zu de Krittäre vun der Annex 9 vum Naturschutzgesetz montéiert gëtt. Am anere Fall, wann d’Fotovoltaikanlag net dëse Krittären entsprécht, muss se zesumme mam Gaardenhaischen ugefrot ginn.

3.6 Wat muss ech maachen, wann ech mäi Gaardenhaische wëll renovéieren?

Am Kader vum Artikel 7 vum Naturschutzgesetz däerfen u legal bestoende Gebaier, dorënner och Gaardenhaiser, ouni zousätzlech Geneemegung Renovatiounsaarbechten duerchgefouert ginn, souwuel am Banne-, wéi och am Bausseberäich, soulaang näischt um Ausgesi vun der Konstruktioun verännert gëtt.

3.7 Wéi eng Reegele gëllen am Fall vun Appartementshaiser?

Bei Gebaier mat méi wéi enger Wunneng gëllen déi selwecht Reegelen ewéi uewendriwwer beschriwwen. Gesäit de vertikale Kadaster allerdéngs méi wéi eng Proprietéit op den zéng Meter hannert dem Gebai fir, dierf all Proprietär säin eegent Gaardenhaischen opriichten, wann et de gängege Reegelen entsprécht.

Leitungen - Réseaux
©Stéphane LEITENBERGER

1          Definitioun

1.1         Réseau

Mam Begrëff « réseau » si sämtlech ënnerierdesch an iwwerierdesch Leitunge gemengt, déi der Verdeelung vu Waasser, Energie, Gas oder Telekommunikatioun déngen. Dobäi gëtt weder no der Envergure nach no der Dimensioun vum jeeweilege Projet ënnerscheet. De Stroossebau fält net ënner dëse Begrëff.

1.2         Tranchée

Mam Begrëff « tranchée » si Grief gemengt, also d’Buedemaarbechten, déi musse gemaach ginn, fir Leitungen am Buedem ze verleeën. Dës Aarbechten ëmfaassen d’Aushiewe selwer, d’Installatioun vun Drainagen, souwéi d’Zoumaache vum Gruef nom Verleeë vun der Leitung. De gréisste méigleche Schued fir d’Natur entsteet beim Verleeë vu Leitungen an der Reegel beim Bau vun dëse Grief, ënner anerem wéinst dem Asaz vu schwéiere Maschinnen, déi de Buedem, d’Vegetatioun an d’Liewensraim vun Déiere beaflosse kënnen.

2        Wéini brauch ee keng Geneemegung?

Fir d’Installatioun vu Leitungen an d'Opmaache vu Grief, asw., ass keng Geneemegung néideg, wann de Projet bannent dem Bauperimeter (PAG) läit a kee geschützte Biotop oder Habitat no den Artikele 17, 20 oder 21 vum Naturschutzgesetz betraff oder futti gemaach gëtt.

3        Wéini brauch een eng Geneemegung?

Leitungen zielen zu de Konstruktiounen. Fir all Konstruktioun an der Gréngzon muss eng Geneemegung ugefrot ginn. Befënnt de Projet sech demno an der Gréngzon an/oder kënnt et zu enger Zerstéierung vu geschützte Biotopen/Habitater (Artikel 17/20/21), muss eng Geneemegung fir de Projet ugefrot ginn.

An der Gréngzon gëtt tëschent Projeten ënnerscheet, déi de Krittäre vun der Utilité publique erfëllen a Projeten, déi dësen net erfëllen.

3.1        Utilité publique

Entsprécht de Projet de Krittäre vun der Utilité publique, gëtt de Projet ënner bestëmmte Konditioune geneemegt. Dobäi muss follgendes beuecht gi :

  • Falls et zu enger Zerstéierung vu Biotopen/Habitater (Artikel 17) fir d’Realisatioun vum Projet kënnt, muss eng Opnam vun de betraffene Biotopen/Habitater an eng Ökopunkte-Bilanzéierung (Art. 17) gemaach ginn. De Verloscht u Biotopen/Habitater kann a Form vun Ökopunkten an de Kompensatiounspool abezuelt ginn oder mat in-situ-Mesuren (Kompensatiouns-Moossnamen op der Plaz) ofgedeckt ginn.
  • Falls et bei der Realisatioun vum Projet zu engem Impakt op essenziell Liewensräim vu protegéierten Aarten (Artikel 20, 21) kënnt, musse verdéiwend faunistesch/floristesch Etuden an, de Fall gesat, d’CEF-Moossname gemaach ginn. Dëse Verloscht ass och an enger Ökopunkte-Bilanzéierung festzehalen. Zerstéierung vun essenzielle Liewensräim kann net an de Kompensatiounspool abezuelt ginn, mee muss als CEF-Mesure kompenséiert ginn. Sinn déi uewe genannte Krittären erfëllt, ass de Projet an der Gréngzon an am Bauperimeter geneemegbar
  • Falls de Projet an der Gréngzon läit an et net zu enger Zerstéierung vu Biotopen/Habitater an och net zu engem Impakt vun essenzielle Liewensräim kënnt, kann de Projet geneemegt gi, ouni Ökopunkte-Bilanzéierung oder verdéiwend Etüden.

3.2        Private Projet

Projeten, déi net ënnert d’Krittäre vun der Utilité publique falen, bei deenen et awer zur Zerstéierung vu Biotopen, Habitater oder essentielle Liewensräim kënnt, sinn nëmmen dann ze geneemegen, wann se sech ausserhalb vun der Gréngzon, also innerhalb vun enger Bauzon (Zone urbanisée ou destinée à être urbanisée) befannen.

Befënnt sech de Projet an der Gréngzon, kann dëse nëmmen ëmgesat gi, wa keng Zerstéierung vu Biotopen oder Habitater, keng Zerstéierung vu Liewensräim vu geschützten Aarten an och keng Ëmwandlung vu Bëschfläch noutwenneg ass. Projeten, déi sech an der Gréngzon befannen, a fir déi Biotopen, Habitater oder Liewensräim vun essentiellen Aarten erfuerderlech sinn, si contraire zu den Dispositioune vum Naturschutzgesetz an domat net ze geneemegen.

Doriwwer eraus muss ënnerscheet ginn, ob de Projet d’Installatioun vun neie Reseaue virgesäit oder ob existent Leitungen erneiert ginn. Am Sënn vum Naturschutzgesetz gëtt deemno tëscht enger neier Konstruktioun an der Renovatioun, respektiv der Erneierung vun enger besteeënder Konstruktioun ënnerscheet.

Projeten, déi nei Leitunge virgesi, kënne nëmme geneemegt gi, wann hiere Besoin réel eendeiteg nogewise ka ginn.

Projeten, déi d’Verleeë vu Leitunge virgesinn, fir déi de Besoin réel net eendeiteg kann nogewise ginn, si konträr zu den Dispositioune vun den Artikele 6 a 7 vum Naturschutzgesetz a sinn domat net ze geneemegen.

Projeten, déi d’Renovatioun respektiv d’Erneierung vu scho besteeënde Leitunge virgesi, kënnen dem Naturschutzgesetz no geneemegt ginn. Dobäi gëllt, datt den Zweck vun der Leitung dee selwechte bleiwe muss. Als Beispill kann eng Drénkwaasserleitung nëmmen duerch eng nei Drénkwaasserleitung ersat ginn oder eng Stroumleitung nëmmen duerch eng nei Stroumleitung. Eng Fosse septique kann an dësem Fall och duerch een Uschloss un d'Kanalisatioun ersat ginn.

Wa sech iwwert besteeënde Leitungen an der Tëschenzäit ee Biotop oder een Habitat entwéckelt huet, ass d’Zerstéierung vun dëse fir privat Projeten net méiglech. Eng Erneierung op der selwechter Plaz ass deemno ausgeschloss. An dëse Fäll ass d’Verleeë vun enger neier Leitung op enger alternativer Plaz méiglech. Fir nieft de besteeënde Leitungen nei Leitunge fir aner Zwecker ze verleeë, wéi heidriwwer erkläert, muss de Besoin réel nogewise ginn.

4        Wat muss bei engem Leitungsprojet berücksichtegt gi?

Nieft der grad erkläerter Analys, muss ee Projet ënner anerem op Follgendes analyséiert ginn:

  • Fält de Projet ënnert d’EIE-Gesetz (Loi modifiée du 15 mai 2018 relative à l’évaluation des incidences sur l’environnement)?
    An dësem Fall muss iwwerpréift ginn, op eng entsprieche Prozedur schonn duerchgefouert ginn ass oder nach duerchgefouert muss ginn. D’Resultater sinn bei der Naturschutzgeneemegung anzebezéien ;
  • Läit de Projet an oder féiert de Projet duerch eng national Schutzzon (ZPIN)?
    Ass de Projet eventuell konträr zu der Reglementatioun vun der betraffener Schutzzon? (Règlements grand-ducaux vun der betraffener Zon) ;
  • Läit de Projet an oder féiert de Projet duerch eng international Schutzzon (Natura 2000)?
    An dësem Fall gëllen och Dispositioune vum Artikel 32 vum Naturschutzgesetz ;
  • Läit de Projet an oder féiert de Projet duerch e plan directeur sectoriel “Paysages”?
    An dësem Fall gëllen Dispositioune vum Règlement grand-ducal modifié du 10 février 2021 rendant obligatoire le plan directeur sectoriel « paysages ».

 

Chantiersinstallatioun - Installations de chantier
©Ingo Hoffmann

1.        Definitioun

Eng Chantiersinstallatioun ass en temporären Amenagement vun enger Plaz, déi gebraucht gëtt, fir Bauaarbechten auszeféieren. Si ëmfaasst all technesch Ariichtungen a Maschinnen, déi um Chantier gebraucht ginn. Dorënner fält och déi temporär Lagerung vu Material (fr. Dépôt temporaire), déi am Kader vun Aarbechten ufalen.

Follgend Elementer kënnen hei drënner falen (net-exhaustiv Lëscht):

  • Baustroossen a Bauweeër inkl. Wendepunkten
  • Plaze fir (Bau-) Maschinnen
  • Lagerplaze fir Baumaterialien
  • Beaarbechtungsplazen (z. B. fir Stol oder Holz)
  • Versuergung (Waasser, Stroum, Gas, Wäermt)
  • Entsuergung (Ofwaasser, Bauoffall)
  • Sozialräim (Büroen, Pausenzëmmeren, Sanitärcontaineren, Toiletten)
  • Sécherheetsariichtungen (Bauzénk, Beliichtung, Beschëlderung)
  • Schutzariichtungen (Witterungsschutz, Schutz géint Ofstierzen)

 

 

 

2.        Wéini brauch ee keng Geneemegung ?

Eng Geneemegung ass net néideg, wann d’Chantiersinstallatioun integral an enger Bauzon am Bauperimeter ageriicht gëtt, a keng geschützte Biotopen oder Habitater betraff sinn.

3.         Wéini brauch een eng Geneemegung ?

Soubal eng Chantiersinstallatioun an der Gréngzon ageriicht soll ginn, ass eng Geneemegung néideg. Am Bauperimeter ass eng Geneemegung néideg, wann e geschützte Biotop oder Habitat betraff ass.

3.1        An der Gréngzon

An der Gréngzon ass eng Chantiersinstallatioun ëmmer un e Bau- oder Renovéierungsprojet gebonnen, deen sech entweder ënnerhalb oder ausserhalb vum Bauperimeter befënnt. An der Gréngzon ass et dofir essenziell, dass de Projet, fir deen eng Chantiersinstallatioun ageriicht muss ginn, an der Naturschutzdemande ugi gëtt. D’maximal Dauer vun der Installatioun hänkt deemno vum Zäitpunkt of, wou de Bauprojet ofgeschloss gëtt.

Eng Geneemegungsufro nom modifizéierten Naturschutzgesetz vum 18. Juli 2018 muss op d’mannst déi follgend Informatiounen enthalen:

  • De Projet, fir deen d’Chantiersinstallatioun néideg ass,
  • D’Lokalitéit (allgemeng d’betraffe Kadasterparzellen),
  • D’Fläch déi betraff ass (a m2  & Agrenzung vun der Fläch op engem Plang präzis agezeechent),
  • Angabe vun de gelagerte Baumaterialien (a m³),
  • Ufank- an Enddatum vun der Chantiersinstallatioun,
  • Ewéi d’Fläch amenagéiert gëtt (ë.a. wou a wat stockéiert gëtt, falls muss terrasséiert ginn, déi néideg Coupen an Informatiounen zum Material/Opbau vun der Plattform, wéi vill Mammebuedem op d’Säit geholl gëtt a wéi dee sur place stockéiert gëtt, …).

Falls zoutreffend:

  • Informatiounen iwwer d’“bases de vie” (z. B. Pausenzëmmer, Sanitärcontainer),
  • Mechanesch Maschinnen, déi um Terrain stationéiert sinn,
  • Informatioun ob och nuets geschafft gëtt. Fir den Impakt op Liewensräim vun nuetsaktiven Déieren ze verhënneren, soll d’Schaffen an der Nuecht evitéiert ginn. Dëst gëllt virun allem wann e Risiko vun engem negativen Impakt net kann ausgeschloss ginn an domat zousätzlech Etuden noutwenneg wieren (an domat zousätzlech Käschten ufale géifen).

Opgepasst:

  • An der Gréngzon dierfe just Materialie gelagert ginn, déi am Kader vum Chantier ufalen a gebraucht ginn.
  • An der Gréngzon muss all Chantiersinstallatioun ausserhalb vu geschützte Biotopen oder Liewensräim ugeluecht ginn. Eng Zerstéierung, Verréngerung oder Verschlechterung vun dësen ass net zoulässeg.
  • Et sollt een sech am Virfeld vergewësseren, dass de Site sech weder an engem nationalen Naturschutzgebitt, nach an engem Natura 2000-Gebitt befënnt. Dës Gebidder stelle sensibel an deels streng geschützte Beräicher duer, an deenen eng Chantiersinstallatioun net zoulässeg ass. Wat an engem nationalen Naturschutzgebitt dierf ëmgesat ginn, fënnt een an den entspriechende groussherzogleche Reglementer. Ob eng Zon an engem Natura 2000-Gebitt läit an d’Plaz z.B. als prioritär unzegesinn ass, fënnt een am Gestiounsplang vum jeeweilege Gebitt. Et bitt sech un, am Virfeld mat der Naturverwaltung Kontakt opzehuelen fir d’Detailer vum Site ze beschwätzen.

3.2        Am Bauperimeter

Am Bauperimeter dierfe Biotopen oder Liewensräim zerstéiert, verréngert oder verschlechtert gi fir eng Chantiersinstallatioun anzeriichten. An dësem Fall muss eng Kompensatioun vun de Strukture stattfannen. Et sollt een ëmmer déi bescht Alternativ huele fir de Schued op d’Fauna a d’Flora op e Minimum ze reduzéieren, dëst och fir onnéideg Käschten ze spueren.

4        Schutz vu Beem an Hecken

Beim Ofstelle vu Material a Baumaschinne muss grondsätzlech opgepasst ginn, eng ausräichend Distanz zu existente Strukturen ewéi Beem oder Hecken ze loossen. Et sollt de gréisstméiglechen Ofstand agehale gi fir souwuel déi iwwerierdesch (Stamm, Äscht, etc.) ewéi och ënnerierdesch Strukturen (Wuerzelen) net ze beschiedegen.


Et ass recommandéiert min. 5 Meter Ofstand zu Beem a min. 2 Meter Ofstand zu Hecken ze halen. All Aarbechten, déi riskéieren d’Wuerzele vum Bam ze impaktéieren oder ze zerstéieren, si verbueden. Deemno dierf op onversigelte Flächen net ënnert dem Bam geparkt, stockéiert, oder manövréiert ginn. Falls noutwenneg, musse Beem oder Hecke mat enger Chantiersprotectioun geschützt ginn, déi verhënnert, dass d’Beem oder d’Hecke beschiedegt ginn. Am Zweiwelsfall, soll een de lokale Fierschter kontaktéieren.

3 Schutz vu Gewässer

Flëss a Baache sinn essenziell Liewensräim fir Déieren- a Planzenaarten, droen zur Waasserqualitéit bäi an hëllefe bei der Upassung un de Klimawandel. Dofir musse min. 10 Meter Ofstand tëscht enger Chantiersinstallatioun a engem Floss oder enger Baach virgesi ginn.

Archeologesch Ausgruewung a Schürfung - Fouilles, Forages

1.       Définitioun

Ausgruewunge a Schürfunge bezeechnen d’Aktioune, wou an der Äerd gegruewe gëtt. Dat gëtt aus ënnerschiddleche Grënn gemaach.

Um Internetsite vum INRA (Institut national de recherches archéologiques) fënnt ee mei Informatiounen zu dësem Thema.

1.1        Archeologesch Ausgruewungen

Eng archeologesch Ausgruewung ass eng systematesch a wëssenschaftlech Ënnersichung vum Buedem, fir Spuere vun ale Kulturen a Mënschen ze fannen. D’Archeologe gruewen an der Äerd, fir Objeten, Gebaier, Griewer oder aner Reschter aus der Vergaangenheet ze entdecken. Dës Objeten hëllefe, d’Liewen an d’Geschicht vun de Mënschen aus fréieren Zäite besser ze verstoen.

1.2        Archeologesch Schürfungen

Archeologesch Schürfungen ginn dacks vum INRA verlaangt iert nei Bauprojeten op engem Terrain ëmgesat ginn. D’Zil ass, ze kucken, ob ënnerierdesch nach Spueren aus fréieren Zäite leien. D’Schürfungen hëllefen ze entscheeden, ob méi grouss Ausgruewungen néideg sinn, oder ob d’Bauaarbechte kënnen ouni weider Moossname weidergoen.

Sou Schürfungen ginn dacks virgeschriwwen, wann de Bauprojet an enger Archäologescher Observatiounszone (ZOA) läit. Dat ass e Beräich, wou bekannt oder méiglech ass, datt et vill archäologesch Fonge ginn. Um nationale Géoportail kann een sech dës „ZOA“ uweise loossen, wéi follgenden Extrait vum Dezember 2025 weist:

2        Wéini brauch ee keng Geneemegung?

Eng Geneemegung ass net néideg:

  • Am Bauperimeter: wa kee geschützte Biotop oder Habitat no Artikel 17 vum Naturschutzgesetz (cf Kapitel Zerstéierung vun Habitater a Biotopen) zerstéiert muss ginn.
  • An der Gréngzon:
    1. wa kee geschützte Biotop oder Habitat no Artikel 17 vum Naturschutzgesetz (cf Kapitel Zerstéierung vun Habitater a Biotopen) zerstéiert muss ginn ;
    2. manner wéi 10 ares betraff si resp. manner wéi 50 m3 Mammebuedem beweegt ginn.

Opgepasst:

  • Am Fall wou an der Gréngzon e geschützte Biotop oder Habitat betraff ass, kennen archeologesch Schürfungen nëmmen am Kontext mam jeeweilege Bauprojet geneemegt ginn. Deemno soll ee klore Bezuch tëschent de geplangte Schürfungen an dem Dossier vum Bauprojet hiergestallt an dokumentéiert ginn.
  • An engem nationalen Naturschutzgebitt mussen d’Aarbechte konform zum jeeweilege Reglement sinn. Fir onnéidegen Opwand ze erspueren, ass et deemno ze recommandéieren, ier eng Ufro fir eng Naturschutzgeneemegung gemaach gëtt, am Reglement ze kucken, ob dëst Aarbechten iwwerhaapt kenne geneemegt ginn.

3        Wéini brauch een eng Geneemegung?

Et ass eng Geneemegung néideg:

  • Am Bauperimeter: just wann ee geschützte Biotop oder Habitat no Artikel 17 vum Naturschutzgesetz (cf Kapitel Zerstéierung vun Habitater a Biotopen) zerstéiert muss ginn
  • An der Gréngzon:

1) wann ee geschützte Biotop oder Habitat no Artikel 17 vum Naturschutzgesetz (cf Kapitel Zerstéierung vun Habitater a Biotopen) zerstéiert muss ginn ;

2) wa méi wéi 10 ares betraff sinn oder méi wéi 50 m3 Mammebuedem beweegt ginn.

4        Wat muss bei der Planung vun enger Ausgruewung am Kader vun enger Ufro fir eng Geneemegung berécksiichtegt ginn?

Gëtt et een Impakt op geschützte Biotopen oder Habitater no Artikel 17 vum Naturschutzgesetz, esouwuel fir den Accès, den temporären Dépôt vum Material ewéi och fir d’Buerung selwer?

Biotopen an Habitater sinn no Artikel 17 vum Naturschutzgesetz geschützt. Fir des dierfen ze zerstéiere musse spezifesch Krittären erfëllt sinn.

Keng Vermëschung tëscht Mammebuedem a Mineralbueden

De Mammebuedem, och genannt Oberbuedem, ass déi iewescht Schicht vum Buedem, déi besonnesch fruchtbar ass. An der Reegel erreecht de Mammebuedem eng Déift vu ± 20-30 cm. Dëst hänkt awer ëmmer vum Buedem an dem Standuert of.

 

Hie besteet aus:

  • Organescher Substanz (Humus),
  • Närstoffer a villen Buedemorganismen,
  • Mineralesche Bestanddeeler (z. B. Sand, Schluff, Toun).

 

Dës Schicht ass entscheedend fir:

  • Planzenwuesstum,
  • Waasserretentioun,
  • Filterung vu Schadstoffer,
  • Ëmweltschutz, besonnesch a Waasserschutzgebitter.

 

De Mineralbuedem ass déi niddreg Schicht vum Buedem, déi haaptsächlech aus mineralesche Bestanddeeler wéi Sand, Schluff a Leem besteet

 

Am Géigesaz zum Mammebuedem (Terre végétale), huet de Mineralbuedem wéineg organesch Substanz a niddreg Fruchtbarkeet, mee hien ass wichteg fir:

  • d’Waasserdrainage,
  • d’Stabilitéit vum Terrain,
  • an d’Ënnerstëtzung vum ieweschte Buedem.

 

Fir d’Funktionalitéit vum Buedem als Ganzes net ze verschlechteren, och no den Aarbechten nees hierzestellen, sollt deemno opgepasst ginn, déi zwee Biedem wärend den Aarbechte getrennt ze lageren. Nom Ofschloss vun den Aarbechte sollt de Mammebuedem dann nees als iewescht Schicht zréckgeluecht ginn.

  • Op kee Fall soll de Mammebuedem geholl gi fir e Buerungslach opzefëllen!
  • Keng Verbreedung vun invasive (Planzen-)Aarten.

 

Invasiv Aarten (och genannt gebittsfriem oder exotesch Aarten) sinn Planzen, Déieren oder aner Organismen, déi net natierlech am betraffene Gebitt virkommen, mee bewosst oder zoufälleg agefouert goufen.

Wann dës Aarten sech am neie Gebitt séier verbreeden an d’Struktur oder d’Funktioun vum Ökosystem beaflossen, gi si als invasiv klassifizéiert.

D’Risiken am Zesummenhang mat invasiven Aarte sinn:

  • Verdrängung vun heemesche Spezies
  • Verännerung vum natierlechen Habitat
  • Gesondheets- oder wirtschaftlech Problemer
  • Méiglech Verbreedung vu Krankheeten oder Parasitten

Gëtt et een Impakt op national Naturschutzbebitter (ZPIN) oder enger Zone vun engem Natura 2000 Schutzgebitt

Juegdbud - Cabane de chasse
©Foto: Michael Ebardt

1         Definitioun

Eng Juegdbud ass eng kleng Hütt, déi vun de Jeeër wärend der Ausübung vun der Juegd benotzt gëtt. Dës Hütte stinn um oder no beim Juegdlous a bidde Plaz, fir d’Ausrüstung ze stockéieren oder fir sech wärend der Juegd, méi speziell der Usetzjuegd oder der Pirsch, opzehalen.

2         Wéini brauch ee keng Geneemegung?

Eng Geneemegung ass net néideg, wann d’Juegdbud bannent dem Bauperimeter soll opgeriicht ginn oder wann eng bestoend Juegdbud, fir déi schonn eng Geneemegung virläit, renovéiert gëtt, ouni datt dat baussenzegt Erscheinungsbild geännert gëtt. Dat ass zum Beispill de Fall, wann eng Dier aus Holz duerch eng nei Dier mat identeschen Dimensiounen aus Holz ersat gëtt oder wann den Daach mat deem selwechte Material nei gedeckt gëtt.

3         Wéini brauch een eng Geneemegung?

Fir eng nei Juegdbud an der Gréngzon opzeriichten, ass eng Geneemegung néideg. De Piechter vum jeeweilege Juegdlous ass berechtegt, eng Geneemegung unzefroen. Hien däerf och eng Geneemegung fir eng Juegdbud um Nopeschlous ufroen, virausgesat hien huet den ausdrécklechen Accord vum zoustännege Piechter.

Dobäi ass et wichteg, ze wëssen, datt pro Lous just eng Juegdbud ka geneemegt ginn.

3.1        Wat sinn d’Krittären, fir eng Juegdbud geneemegt ze kréien?

Fir datt eng Juegdbud ka geneemegt ginn, mussen eng Rei Krittären erfëllt sinn:

  • Noweise vum reelle Besoin (fr. besoin réel): Et muss kloer nogewise ginn, firwat eng Juegdbud néideg ass. Dës kann zum Beispill fir d’Lagerung vun der Juegdausrüstung, dem Opbrieche vum Wëld, bei längeren Openthalter oder als Schutz viru schlechtem Wieder benotzt ginn.
  • Respekt vun der Natur an der Landschaft: D’Juegdbud däerf keen negativen Impakt op d’Natur an d’Landschaft hunn. Aus deem Grond kënne Moossnamen zur landschaftlecher Integratioun – wéi z. B. d’Uplanzung vun Hecken oder Beem – virgeschriwwe ginn.
  • Notzung ausschliisslech fir Juegdzwecker: D’Juegdbud däerf nëmmen am Kader vun der Juegd benotzt ginn, also fir déi sougenannt „fins cynégétiques“.
  • Limitéierung op eng Bud pro Juegdlous: Pro Juegdlous däerf et nëmmen eng eenzeg Juegdbud ginn.

3.2        Wéi grouss an aus wat fir engem Material däerf eng Juegdbud sinn?

  • Grondfläch (fr. emprise au sol): D’Grondfläch vun der Juegdbud, inklusiv all den Annexen, däerf net méi grouss wéi 25 m2 sinn.
  • Bauweis: D’Gebai muss op enger waasserduerchlässeger Basis stoen. D’Fassad muss entweeder mat net-traitéiertem Holz verkleet sinn oder aus ähnlechem Material bestoen. D’Holz däerf drockimprägnéiert sinn.
  • Daach: Den Daach muss eng eesäiteg Pente hunn an däischtergro sinn.
  • Héicht: Déi niddregster Säit vun der Juegdbud däerf  maximal zwee Meter héich sinn.
  • Reseau: D’Juegdbud däerf net un de Reseau ugeschloss ginn (Waasser, Elektrizitéit, Gas, asw.).

3.3        Wou däerf eng Juegdbud stoen?

Eng Juegdbud kann – muss awer net –  am Juegdlous vum Juegdbail stoen. Se kann och am direkten Ëmfeld vum Juegdlous installéiert ginn, soulaang se iwwer e kuerze Wee ze erreechen a fonctionnel ass.

Ausserdeem muss de Standuert esou gewielt ginn, datt:

  • keng europäesch oder national geschützte Biotopen oder Habitater zerstéiert ginn ;
  • keng Bëschfläch verluer geet ;
  • d’Ubannung un e scho bestoende Wee méiglechst kuerz ass: idealerweis direkt um bestoende Wee respektiv maximal sechs Meter vun engem bestoende Wee ewech.

3.4        Wéi laang ass eng Geneemegung gülteg?

D’Geneemegung ass fir déi ganz Dauer vum Juegdbail gülteg. Eng nei Geneemegung ka mam neie Juegdbail vum Juegdlous ugefrot ginn. Falls d’Juegdlous un en neie Locataire geet, huet dësen d’Méiglechkeet, d’Juegdbud ze iwwerhuelen.

 

Héichsëtz, Usëtzleeder, Podium – Mirador

1       Definitioun

Een Héichsëtz, eng Usëtzleeder an ee Podium sinn erhéicht Strukturen, déi vum Jeeër benotzt ginn, fir d’Déiere besser ze gesinn, vum Wëld net erbléckt ze ginn a fir d’Wëld ze bejoen. Se erlaben et dem Jeeër, eng kloer Vue op seng Ëmgéigend ze hunn a sécher (mat noutwendegem Kugelfang) ze schéissen. Dës Strukture gi wärend dem Usëtzen oder de Beweegungsjuegde.

(Sources: https://www.proactif.lu/lu/; mobil Kanzel: https://www.tpv-anhaenger.de/mobile-jagdkanzel)

2        Standuert

Héichsëtzer/Podiumen/Usëtzleedere solle strateegesch opgestallt ginn, fir de Juegderfolleg ze maximiséieren an d’Sécherheet ze garantéieren.

Dofir hei e puer Recommandatiounen:

  • Siicht an Iwwerbléck: D’Plaz soll esou gewielt ginn, datt eng gutt Siicht op d’Juegdgebitt besteet. Dëst erlaabt et dem Jeeër, d’Wëld fréi ze erkennen an ze beobachten.
  • Wandrichtung: D’Positioun soll esou gewielt ginn, datt de Wand net an d’Richtung vum Wëld bléist. Dëst verhënnert, datt de Jeeër vum Wëld wouergeholl gëtt.
  • Kugelfang: Et ass wichteg, datt e séchere Kugelfang garantéiert ass. Dëst bedeit, datt hannert dem  Zil eng natierlech Barrière (gewuessene Buedem) besteet, sou datt d’Geschoss am Buedem begruewe gëtt.
  • Sécherheet: D’Struktur soll stabil a sécher gebaut sinn an och fest um Buedem stoen, fir Accidenter ze vermeiden. Reegelméisseg Ënnerhaltsaarbechte sinn onbedéngt noutwendeg.
  • Revéierofhängeg Faktoren: Bei der Planung sollen revéierofhängeg Faktore wéi d’Vegetatioun an d’Beweegungsmuster vum Wëld souwéi landwirtschaftlech Kulture berücksichtegt ginn.
  • Accord vum Besëtzer vum Grondstéck : Virum Opriichte muss de Besëtzer vum Grondstéck säin Accord ginn.
  • Zougänglechkeet: Den Zougang soll einfach sinn, awer gläichzäiteg net ze opfälleg. Wichteg ass och, datt fir den Accès keng geschützte Biotopen oder Habitater däerfen zerstéiert, verklengert oder beschiedegt ginn. 

Follgend Punkte mussen ausserdeem respektéiert ginn:

  • Landschaftsschutz: En negativen Impakt op d’Landschaftsbild muss evitéiert ginn, dofir mussen d’Héichsëtzer am Bësch, um Bëschrand oder niewent Hecken/Beem installéiert ginn (mat Ausnam vun de mobille Kanzelen).
  • Biotop- an Habitatschutz: Bei der Installatioun däerfe laut dem Artikel 17 vum modifizéierten Naturschutzgesetz vum 18. Juli 2018 keng geschützte Biotopen oder Habitater zerstéiert, verklengert oder beschiedegt ginn.

3         Wéini brauch ee keng Geneemegung?

An der Reegel stellt en Héichsëtz/eng Usëtzleeder/e Podium an egal wéi enger Form (fix oder mobil) eng Konstruktioun duer. De Punkt 9 vun der Annexe 9 vum modifizéierte Naturschutzgesetz vum 18. Juli 2018 gesäit folgend Ausname vir, wéini dës Strukture keng Konstruktioun duerstellen an also keng schrëftlech Geneemegung néideg ass.

en dehors des zones de protection d’intérêt national, miradors mobiles pour autant qu’ils ne dépassent pas deux unités par lot de chasse, miradors de battue sans cabine fermée en bois non traité pendant la période de battueet échelles d’affût servant à l’exploitation cynégétique

Domat ass fir follgend Juegdstrukturen ausserhalb vun nationalen Naturschutzgebidder keng Geneemegung noutwendeg:

  • e Maximum vun zwou mobille Kanzele pro Juegdlous (all weider mobil Kanzel muss ugefrot ginn) ;
  • e Podium aus net-traitéiertem Holz fir d’Dauer vun der Klappjuegd ;
  • eng Usëtzleeder fir d’Ausübe vun enger Juegdaktivitéit.

4         Wéini brauch een eng Geneemegung?

Fir all Strukturen, déi net an d’Krittäre vun der Annex 9 vum modifizéierten Naturschutzgesetz vum 18. Juli 2018 falen, ass eng ministeriell Geneemegung ofgedeckt sinn. 

An engem nationalen Naturschutzgebitt ass fir all Juegdstrukturen eng Geneemegung néideg. Dobäi sinn d’Reglementer vum jeeweilegen Naturschutzgebitt ze respektéieren.

4.1        Wien ass berechtegt, en Héichsëtz/eng mobil Kanzel geneemegt ze kréien?

All Piechter vum jeeweilege Juegdlous ass berechtegt, een oder méi Héichsëtzer opzeriichten. E muss awer eng Demande maachen, fir en Héichsëtz/eng mobil Kanzel geneemegt ze kréien.

4.2        Wéi grouss an aus wat fir engem Material däerf en Héichsëtz/eng Kanzel sinn?

  • Surface: D’Surface vun der Kanzel däerf net méi grouss wéi 2,5 m2 sinn.
  • Bauweis: D’Verankerung däerf aus net-glänzendem Metall sinn. D’Kanzel an de Support mussen ganz aus Holz oder zumindest mat Holz verkleet sinn. Niewent net-traitéiertem Holz ass drockimprägnéiert Holz akzeptéiert. Mobil Kanzele kënnen aus verschiddene Materialie gebaut sinn.
  • Daach: Den Daach muss eng eesäiteg Pente hunn an däischtergro sinn. 

4.3        Wou därf en Héichsëtz stoen?

En Héichsëtz därf

  • am Bësch
  • niewent dem Bësch
  • niewent Hecken/Beem

stoen.

Wann een en Héichsëtz opriicht, däerf ee keng Beem oder Hecken zerstéieren. D’Usëtzleeder däerf dofir z. B. net mat Neel oder anere Materialien, déi de Bam kéinte beschiedegen, un engem Bam fixéiert ginn.

Mobil Kanzele kënnen och um oppene Gewan, wou keng Hecke stinn, installéiert ginn.

Ënner dem Kapitel 4.4 fënnt ee weider wichteg Punkten zum Standuert, déi bei der Installatioun vun engem Héichsëtz musse berécksiichtegt ginn. De genaue Standuert muss op enger Kaart agedroen a bei d’Demande derbäigeluecht ginn.

4.4        Wou därf eng mobil Kanzel stoen?

De Standuert vun enger mobiller Kanzel ka flexibel gewielt ginn. Ouni zousätzlech administrativ Demarche ka se do opgestallt ginn, wou se grad gebraucht gëtt, se kann also schnell a flexibel do geparkt ginn, wou geschoss muss ginn. Awer och hei ass ëmmer den Accord vum Besëtzer vum Grondstéck noutwendeg.

Déi mobil Kanzel muss net am Bësch, um Bëschrand oder bei Hecken oder Beem installéiert ginn, mee kann och am oppene Feld stoen, wann dëst fir d’Juegd noutwendeg ass. Wann ee méi wéi zwou mobil Kanzele wëllt opstellen, muss dat duerch eng ministeriell Geneemegung ofgedeckt ginn. An dësem Fall muss de Standuert awer net op engem Plang agedroe ginn.

4.5        Wéi muss ee sech uleeën, fir eng Geneemegung unzefroen?

Fir d’Geneemegung fir en Héichsëtz unzefroen, ginn et zwou Méiglechkeeten:

·       Iwwer Guichet.lu:

Op MyGuichet gëtt ee Schrëtt fir Schrëtt duerch d’Demande geleet. Och hei muss de Standuert vun den Héichsëtzer op engem Plang agedroe ginn. Anescht wéi um Formulaire ass et hei net méiglech, verschidde Symboler anzedroen, mee just nummeréiert Punkten. Déi Punkte mussen an der Beschreiwung beschrëft ginn, je nodeem ob et sech ëm en neien oder e bestoenden Héichsëtz handelt.

 

Hei fënnt een e Beispill, wéi de Standuert op MyGuichet agedroe gëtt:

Iwwer e Formulaire

Op dësem Formulaire fënnt een all déi néideg Informatiounen, wéi zum Beispill, wat agereecht muss ginn a wou d’Dokumenter higeschéckt musse ginn.

Bei dësem Formulaire muss eng topografesch Kaart derbäigeluecht ginn, op där de Standuert vun den Héichsëtzer mat Symboler preziséiert gëtt:

4.6      Wat ass bei der Installatioun vu mobille Kanzelen ze berécksiichtegen?

Wa méi wéi zwou mobil Kanzelen um Lous néideg sinn, muss eng Geneemegung ugefrot ginn.

Déi mobil Kanzel muss net aus Holz sinn, mee se kann aus verschiddene Materialie bestoen (z. B. Metall). D’Kanzel muss awer eng donkel an diskreet Faarf hunn.

5        Wéi kann ee säin Héichsëtz fir verschidden Déierenaarten opwäerten?

Fir d’Virkomme vun Insekten, Fliedermais a Vigel am Bësch ze fërderen, kann een Näschtkëschten (dt.Nistkästen), Fliedermauskëschten an/oder Insektenhoteller un den Héichsëtz hänken. Fir optimal Bedéngungen ze schafen a se viru Reen a Friessfeinden ze schützen, sollten d’Këschten a Richtung (Süd-)Osten an op enger Héicht vun 2–3 Meter fir d’Vigel a minimum 5 Meter fir d’Fliedermais installéiert ginn.

6         Wéi laang ass eng Geneemegung gülteg?

D’Geneemegung ass fir déi ganz Dauer vum Juegdbail gülteg.

Eng Geneemegung vun engem bestoenden oder engem neien Héichsëtz/enger neier mobiller Kanzel ka mam neie Bail vum Juegdlous mat ugefrot ginn. Wann dat net gemaach gëtt, muss den Héichsëtz/déi mobil Kanzel nom Auslafe vum Bail ewechgeholl ginn.

 

 

Ewechmaache vu Beem - Abattage d'arbres

1         Definitioun

1.1        Arbre remarquable konform zum Artikel 14bis

Déi sougenannten “Arbres remarquables” sinn duerch ee groussherzoglecht Reglement geschützt. Si zeechne sech duerch hir historesch Bedeitung, hir beandrockend Gréisst oder Form aus. Dëst gëtt hinnen ee spezielle Statut, wat och erlaabt finanziell Hëllefen ze kréien fir hiren Ënnerhalt. De Link op dëst Reglement fannt dir hei: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2025/01/31/a40/jo.

Um Site vum Geoportail (http://g-o.lu/3/ACgX ) fënnt een de Layer vun den "arbres remarquables"

 

Bemierkenswäert Beem dierfe just ewech gemaach ginn:

  • am Kader vun engem ëffentlechen Notzen (utilité publique)
  • opgrond vun engem schlechte gesondheetlechen Zoustand vum Bam. An deem Fall muss eng Expertis iwwert de gesondheetlechen Zoustand vum Bam vun engem speziell dofir agreéierten Expert gemaach ginn, déi dëst awandfräi noweist. D’Käschte fir dës Expertis musse vun der Persoun gedroe ginn, déi och d’Geneemegung ufreet.

1.2        Arbre de première grandeur

Als “arbre de 1ière grandeur” gi Bamaarte bezeechent déi eng Gréisst vun 20 m a méi kënnen an hirer ausgewuessener Form erreechen.

1.3        Arbres de deuxième grandeur

Als “arbre de 2ième grandeur” gi Bamaarte bezeechent déi eng Gréisst vu 15 m a méi kënnen an hirer ausgewuessener Form erreechen.

1.4        Arbre adapté à la station

Ee Bam gëtt als “adapté à la station” , also dem Standuert ugepasst bezeechent, wann sech dësen optimal ënnert de Bedingunge kann entwéckelen op der Plaz wou e geplanzt gëtt. Speziell an de Stied oder laanscht Stroossen, wou dacks extrem Bedingungen herrsche mat wéineg Waasser an extremen Temperature muss hei speziell opgepasst ginn. Recommandatiounen heizou kann een ënnert anerem hei fannen: https://www.galk.de/arbeitskreise/stadtbaeume/themenuebersicht/strassenbaumliste/

1.5        Brusthöhenduerchmiesser (BHD)

De Brusthöhenduerchmiesser (diamètre à 1,3 m au-dessus du sol) ass an der Bëschbewirtschaftung den Duerchmiesser vun engem Bam an 1,3 m Héicht iwwert dem Buedem gemooss.

1.6        Bamkadasternummer

Beem op ëffentleche Plazen, zumools Stroossebeem, kënnen eng Nummer hunn. Dës Nummer kënnt aus dem Bamkadaster, dee vun der Stroossebauverwaltung (Administration des ponts et chaussées) geréiert gëtt. Dëse Kadaster ass en digital Verzeechnes an deem all ëffentlech Beem, besonnesch Stroossebeem, erfaasst sinn. D’Nummer déngt als eendeiteg Identifikatiounsnummer an huet zum Zweck d’Lokalisatioun, d’Fleeg, d’Kontroll an d’Verwaltung vun dësen (Bamaart, Stammduerchmiesser, Héicht, Planzjoer an ëmgesate Moossnamen) ze dokumentéieren. Och vill Gemengen hu schonn esou ee Kadaster fir d’Gestioun vun hire Beem ze garantéieren.

1.7        Gäertnereschen Agrëff

Ënnert gäertnereschen Agrëff falen normal Entretiensaarbechten a Privatgäert op bebaute Parzellen innerhalb vun der Bauzon:

  • D’Schneide vun Hecken
  • D’Hae vu Beem
  • D’Ewechmaache vun Hecken.

Dës brauche keng Geneemegung an et brauch och keng Ökopunktebilanzéierung gemaach ze ginn.

Awer opgepasst!:

·       Aarbechten, déi gemaach gi fir een neie Bauprojet virzebereeden, sinn hei ausgeschloss.

  • Agrëff a Liewensräim vun Aarten déi sech an engem schlechten Erhalungszoustand (HEIC) befanne sinn hei och ausgeschloss. Dëst kann zum Beispill e Bongert an engem Privatgaart sinn, deen e Liewensraum fir bedrote Vullen a Fliedermausarten duerstellt. 
  • En “arbre remarquable” am Privatgaart op enger bebauter Parzellen ausserhalb vun der Gréngzon ass hei ausgeschloss.

1.8        Geschützte Biotopbam no Artikel 17

Fir datt ee Bam als geschützte Biotop laut Artikel 17 vum Naturschutzgesetz gëllt :

  • Muss et sech entweder ëm en eenzelne Bam oder ëm Vegetatiounsstrukturen handelen, déi aus e puer Beem aus gréisstendeels eenheemeschen Aarte bestinn, Dës si bemierkenswäert entweder duerch hire Brusthöhendurchmesser (BHD), dee méi grouss wéi 30 cm ass, oder op Grond vun hirer Funktioun als Landschaftsstrukturelement oder als ökologesche Korridor oder als Liewensraum fir Déieren.
  • Musse Bamgruppen, déi op mannst aus zwee Beem bestinn, wou d’Krounen sech beréieren oder d’Stämm maximal 10 m ausernee stinn.
  • Musse Bamreien, déi aus mindestens dräi Beem bestinn, wou d’Stämm maximal 30 m ausernee stinn.

Dës Definitioun kënnt aus dem groussherzoglechem Reglement vum 1. August 2018 
https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2022/07/08/a365/jo).

2         Wéini brauch een eng Geneemegung

Beem, fir déi eng Geneemegung néideg ass, fir se dierfen ëm ze maachen, sinn am Naturschutzgesetz an 3 grouss Kategorien ënnerdeelt:

2.1        Art.14bis

Beem, déi als “Arbre remarquable” no groussherzoglechem Reglement geschützt sinn

2.2         Art.14

  • Beem, déi op enger ëffentlecher Fläch stinn, spréch op engem Terrain deen dem Staat, enger Gemeng oder enger parastaatlecher Organisatioun gehéiert
  • sougenannte Marken, also Beem déi eng Parzellegrenz markéieren oder Beem, déi op enger Parzellegrenz stinn
  • Beem, déi laanscht eng Baach oder engem stoende Gewässer, also ee Weier, stinn (dëst gëllt och fir Hecken a Gestrëpp).

Dës Notzunge bezéien sech op sou wuel eenheemesch wéi och net eenheemesch Bamaarten.

2.3        Art.17

Beem, bei deenen et sech ëm ee geschützte Biotop an der Gréngzon oder am Bauperimeter handelt

Bemierkung: Beem, déi ënnert den Art.14 falen, falen dacks och ënnert den Art.17.

3         Wéini brauch ee keng Geneemegung?

  • Wann den Agrëff sech am private Gaart am Bauperimeter befënnt an dësen net am Kader vun enger Bebauung ëmgesat gëtt an deemno ënnert Definitioun vum gäertnereschen Agrëff fält.
  • Am Bauperimeter oder an der Gréngzon op private Flächen, wann et sech net ëm eenheemesch Bamaarten handelt oder den eenheemesche Bam net d’Krittäre vun engem geschützte Biotopbam erfëllt.

Hei fënnt een eng Lëscht vun eenheemesche Bamaarten: https://mnhn.public.lu/dam-assets/publications/ferrantia/ferrantia93.pdf

Beem, déi net ënnert d’Krittäre vu "Wéini bräuch een eng Geneemegung" falen, brauche keng Geneemegung fir se fort ze maachen. Bei Onsécherheeten op een dee Bam op sengem Grondstéck einfach sou ewech maache kann oder net, kann een sech un de lokale Fierschter wenden.

4         Wat muss ee maachen, wann een eng Geneemegung brauch?

Jee nodeem ënnert wéi en Artikel vum Naturschutzgesetz de Bam fält, gëlle verschidde Bestëmmungen fir eng Geneemegung ze kréien. Hei ënnendrënner sinn dës eenzel opgezielt.

4.1        Arbre remarquable (Art. 14bis)

Bemierkenswäert Beem, déi laut  groussherzoglechem Reglement geschützt sinn, dierfen nëmmen a ganz spezielle Fäll fortgemaach ginn.  Dëst ass dee Fall wann:

  • Si fir ee Projet Plaz musse maachen deen dem ëffentlechem Notzen entsprécht, wëll heesche fir ee grousse Stroossebauprojet zum Beispill, a falls keng aner Léisung méiglech ass.
  • Wann dee Bam an engem schlechten Zoustand ass, spréch staark krank oder net méi stabil ass.

Fir dësen ass onofhängeg op et sech ëm en eenheemeschen oder net eenheemesche Bam (dëse gëtt opgrond vu sengem Wäert engem eenheemeschem Bam gläichgestallt) handelt, eng Ökopunkte-Bilanzéierung ze erstellen. Dës kann entweder vun engem agreéiertem Bureau oder dem Service Compensation vun der Naturverwaltung, wann et sech ëm e klénge Projet vun enger Privatpersoun handelt, erstallt ginn.

4.2        Bam am ëffentleche Raum (Art. 14)

Fir all Bam (eenheemesch oder net) dee fort gemaach gëtt, muss een neie Bam entweder op der Plaz, um selwechte Site, laanscht déi selwecht Strooss oder all selweschte Wee geplanzt ginn. Dës muss net zwéngend déi selwecht Bamaart sinn. De Bam muss déi selwecht Héicht oder méi erreeche kënnen a muss un de Standuert ugepasst sinn (“arbres de première ou deuxième grandeur, adaptés à la station”). Heizou ass ënnert dem Punkt 1.1 eng Erklärung. Deemno kënnen och Beem aus der Lëscht “Liste nicht-einheimischer Baumarten für extreme Standorte im Siedlungsraum” (https://www.pactenature.lu/sites/pactenature/files/media-docs/2022-06/Naturpakt_Liste%20B%C3%A4ume%20nicht%20einheimisch.pdf) fir nei Uplanzunge gewielt ginn.

Fir Demande gëtt en detailléierte Plang gebraucht wou d'Beem, déi fort komme sollen, agedroe sinn. Donieft gëtt och gefrot unzeginn, wéi vill nei Beem ugeplanzt ginn a wou dës hikomme sollen. Falls de Bam, dee fort komme soll, eng Bamkadasternummer huet, muss een déi och uginn.

Falls ee Bam misst fortkommen, wou geschützten Aarten dra bréien (z.B.: een Horst vun engem Schéierschwanz dran ass), da muss sécher gestallt ginn, datt dësen een Ersatz kritt iert de Bam ka fortgemaach ginn. Dëst nennt een CEF-Moossnam  (méi derzou ënnert:  https://environnement.public.lu/fr/natur/biodiversite/compensation.html.

4.3        Biotopbam an der Gréngzon (Art. 17)

An der Gréngzon dierfe Biotopbeem ëmgehae ginn, wann se ënnert ee vun dëse Krittäre falen:

  • Ëffentlechen Notzen, ëffentlech Sécherheet oder Gesondheet
  • Ëmstrukturéiere vu landwirtschaftleche Parzellen (Flurneuordnung)
  • Nei Schaffung oder Astandsetzen vu Biotopen oder Habitater am Kader vun engem Fleegeplang fir Déieren oder Liewensraim (plan d'action espèces et habitats) oder engem geneemegtem Moossnameplang (plan de gestion) vun engem Natura2000 Gebitt (zones d’intérêt communautaire Natura 2000) oder engem nationalem Naturschutzgebitt (zones protégées d’intérêt national) (méi derzou ënnert: https://environnement.public.lu/fr/natur/biodiversite/mesure_3_zones_especes_proteges.html an https://environnement.public.lu/fr/natur/biodiversite/plan_d_action_especes_et_habitats1.html). E Beispill heifir ass d’Ewechmaache vu Beem am Kader vun enger Entbuschung vun engem Weier/Dëmpel oder wann een eng mat Beem zougewuesse Moerwiss (magere Flachland-Mähwiese 6510) erëm histelle wëll.

4.4        Biotopbam am Bauperimeter (Art. 17)

Fir d’Ewechmaache vun engem Biotopbam am Bauperimeter muss eng Ökopunkte-Bilanzéierung, vun engem agreéiertem Bureau erstallt ginn. De Service Compensation vun der Naturverwaltung ka fir kléng Projeeën vu Privatpersounen dës Bilanzéierung erstellen. Méi dozou am FAQ zum Artikel 17 an ënnert dem Punkt 1.4.5.

4.5         Ökopunkte-Bilanzéierung – Wat ass dat?

Fir d’Ewechmaache vum Bam, muss eng Opnam vun de betraffene Biotopen/Habitater an eng Ökopunkte-Bilanzéierung (Art. 17) gemaach ginn. De Verloscht vu Biotopen/Habitater kann a Form vun Ökopunkten an de Kompensatiounspool abezuelt ginn oder mat Kompensatiounsmoossnamen op der Plaz (in situ Moossnamen) oder engem externem Kompensatiounsprojet (Artikel 63 (3)) ofgedeckt ginn.

Falls et beim Ewechmaache vum Bam zu engem Impakt op essenziell Liewensräim vu geschützten Aarten (Artikel 20, 21) kënnt, musse verdéiwend faunistesch/floristesch Etuden an, de Fall gesat, d’CEF-Moossname gemaach ginn. Dëse Verloscht ass och an enger Ökopunkte-Bilanzéierung festzehalen. Zerstéierung vun essenzielle Liewensräim kann net an de Kompensatiounspool abezuelt ginn, mee muss als CEF-Moossnam kompenséiert ginn (méi derzou ënnert:  https://environnement.public.lu/fr/natur/biodiversite/compensation.html.

Eng Ausnam besteet. wann de Bam am Kader vun engem Plan d’Action fir Déieren oder Liewensraim oder engem Plan de Gestion vun engem Natura2000 Gebitt oder engem nationalem Naturschutzgebitt ewech gemaach muss ginn. Am deem Fall brauch ee keng Ökopunkte-Bilanzéierung.

5         Gëtt et eng Alternativ zum Hae vun de Beem?

Och wann de Bam net méi dee schéinsten ass, sou ass en dach, zumools an deem Zoustand immens wichteg fir d’Vullen an d’Insekten. Hie stellt hinnen, och nach ofgestuerwen, Liewensraum an Narungsquell. Dofir sollte Beem, wann se net stéieren an net geféierlech si fir de Mënsch, esou laang wéi méiglech stoe gelooss ginn.

Jee no Fall ginn et Méiglechkeeten e Subsid unzefroen:

  • Fir d’Fleeg an den Ënnerhalt vun ale Beem, wann dës opgrond vun hirem Duerchmiesser, hirer Funktioun als Landschaftsstrukturelement oder als ökologesche Korridor oder als Liewensraum fir Déiere besonnesch sinn. Heifir kritt ee 50% vun de Käschten zréck.
  • Fir den Ënnerhalt vun engem “arbre remarquable”.

Am groussherzoglechem Reglement vum 30. September 2019 fënnt ee weider Informatiounen dozou (règlement grand-ducal du 30 septembre 2019 concernant les aides pour l’amélioration de l’environnement naturel: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2019/09/30/a667/jo).

Bei Onsécherheete besteet d’Méiglechkeet sech vum lokale Fierschter beroden ze loossen.

 

Dréchemauer / Steekoup - Mur en pierres sèches / murgiers

1        Définitioun

Dréchemaueren an Steekéip ënnerscheede sech an hirer Bauweis a Funktioun a ginn hei ënnendrënner beschriwwen.

Dréchemauer (fr. mur en pierres sèches)

Eng Dréchemauer kennzeechent sech doduerch dat dës Mauer ouni Speis no bestëmmte Prinzippien a Reegele gebaut gëtt. Fréier hunn d’Baueren an d’Wënzer sech ëm de Bau an den Entretien vun dëse gekëmmert. D’Wësse fir de Bau vun dëse gouf mëndlech vu Generatioun zu Generatioun weider ginn.

D’Verännerunge vun de landwirtschaftleche Praktiken hunn zu engem erhieflechem Verloscht vun der Dréchemauerbautechnik geféiert. Dowéinst ass dëst Wësse säit 2018 Deel vum immateriellem Kulturierwe vun der UNESCO a steet och op der Lëscht vum nationalen immaterielle Kulturierwen (IKI).

Lokal oder recuperéiert Natursteng a Form vu Brochsteng, Plaque, Bléck, behaen oder onbehaen gi benotzt fir zu enger Mauer oder engem Gewölbe verbaut ze ginn. Dës Steng ginn aus Steebréch oder aus der Ëmgéigend gewonnen a sou beaarbecht, dat si zu den ugrenzende Steng passen. D’Zesummesëtzen an d’Positionéierung vun den Natursteng gëtt sou gestalt dat dës optimal openee passen an eng stabil Mauer mat enger Duerchlässegkeet zum Buedem entsteet. Bei der Dréchemauer gëtt tëschent Stëtzmauer a fräistoender Mauer ënnerscheed. Eng Stëtzmauer grenzt zu enger Säit un en Hang fir dësen ze stëtzen z.B. am Wéngert, laanscht Stroossen oder Eisebunnslinnen. Déi fräistoend Mauer steet zu den zwou Säite fräi an huet z.B. d’Funktioun eng Grenz tëschent zwou Proprietéiten duerzestellen oder virum Wand ze schützen.

Fir dat eng Dréchemauer als BK20 Biotop nom groussherzoglechem Reglement vum 1. August 2018 ugesi gëtt (règlement grand-ducal modifié du 1er août 2018 concernant les biotopes protégés et habitats: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2022/07/08/a365/jo), muss dës wéi uewe beschriwwen opgebaut ginn an eng Léngt vu mindestens 5 m hunn.

 

Duerch d’Bauweis vun der Dréchemauer besëtzen dës vill Tëscheraim. Dréchemaueren suerge fir e stabilt Mikroklima andeems si d’Temperatur vum Dag bis an d’Nuecht späicheren. Sie sinn dowéinst e besonnesche Liewensraum fir e ganze Koup vu wärmeliebend Déieren a Planzenaarte wéi Insekten, Spannen, Reptilie wéi Schléngnatter a Mauereidechs awer och fir eng Rei vu Blummenaarten, Flechten, Moossen a Faren.

 

De Bau vun Dréchemauere gëtt och am Kader vum Aktiounsplang fir Mauereidechsen Méi dozou ënnert: https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/plan_action_especes/podarcis_muralis___Coronella_austriaca.pdf

 

2 Steekoup (fr. murgier)

Steekéip entstinn duerch d’Sammele vu Steng aus de Felder. D’Steng ginn dann niewent dem Feld opgekéipt, wëll si do net stéieren. Duerch dës Praxis entseet onbewosst Liewensraum fir Insekten a kléng Mamendéiere. Dës Praxis gëtt haut just nach vereenzelt duerchgefouert, sou dat et ëmmer manner Steekéip an der Landschaft ginn.

Fir dat e Steekoup als BK21 Biotop nom groussherzoglechem Reglement vum 1. August 2018 ugesi gëtt (règlement grand-ducal modifié du 1er août 2018 concernant les biotopes protégés et habitats: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2022/07/08/a365/jo), muss dësen eng Dimensioun vu mindestens 20 m2 hunn.

 

3         Wat fällt net ënnert d’Definitioun vun enger Dréchemauer oder engem Steekoup?

3.1        Gabiounen

Gabiounen si Gitterkierf aus Metall, déi mat Natursteng oder anere Materialie gefëllt ginn. Am Géigesaz zu Dréchemauere bidden dës keng Méiglechkeet fir de Wuesstum vu Planzen a stellen en éier gerénge Liewensraum fir Aarten duer. Deemno ginn dës och net als Biotop unerkannt.

3.2        Zyklopesteng

Zyklopesteng si grouss onreegelméisseg geformten Natursteng, déi traditionell ouni Beaarbechtung benotzt ginn. Maueren aus Zyklopesteng bestinn heefeg aus gläich grousse Steng, déi wéineg Spléck an Huelräim fir Liewewiese bidden. Donieft hunn dës Steng eng glat Uewerfläch op där sech keng Planzenaarten ausbilde kënnen. Aus de genannte Grënn ginn dës net als geschützte Biotop ugesinn.

4         Wéini brauch een eng Geneemegung?

D’Konstruktioun vu Steekéip an Dréchemaueren brauchen eng Geneemegung.

4.1        Wat sinn d’Krittären, fir eng Dréchemauer oder e Steekoup an der Gréngzon geneemegt ze kréien?

D’Dréchemauer oder de Steekoup déi bewosst an der Landschaft gebaut ginn zum Virdeel vum Aarteschutz, musse fachgerecht an der Gréngzon gebaut sinn, dat heescht:

  • Benotzung vu lokalen oder recuperéierten Natursteng
  • E fachgerechten Opbau bei der Dréchemauer
  • Kee Speis , anert bannent Mëttel oder Pechmëtteg tëschent de Sténg. 

Fir béid Konstruktioune brauch een eng Geneemegung wann een dës an der Gréngzon opriichte wëll.

 

Opgepasst: Dëst betrëfft net Steekéip déi duerch eng landwirtschaftlech oder forstwirtschaftlech Aktivitéit oder duerch de Wäibau oder Geméisbau spontan entstane sinn oder entsti mee just Steekéip déi bewosst an der Landschaft gebaut ginn zum Virdeel vum Aarteschutz.

 

Wa sech e geschützte Biotop wéi zum Beispill eng Heck op der Plaz befënnt wou een eng Dréchemauer oder e Steekoup opriichte wëll, dann däerf dës just zerstéiert ginn, wann d’Mauer oder de Steekoup am Kader vun engem Aktiounsplang oder engem Fleegeplang ëmgesat gëtt. Fir d’Zerstéierung vum geschützte Biotop muss dann och keng Ökopunkte-Bilanzéierung erstallt ginn.

Ausgeschloss sinn hei europäesch geschützten Habitater (HIC) an Habitater vu geschützten Aarten (HEIC).

5         Wéini brauch een keng Geneemegung?

5.1        Reparatioun vun enger beschiedegter oder onstabiler Dréchemauer

Jo, et däerf een eng beschiedegt oder onstabil Mauer reparéieren, allerdéngs muss d’Reparatur no de Reegele vun der Dréchemauerbautechnik ëmgesat ginn, an däerf net zu enger Zerstéierung oder Beanträchtegung vun der Mauer féieren. Deemno ass et net erlaabt, dës duerch Speis oder aner Bann- oder Pechmëttel tëschent de Steng ze reparéieren. Fir d’Reparatioun/Stabiliséierung vun der Mauer däerfe just Natursteng benotzt ginn. Fir d’Reparatioun muss ëmmer eng Geneemegung ugefrot ginn, well et sech ëm en Agrëff an e Liewensraum vu geschützten Aarten handele kann. Dofir ass et wichteg, fir sécher ze stëllen, datt net e Liewensraum vun zum Beispill enger Mauereidechs oder soss geschützte Planzenaarten zerstéiert ginn.

Opgepasst: Dëst betrëfft net déi Dréchemaueren, déi d'Krittäre vun engem geschützte Biotop oder Liewensraum net erfëllen (méi dozou ënnert Definitioun Dréchemauer BK20 Biotop). An deem Fall kann d'Mauer ouni Geneemegung erëm reparéiert oder nei opgebaut ginn sou laang et dobäi zu kenger Verännerung vun den Dimensioun oder vum opteschen Ausgesi kënnt. Dat heescht fir d'Reparatioun däerf zum Beispill dann och net mat Speis geschafft gi, wann dat virdrun och net de Fall war. Bei Onsécherheete besteet d’Méiglechkeet sech vum lokale Fierschter beroden ze loossen.

5.2        Frästelle vun enger zougewuessener Mauer

Fir d’Restauratioun respektiv erëm d’Fräistelle vun enger zougewuessener Mauer ass et erlaabt Hecken ewech ze maachen, wann dëst am Kader vum Aktiounsplang fir d’Opwäertung vun de Liewensräim fir Mauereidechsen ëmgesat gëtt. D’Naturschutzgesetz geséit an deem Fall eng Ausnahmereegelung fir, déi beseet dat an deem Fall fir d’Ewech maache vun den Hecken keng Kompensatioun gemaach muss ginn. Heifir muss awer eng Geneemegung ugefrot ginn.

 

6         Kann een e Subsid ufroen?

Jo, et besteet d’Méiglechkeet fir de Bau vun enger Dréchemauer oder engem Steekoup an der Gréngzon e Subsid unzefroen. D’Ufro fir de Subside muss gemaach an approuvéiert ginn ier ee mat den Aarbechten ufänkt a kann een am Kader vum Aktiounsplang fir Mauereidechsen (https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/plan_action_especes/podarcis_muralis___Coronella_austriaca.pdf) maachen.

Am groussherzoglechem Reglement vum 30. September 2019 (règlement grand-ducal du 30 septembre 2019 concernant les aides pour l’amélioration de l’environnement naturel: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2019/09/30/a667/jo) an am groussherzoglechem Reglement vum 24. Juli 2024 (règlement grand-ducal du 24 juillet 2024 relatif aux aides en faveur de la sauvegarde de la biodiversité en milieu rural :  https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2024/07/24/a329/jo) fënnt ee weider Informatiounen dozou.

D'Subside ginn eréischt nom Ofschloss vun den Aarbechten ausbezuelt an nodeems kontrolléiert gouf, ob se richteg ausgefouert goufen.

Fir de Formulaire fir dës Ufro a weider Informatioune kann een sech un dat zoustännegt Arrondissement vun der Naturverwaltung wenden.

Donieft besteet och d’Méiglechkeet fir d’Bewirtschafter vu landwirtschaftleche Flächen duerch den Ofschloss vun engem Biodiversitéitsprogramm eng Prime ze kréien. E Steekoup an eng Dréchemauer falen dobäi ënnert de Punkt vun der Schafung vun ökologesche Strukturelementer an der Landschaft.

An der Brochure “Biodiversität in der Landwirtschaft” (https://environnement.public.lu/fr/publications/conserv_nature/2024/biodiversitaet-in-der-landwirtschaft.html) fënnt ee weider Informatiounen derzou.

Bei Bestandmaueren ass och ëfters den INPA mat involvéiert, respektiv et kann een, duerch ee bewosst Klassement, och Subside vum INPA kréie fir d’Restauratioun. Um Internetsite (https://inpa.public.lu/fr.html) vum INPA (Institut national pour le patrimoine architectural) fënnt ee méi Informatiounen zu dësem Thema.

7         Wou kann een sech iwwert Dréchemaueren informéieren?

Weider Informatiounen zu den Dréchemauere fënnt een op follgendem Site: https://environnement.public.lu/fr/natur/biodiversite/plan_d_action_especes_et_habitats1/pierre-seche.html oder et besteet d’Méiglechkeet sech de “Showroom pièrre sèche” zu Rëmerschen bei de Baggerweieren unzekucken. D’Iddi vun dësem ass ze weise wéi eng Méiglechkeeten Dréchemauertechnik bitt. De Formatiounszenter fir Bauwiesen (Institut de formation du secteur du bâtiment (IFSB)) bitt méi Formatioune fir d’Qualifikatioun am Beräich vun der Dréchemauerbautechnik fir Bauaarbechter, déi am Mauerbau ausgebilt sinn.

Stoend Gewässer – Plans d’eau, mares

Stoend Gewässer, wéi Weieren, Dëmpelen oder Mardelle si wichteg Landschaftselementer, déi och eng grouss Bedeitung fir d’Biodiversitéit an den Naturschutz hunn. Si bidde Liewensraum fir vill Déieren- a Planzenaarten, ënnerstëtzen den natierleche Waasserkreeslaf a kënnen och zur Verbesserung vum Mikroklima bäidroen.

Dësen FAQ soll als praktesche Guide dénge fir all déi, déi sech fir d’Uleeën, Restauréieren oder d’Vergréisserung vu stoende Gewässer interesséieren, egal ob am privaten oder am professionelle Kontext.

Définitioun

1         Weier (étang)

E Weier ass e stoende Waasserkierper, deen e puer Quadratmeter oder e puer Hektar grouss ka sinn an dacks net méi déif wéi 5 Meter ass. Vill Weiere goufe vum Mënsch ugeluecht, mee si kënnen och natierlech duerch Reewaasser, Grondwaasser oder kleng Zouflëss entstane sinn.

2         Dëmpel (mare)

En Dëmpel ass e klenge, flaache Waasserkierper, deen net méi déif ass wéi 2 Meter. Hien läit dacks verstoppt an der Natur, zum Beispill um Rand vun engem Feld oder am Bësch an entsteet oft duerch Reewaasser. Dëmpele kënnen natierlech entstoen oder vum Mënsch ugeluecht ginn, a si kënnen zäiteweis och dréche leien.

Fir den Dëmpel am Oppeland besteet den Aktionsplang “Mares des milieux ouverts”:

https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/plan_action_especes/habitats-mares.pdf

Hei zwou Fotoe vun Dëmpel am Oppeland:

2        Den Opbau vun engem Dëmpel

D'Illustratioun hei ënnendrënner weist e generellen Opbau vun engem Dëmpel als Längsschnëtt mat enger waasserdichter Leemschicht um Buedem, enger variabeler Déift vun 80 bis 150 cm, an enger natierlecher Ëmgéigend mat Beem op béide Säiten.

3         Mardelle

Eng Mardelle gëtt oft als „kleng Mare“ oder „klengen Dëmpel“ bezeechent. Si ass meeschtens nach méi kleng wéi en Dëmpel. Mardellen entstinn dacks natierlech duerch Reewaasser a leien oft am Bësch.

Hei zwou Fotoe vu Mardellen am Bësch:

4         D’ökologesch Bedeitung vu Weieren, Dëmpelen a Mardellen

Weieren, Dëmpelen a Mardellen spillen eng entscheedend Roll am Naturschutz. Si bidde wichteg Liewensraim fir vill Déierenaarten, besonnesch Amphibie wéi Fräschen a Molchen, déi do hir Eeër leeën. Dës Gewässer sinn net nëmme Fortplanzungsplazen, mee och Nahrungsquellen an Unzuchtsplazen.

Besonnesch bedeitend ass d’Uferregioun: Si verbënnt Land a Waasser an ass räich u Biodiversitéit. Amphibien, Insekten, Vullen a kleng Mamendéieren notzen dës Zone fir d’Fortplanzung, d’Nahrungssich oder als Verstopp. Fir dës Déieren ze schützen, ass et wichteg, dass d’Uferen natierlech bleiwen an net geméint ginn.

Fir ze verhënneren, dass eng Mardell zouwiisst, ass et wichteg, se vun Zäit zu Zäit ze entbuschen. Wann nämlech keng Pfleeg gemaach gëtt, hëlt d’Naturverjüngung iwwerhand, wat dozou féiert, dass Straicher oder jonk Beem d’Mardell beschatte kënnen. Dat kann negativ Auswierkungen op d’Liewensraim vun Amphibien an aner Déieren, déi d’Waasser gären hunn, hunn.

Hei muss een den Ënnerscheed maachen tëscht krautege Planzen (wéi Gras, Stauden oder Blummen), déi d’Biodiversitéit ënnerstëtzen, a verholzte Planzen (wéi Straicher a Beem), déi bei ze staarker Präsenz d’Mardell verännere kënnen. Eng Entbuschung vun de verholzte Planze kann hëllefen, d’Mardell als natierleche Biotop ze erhalen.

Weieren, Dëmpelen a Mardellen gëllen als geschützt Biotopen a falen ënnert de Schutz vum Artikel 17 vum Naturschutzgesetz.

5         Wéi eng Waasserkierper gëllen als geschützte Biotope oder Liewensraim?

Waasserkierper, déi als geschützte Biotop oder Liewensraum gëllen, musse follgend Krittären erfëlle fir als BK08 ze gëllen :

  • mindestens 25 m2 grouss sinn,
  • kënnen zäiteweis ausdréchnen,
  • d’Vegetatioun laanscht d’Ufer soll haaptsächlech aus natierleche Bestänn vu Schilfrohr (Roselière), Schwanzgras (Typha), Sauergras (Cariçaie), Binsen (Jonçaie), Héichstauden (Mégaphorbiaie) oder aneren typeschen amphibesche Planze bestoen. Eng Entbuschung kann néideg sinn.

Jee no Proprietéite vum Waasserkierper, kann en och als en europäesch geschützte Liewensraum klasséiert sinn:

  • 3130:    nährstoffaarm bis mëttel nährstoffräich sinn, mat enger spezifescher Vegetatioun aus der Grupp Littorelletea uniflorae an/oder Isoëto-Nanojuncetea
  • 3140:    Kalekräich, nährstoffaarm bis mëttelräich mat Buedemvegetatioun aus Chara-Aarten
  • 3150:    Natierlech Séien oder Weier mat nährstoffräichem Waasser, déi mat Vegetatioun aus der Grupp Magnopotamion oder Hydrocharition bewunnt sinn

6         Wat fällt net ënnert d’Definitioun vun engem stoenden Gewässer?

6.1        Fëschweier

E Fëschweier ass e speziell ugeluechte Waasserkierper, an deem Fësch liewen oder geziicht ginn. Sou Weiere fënnt een am Kader vu Fëschzuuchten, Fräizäitaktivitéiten oder als dekoratiivt Element an der Landschaft. Am Géigesaz zu natierleche Weieren, gi Fëschweier oft gezielt bewirtschaft a kënnen technesch Equipement enthalen, wéi Pompelen oder Filteranlagen. E Fëschweier gëllt als eng Konstruktioun nom Artikel 6 vum Naturschutzgesetz an ass an der Gréngzone net erlaabt.

E Fëschweier an der Gréngzon ass just am Kader vun enger Fëschzuucht (Exploitation piscicole) erlaabt.

6.2        (Natur-)Schwammweier

En Naturschwammweier ass e Waasserkierper, dee fir d’Schwammen ugeluecht gëtt an ouni chemesch Produite wéi Chlor funktionéiert. Trotz hirem scheinbar natierleche Charakter gëllen Naturschwammweieren als eng Konstruktioun nom Artikel 6 vum Naturschutzgesetz a sinn an der Gréngzon net erlaabt.

6.3        Schwämm

Eng Schwämm ass e kënschtleche Waasserkierper, an déngt ausschliisslech dem mënschleche Gebrauch. Eng Schwämm ass eng Konstruktioun an ass an der Gréngzon net erlaabt. De Schwammweier, d’Schwämm an aner Baute ronderëm d’Waasser ënnerleie strikte Reegelen an der Gréngzon. Si gëllen als Konstruktiounen a falen ënnert den Artikel 6 aus dem Naturschutzgesetz a sinn deemno net geneemegbar an der Gréngzon.

7         Wéini brauch een eng Geneemegung?

Fir all Weier, Dëmpel a generell all Waasserkierper, deen an der Gréngzon ugeluecht gëtt oder verännert gëtt ass eng Geneemegung néideg. Eng Schwämm oder en Naturweier ass och e Waasserkierper. Mir ënnerscheeden tëscht Oppeland an dem Bësch:

Falls een an der Gréngzon wunnt oder en Terrain an der Gréngzon huet, da kann een do e Waasserkierper uleeën, mee et gi Krittäre wat een uleeën dierf a wéi et gemaach soll ginn.

Allgemeng gëllt, dass kee geschützte Biotop oder Liewensraum (HIC: Habitat d’intérêt communautaire an HEIC: Habitat d’espèce d’intérêt communautaire) zerstéiert dierf ginn.

7.1        Allgemeng Krittären

  • De Waasserkierper soll d’Biodiversitéit fërderen an naturno gebaut ginn.
  • Et dierfe keng syntheetesch Materialie benotzt gi fir de Weier unzeleeën.

Oppassen : verschidden natierlech Materialien, wéi Bentonite dierfen als Dichtungsschicht benotzt gi fir e Weier unzeleeën. Bentonite ass en natierlecht Tounmaterial.

  • Et dierfe keng invasiv Planzen an Déierenaarten abruecht ginn. Dëst gëllt och fir Fësch.
  • D’Vegetatioun am Weier soll natierlech entstoen.
  • D'Ufer dierfen net ze géi sinn, fir dass eng Flaachwaasserzon fir Amphibie ginn ass. D’Pente soll, wa méiglech, mat engem Rapport vun 1:20 (oder maximal 5% Steigung) gemaach ginn.
  • Falls de Weier iwwert eng Baach gespeist soll ginn, muss een och eng Geneemegung bei der AGE (Administration de la gestion de l'eau : info@eau.etat.lu) ufroen.

7.2        Däerf ee Plastik oder aner syntheetesch Mëttel benotze fir de Weier dicht ze maachen?

Plastik ass net erlaabt fir e Weier dicht ze maachen. Plastikfolien kënnen de Waasseraustausch mat dem Ënnergrond verhënneren, wat negativ Auswierkungen op d’Mikroorganismen an d’Vegetatioun huet. Bei temporäre Weieren oder Dëmpel, déi natierlech entstoe sollen oder verschwannen, ass eng Versigelung net virgesinn.

E Weier mat enger Plastikfolie gëllt als Konstruktioun a fält ënnert den Artikel 6 vum Naturschutzgesetz. Alternative wéi Leem si méi ëmweltfrëndlech an dierfe benotzt ginn.

7.3        Am Oppeland

Am Oppeland dierf e Waasserkierper ugeluecht ginn, wann

  • Kee geschützte Liewensraum vun europäescher Bedeitung (HIC) zerstéiert gëtt.
  • Kee geschützte Liewensraum vun enger europäesch wichteger Aart, déi net an engem gudden Erhalungszoustand ass, (HEIC) zerstéiert gëtt.

Falls den neie Waasserkierper am Kader vun engem Aktiouns- oder Gestiounsplang ugeluecht gëtt, dierf en national geschützte Biotop zerstéiert ginn.

7.4        Am Bësch

De Bësch ass e wichtege Liewensraum a muss, esou wäit et geet, erhale bleiwen. Dofir dierf e Waasserkierper just am Bësch nei ugeluecht ginn, wann

  • et am Kader vun engem Gestiounsplang oder Aktiounsplang ass.
  • d’Mardell mi kleng ewéi 50 Ar ass.

7.5        Am Gaart an der Gréngzon

Waasserkierper kënnen an der Gréngzon um privaten Terrain erlaabt ginn, wann déi allgemeng fir genannte Krittären erfëllt sinn.

7.6        Am Kader vun engem Gestiouns- oder Aktiounsplang

Am „Plan National concernant la Protection de la Nature“ (PNPN3) gi Waasserkierper als wichteg Elementer fir d’Biodiversitéit ugesinn. Si déngen als Liewensraum fir vill Déieren a Planzen, ënnerstëtzen d’Verbindung tëscht verschiddenen natierleche Flächen an droen zur Waasserretentioun an zum Klimaschutz bäi. De PNPN3 gesäit konkret Moossname vir, fir dës Habitater ze restauréieren oder nei unzeleeën, wéi z. B. d’Schafung vun enger Mare an zéng Mardellen an enger Waasserschutzzon, d’Entschlammung vun zougeschotte stoende Gewässer, an d’Finanzéierung vu lokale Biodiversitéitsprojeten zesumme mat Gemengen oder Privatleit.

Méi zum PNPN3: https://environnement.public.lu/fr/natur/biodiversite/pnpn.html

E Gestiouns- oder Aktiounsplang ass e Plang, fir Déieren, Planzen an hir Liewensraim ze schützen. Do steet ënner anerem dran, wat gemaach muss ginn (z. B. Beem planzen oder Waasserflächen erhalen), wien dat mécht, wéini et geschitt, a wéi et kontrolléiert gëtt.

Fir Waasserkierper an Amphibien, déi vun den Dëmpel profitéiere, ginn et verschidde Gestiouns- an Aktiounspläng (mat der jeeweileger Foto aus dem Gestiouns- an Aktiounsplang) :

Plan d’action espèce

“Crapaud calamite” (Kreuzkröte)

https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/plan_action_especes/bufo_calamita.pdf

Plan d’action espèce

“Rainette arboricole” (Laubfrosch):

https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/plan_action_especes/hyla_arborea.pdf

Plan d’action espèce

“Triton crêté” (Kammmolch):

https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/plan_action_especes/Triturus-cristatus.pdf

Plan d’action espèce

“Sonneur à ventre jaune” (Gelbbauchunke):

https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/plan_action_especes/PAE-Bombina-variegata.pdf

Plan d’action Habitat

“Mares des milieux ouverts” (Naturnahe Stillgewässer im Offenland):

https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/plan_action_especes/habitats-mares.pdf

Falls e Waasserkierper am Kader vun engem Gestiounsplang ugeluecht soll ginn, da muss en ëmmer iwwert eng Naturschutzgeneemegung ugefrot ginn an:

  • Et dierf en national geschützte Biotop zerstéiert ginn. Hei ass laut dem Artikel 59 (3) vum Naturschutzgesetz keng Ökopunkte-Bilanzéierung néideg.
  • Et dierf kee geschützte Liewensraum vun europäescher Bedeitung (HIC) oder geschützte Liewensraum vun enger europäesch wichteger Aart, déi net an engem gudden Erhalungszoustand ass (HEIC) zerstéiert oder verschlechtert ginn.

7.7        An engem nationalen Naturschutzgebitt (ZPIN)

Falls e Waasserkierper an engem nationalen Naturschutzgebitt (ZPIN) ugeluecht soll ginn, da muss gekuckt ginn, ob dëst am Kader vun engem Gestiouns- oder Aktiounsplang geschitt an ob et heifir eng Ausnam am Reglement vun der betraffener ZPIN gëtt, soss kann e Weier oder Dëmpel net erlaabt ginn.

Informatiounen zu den ZPIN’e fënnt een am Geoportail:

https://map.geoportail.lu/theme/emwelt?lang=lb&version=3&X=681869&Y=6392457&zoom=11&rotation=0&features=&layers=804&opacities=1&time=&bgLayer=basemap_2015_global&serial=

8         Wat sinn d’Krittären, fir d’Restauratioun oder d’Vergréisserung vun engem stoende Gewässer geneemegt ze kréien?

E Waasserkierper gëllt als geschützte Biotop oder Liewensraum. Fir hei agräifen ze dierfen, z.B. duerch eng Restauratioun oder Vergréisserung muss e Gestions- oder Aktionsplang virleien.

Falls dëst am Bësch geschitt an de Waasserkierper méi wéi 50 Ar soll hunn, da fënnt ee Changement d‘Affectatioun vum Bësch statt an weider Krittäre mussen erfëllt ginn
(méi dozou ënnert Bëschgesetz: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2023/08/23/a544/jo ).

Oppassen: Beim Uleeën oder beim Entretien vun engem Waasserkierper, deen no 1992 ugeluecht gouf, muss een dem INRA (Institut national de recherches archéologiques) Bescheed soen.  Falls de Waasserkierper virun 1992 ugeluecht ginn ass, da muss ee Sondage, also eng archeologesch Ënnersichung, gemaach ginn. Heifir muss ee souwuel den INRA kontaktéieren (iwwert hire Kontakt Formulaire https://inra.public.lu/en/support/contact.html), wéi och eng Naturschutzgeneemegung ufroen.

8.1        Fräistelle vun engem Waasserkierper fir den Entretien vun engem Waasserkierper

Falls de Waasserkierper mat der Zäit zougewuess ass, ass et erlaabt Strukturen ewech ze maachen, wann dëst am Kader vun engem Gestiouns- oder Aktiounsplang ëmgesat gëtt an iwwert eng Naturschutzgeneemegung ugefrot gëtt. Dës mussen och net iwwert eng Ökopunkte-Bilanzéierung kompenséiert ginn.

9         Wat kann ee mam Buedemaushuew maachen?

Wann e Waasserkierper nei ugefrot ginn ass, gëtt ganz oft e grousst Lach gegruewen. Bei dëser Ausgruewung kënne vill a verschidde Buedemmateriale ufalen.

Follgendes gëllt just fir Mammebuedem (oder déi éischt Buedemschicht am Bësch) an net fir de mineralesche Buedem, deen een ënnendrënner fënnt, a just wann et ugefrot a geneemegt ginn ass :

  • dierf de Buedemaushuew benotzt gi fir d'Ufere vum Weier ze erhéijen
  • dierf de Buedemaushuew och groussflächeg verdeelt ginn

Dat alles, awer just ënnert der Bedéngung, dass de Landschaftscharakter an de fiichte Charakter vun den ugrenzende Flächen erhale bleift an et dierfe keng geschützte Biotop oder Habitatflächen doduerch zerstéiert ginn. Déi iewescht Schicht vum Buedem dierf och just op der Plaz benotzt ginn an dierf och net vun do fortkommen.

Anerwäerts muss den Aushuew op eng Decharge kommen.

10         Kann een e Subsid ufroen?

Jo, all Informatioun dozou ass am “Règlement grand-ducal du 30 septembre 2019 concernant les aides pour l’amélioration de l’environnement naturel“ nozeliesen :

 https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2019/09/30/a667/jo

De Formulaire vun de Subside kann ee beim zoustännegen Arrondissement vun der ANF nofroen.

 

Zerstéierung vu geschützten Biotopen an Habitater (Art. 17) - Destruction de biotopes et d’habitats protégés

1         Definitioun

1.1        Geschützte Biotope

Ee geschützte Biotop (fr. biotope protégé) ass :

  • Ee biologesche Milieu, den enger Gemeinschaft vun Déieren- oder Planzenaarten d’Méiglechkeet vun engem Liewensraum bitt ;
  • Op Basis vum lëtzebuergeschen Naturschutzgesetz national geschützt ;
  • Mat engem Code bezeechent, bestoend aus de Buschtawen “BK” an zwou Zuelen. Bsp.: BK17 – Heck oder Gestrëpp.

1.2        Habitat

Een Habitat (fr. habitat d’intérêt communautaire) ass :

  • Eng Zone um Land oder am Waasser, déi sech duerch hir geographesch, abiotesch (net lieweg Faktoren : Klima, Buedem, Waasser, Liicht, asw.) a biotesch (lieweg Faktoren : Planzen, Déieren, Pilzer, Bakterien, asw.) Eegenschafte auszeechnen, egal ob se ganz natierlech oder hallef natierlech sinn ;
  • Op Basis vun enger EU-Direktiv an den EU-Länner geschützt ;
  • Mat engem Code bezeechent, bestoend aus enger 4-stelleger Zuelen- oder Buschtawen-Zuele-Kombinatioun. Bsp.: 6510 – Mouer Méiwisen am Déifland.

1.3        Habitat vun enger Aart

Een Habitat vun enger Aart (fr. habitat d’une espèce) ass :

  • De Liewensraum vun enger Aart, also dat Ëmfeld, dat duerch netlieweg (abiotesch) a lieweg (biotesch) Faktore charakteriséiert ass, a wou d’Aart an enger vun de Phase vun hirem Liewenszyklus lieft oder vun deem se an der Phase ofhängeg ass. beispillsweis d’Nascht vun enger geschützter Villerchersaart, als Reproduktiounssitt bezeechent,  oder eng Fläch, op der dës Aart jot, als Nahrungshabitat bezeechent ;
  • Souwuel op Basis vun EU-Direktiven an den EU-Länner wéi och national duerch d’Naturschutzgesetz geschützt ;

Erklärungen dozou ginn ët op : www.compensation.lu

2         Wou fënnt een eng Iwwersiicht iwwert déi geschützt Biotopen an Habitater?


Eng Iwwersiicht iwwert d’Virkomme vu Biotopen an Habitater zu Lëtzebuerg fënnt een um Geoportail an der Rubrik “Ëmwelt” ënnert “Biotopekadaster” : geoportail.lu

Wichteg : Net all geschützte Biotop/Habitat ass am Biotopekadaster opgeholl. Dëst gëllt virun allem fir Hecken, Eenzelbeem, Bamgruppen a Bamreien, esou wéi fir Flächen, déi als Reproduktiounssitt, Nahrungshabitat oder als Korridor genotzt ginn.

3         Firwat ass de Schutz an d’Erhale vun Habitater a Biotopen esou wichteg?

Mir erliewen aktuell eng Klima- a Biodiversitéitskriis vun onwarscheinlechem Ausmooss. De Verloscht vun der Aartevillfalt ass schläichend a fält eis an eisem deegleche Liewe kaum op. Wat als klengen Agrëff wouer geholl gëtt, kann am Cumul zu fatale Follge fir eis heemesch Flora a Fauna an doriwwer eraus féieren.

 

Dëst wierkt sech dann och direkt an indirekt op de Mënsch aus. De Schutz vu Biotopen an Habitater ass aus follgende Grënn wichteg :

  1. Biodiversitéit erhalen : Habitater sinn d'Heemecht fir vill verschidde Planzen- an Déierenaarten. Wann dës Plazen zerstéiert ginn, verléiere vill Aarten hire Liewensraum, wat bis zum Ausstierwe vun dësen Aarte féiere kann.
  2. Ekologesch Balance : Vill Aarten interagéiere mat hire Liewensräim a bilden domat komplex Ekosystemer. Wann een Deel zerstéiert gëtt, kann dëst de ganze System aus dem Gläichgewiicht bréngen.
  3. Ökosystemdéngschleeschtunge : Habitater leeschte vill wichteg Déngschter, wéi d’Hierstelle vu Sauerstoff, d'Filterung vum Waasser, d'Erhale vum Buedem, d'Bestäube vu Planzen, a d’Reguléierung vum Klima. Dës all droen erhieflech zur Liewensqualitéit bäi.
  4. Resilienz géint Klimawandel: Gesond an divers Ekosystemer kënne besser mat de Verännerunge vum Klima ëmgoen an hëllefen, déi negativ Effekter ze minimiséieren.
  5. Kulturellen a wirtschaftleche Wäert: Vill Habitater hunn eng kulturell Bedeitung fir Mënschen an ënnerstëtzen Ekotourismus, Landwirtschaft an aner wirtschaftlech Aktivitéiten.

4         Wat gëllt als Reduktioun, Degradéierung oder Zerstéierung ?

Déi entspriechend groussherzoglech Veruerdnung enthält, nieft enger Oplëschtung vun de genaue Charakteristike vun den eenzelnen Habitater a Biotopen, eng Oplëschtung vun de spezifesche Mesuren déi als Reduktioun, Degradéierung oder Zerstéierung vun de jeeweilegen Habitater a Biotopen ze gesi sinn. Fënnt also eng vun den opgelëschte Mesuren un engem Habitat oder Biotop statt, ass dëst als Reduktioun, Degradéierung oder Zerstéierung ze gesinn. Op et sech ëm eng Reduktioun, Degradéierung oder eng Zerstéierung handelt, ass opgrond vum Ausmooss vun der Mesure festzestellen.

Am weidere Verlaf gëtt, fir ze vereinfachen, de Begrëff “Zerstéierung” synonym fir déi dräi Begrëffer “Reduktioun, Degradéierung an Zerstéierung” benotzt.

Als Zerstéierung gëllt eng flächech Verréngerung vum Habitat oder vum Biotop, wärend eng Degradéierung sech op d’Funktionalitéit vum Habitat oder vum Biotop bezitt, déi ageschränkt gëtt. Fënnt eng Zerstéierung statt, verschwënnt d’Habitat oder de Biotop komplett.

D’Definitiounen vun den eenzelne Biotopen an Habitater sinn an der entspriechender groussherzoglecher Veruerdnung ze fannen. Nieft de Karakteristiken, déi di jeeweileg Biotopen an Habitater opweisen (Annex 1), sinn hei och allgemeng wéi spezifesch Mesuren festgehal, déi als Zerstéierung vun de jeeweilegen Biotopen an Habitater ze betruechte sinn (Annex 2).

D’Reglement ass hei ze fannen : Règlement grand-ducal du 1er août 2018 concernant les biotopes protégés et habitats.

Wichteg : Duerch een allgemengt Verbuet vun der Zerstéierung vun den Habitater vu geschützten Aarten, esou wéi hirem Nahrungshabitat an hirem Korridor, kënnen dës net einfach kompenséiert an zerstéiert gi, mee et mussen am Virfeld Moossnamen ëmgesat ginn, déi een neit Habitat sécherstellen, iert dat besteeënd fortkënnt. Dës virgezu Moossname ginn als CEF-Moossname (Continuous functionality measures) bezeechent. CEF-Moossname ginn an dësem FAQ net thematiséiert.

5         Wéini brauch een eng Geneemegung?

5.1        Am Bauperimeter

Wann duerch ee Bauprojet een Habitat oder ee Biotop zerstéiert gëtt, kann dëst grondsätzlech ëmmer geneemegt ginn, wann dëse sech innerhalb vum Bauperimeter befënnt.

5.2        An der Gréngzon

Hei sinn déi wichtegst Fäll, an deenen d’Zerstéierung vun Habitater oder Biotopen ausserhalb vum Bauperimeter, spréch an der Gréngzon, kënne geneemegt gi :

1.      De Projet gëtt am Sënn vun enger Gemengnëtzegkeet oder fir d’Sécherstelle vun der ëffentlecher Gesondheet oder Sécherheet ëmgesat. Heirënner fale beispillsweis Bauprojet’en, déi d’Stroum- an/oder d’Waasserversuergung vun engem groussen Deel vun der Populatioun sécherstellen oder d’Fälle vu Beem, déi an engem schlechte gesondheetlechen Zoustand sinn.

2.      Et handelt sech ëm eng Neiuerdnung vun de landwirtschaftleche Parzellen, déi d’Bewirtschafte vun dëse vereinfache soll a fir déi entspriechend Zerstéierungen néideg sinn. Eng Zerstéierung kann nëmmen duerchgefouert ginn, wann et sech net ëm een europäesch geschützten Habitat handelt, spréch : et dierfen nëmmen national geschützte Biotope vun der Zerstéierung betraff sinn.

3.      De Projet gesäit d’Kreatioun oder d’Restauratioun vun engem Habitat oder engem Biotop vir. Och hei dierf eng  Zerstéierung nëmmen duerchgefouert ginn, wann et sech net ëm een europäesch geschützten Habitat handelt. Dobäi kënnt, datt d’Kreatioun oder d’Restauratioun vum Habitat oder vum Biotop am Kader vun engem Aktiounsplang fir ee bestëmmten Habitat oder eng bestëmmten Aart ëmgesat gëtt.

6         Wéi kann d’Ausmooss vun enger Zerstéierung vun engem Habitat oder Biotop festgestallt gi?

D‘Envergure vun der Zerstéierung vu geschützte Biotope gëtt un Hand vu sougenannten Ekopunkte bewäert. Wat e Biotop méi seelen oder méi schwéier rëm hierzestellen ass, wat e méi en héije Punktewäert huet.

Zur Berechnung gëtt den Inventar vun de Biotope vum Terrain am Ausgangszoustand an am Planungszoustand gemaach. Dëse Inventar gëtt an enger dozou entwéckelt Web-Applikatioun registréiert, dem “EcoPoints”. Den Tool berechent dann de Wäert vun de zerstéierte Biotope, ausgedréckt an Ekopunkten, als Differenz tëschent dem Punktewäert am Ausgangs- an am Planungszoustand.

7         Wie kann eng Berechnung vum Ausmooss vun der Zerstéierung an de Kompensatiounsmoossnaame maachen?

D’Berechnung vum Ausmooss vun der Zerstéierung an de Kompensatiounsmoossname dierf nëmmen duerch een zu Lëtzebuerg agréierte Büro am Beräich Environnement naturel, duerch eng Biologesch Statioun, oder duerch de Service Compensation vun der ANF duerchgefouert ginn. Nëmme si hunn een Accès op den informatesche Programm.

Eng Lëscht vun den agréierte Büroen a Biologesch Statiounen ass hei ze fannen :

Ø  https://environnement.public.lu/content/dam/environnement/documents/emweltprozeduren/organismes-agr%C3%A9%C3%A9s/organismes_agrees/listing-agrement-env-naturel.pdf

De Service Compensation kann iwwer follgend E-Mail-Adress kontaktéiert gi :

Ø  ecopoints@anf.etat.lu

8         Wat ass eng Kompensatiounsmoossnam?

Kënnt et zu enger Zerstéierung vun engem Habitat oder Biotop, muss déi iwwert den Ecopoints berechent Differenz ausgeglach ginn. Dëst gëtt a Form vu Kompensatiounsmoossname séchergestallt. Dobäi gëtt tëscht follgende Kompensatiounsmoossnamen ënnerscheet :

1.      Finanziell Kompensatioun a Form vum Ausgläich vun enger Taxe, déi integral an den Ëmweltfong fléisst, a wouraus spéider groussflächeg Naturschutzprojeten op nationalem Terrain ëmgesat ginn ;

2.      D’Ëmsetzung vu Kompensatiounen op der Plaz selwer vun den zerstéierte Biotopen an Habitater (als in-situ bezeechent) ;

3.      Kompensatiounen an der Gréngzon am Kader vu Bauprojeten, déi op der Plaz, also am Perimeter vum entspriechende Projet, realiséiert ginn. An dësem Fall muss ee Proprietär vun der Fläche sinn. An dësem Fall muss een Noweis iwwert d’Proprietéit oder ee Pachtvertrag virgeluecht ginn ;

4.      Kompensatiounen am Kader vun der Kreatioun vun engem neie Liewensraum fir eng geschützte Planzen- oder Déierenaart.

Méi Infoen a Videoen zum Ëmgang mat Kompensatiounen zu Lëtzebuerg fannt Dir hei :

Ø  www.compensation.lu

 

Ewechmaache vu Bësch
©Photostudio C. Bosseler

Definitioun

Dëst Kapitel beschäftegt sech mam Artikel 13 vum Naturschutzgesetz, dat heescht et liwwert Erklärungen a wéi enge Fäll ee Bësch dierf ewechgemaach, also permanent zerstéiert ginn a wéi eng Konditioune mussen erfëllt si fir datt eng Geneemegung kann ausgestallt ginn.

 

1. Wéini dierf een ee Bësch ëmnotzen?

 

Bësch dierf nëmmen ëmgenotzt, also ofgeholzt an duerch eng aner Notzung ersat ginn, mat Naturschutzgeneemegung an dat an dëse 4 Fäll :

  • Utilité publique, also zum Beispill dem Bau vun enger neier Nationalstrooss
  • Ëmnotzung fir gewëss Naturschutzmoossnamen
  • Reklassement vun der Fläch als bebaubaren Terrain am Kader vun engem PAG
  • Restrukturatioun fir landwirtschaftlech Zwecker, wëll heesche wann et néideg ass, de Bësch ëmzeleeë fir eng besser Bewirtschaftung ze erméiglechen. Dëst gëllt an der Reegel fir kleng Deelstécker an ass zum Beispill de Fall fir e sécheren Accès mat de Maschinnen an ee Stéck ze garantéieren.

 

Et sief drop opmierksam gemaach, datt generell zousätzlech den Artikel 17 vum Biotop- an Habitatschutz matspillt. Mat Ausnam vum Fall vun der Utilité publique, dierf deemno nëmmen Nolebësch permanent zerstéiert ginn an ëmgenotzt ginn.

 

2. Wat genau sinn Naturschutzmoossnahmen fir déi de Bësch dierf zerstéiert ginn?

 

Bëschfläch dierf nëmme fir Naturschutzmoossnamen zerstéiert ginn, wann dës Fläch a Moossnam präzis veruert, also op engem Plang präzis agedroen oder mat enger Kadasternummer versinn am Kader vu folgende Pläng mat virgesinn ass

  • Plan d’action “Habitat” dee laut dem nationalen Naturschutzplang (PNPN3 - Plan national concernant la protection de la nature) erstallt gouf
  • Plan d’action “Espèce” laut PNPN3
  • Plan de gestion vun engem europäeschen oder nationalen Naturschutzgebitt, arrêtéiert no den Artikele 35 resp. 43 vum Naturschutzgesetz fir d’Natura 2000 Zonen an déi national Naturschutzzonen (zones de protection d’intérêt national).

 

3. Muss de Bësch kompenséiert ginn?

 

Ëmmer, wa Bësch fortkënnt, muss dësen och ersat ginn. De Wäert vun dësem Bësch gëtt an Ökopunkte bilanzéiert. Dëst geschitt duerch een Ökobilan dee vun enger agreéierter Persoun erstallt muss ginn. Am Fall, wou et sech ëm eng kleng Fläch vun engem private Proprietär handelt, kann dësen Ökobilan och gratis vun der Naturverwaltung erstallt ginn. Déi néideg Kompensatioun, déi iwwert dëse Wee ermëttelt ginn ass, kann dann ewéi folgt ëmgesat ginn:

 

duerch Abezuelen an de Flächepool, wou dann d’Neiuplanzung vun de staatlechen Autoritéiten iwwerholl gëtt,

oder

duerch eegen Neiuplanzung vu Bësch. Dëst ass a folgende Fäll méiglech:

 

  • et handelt sech em e Stéck Bësch dat muss fortkomme fir Bauten, déi an der Gréngzon am Kader vun der Utilité publique geneemegt ginn
  • wann een ee passende fräien Terrain huet op deen ee ka Lafbësch uplanzen

 

A béide Fäll gëlle folgend 3 Krittäre fir d’Neiuplanzung :

 

  • op mannst déi selwecht Fläch, ewéi fortkomm ass, muss nei ugeplanzt ginn
  • de Bësch muss an der selwechter oder an enger besserer Qualitéit nei ugeplanzt ginn
  • de Bësch muss an deem selwechten Secteur écologique (http://g-o.lu/3/Ipf6) nei ugeplanzt ginn.

 

4. Brauch een elo keng Genemegung méi fir d’Ofholze vun Nolebestand?

 

Dach, et ass nach ëmmer eng Geneemegung néideg fir d’Ofholzen (coupe rase) vun Nolebestand wann dëse méi wéi 50 ares huet. Allerdéngs fällt dat net méi ënnert d’Naturschutzgesetz, mee ënnert d'Bëschgesetz.

 

 

Naturschutzgeneemegungen - Dët an Dat

1. Wéi muss een sech uleeë fir eng Naturschutzgeneemegung unzefroen?

Wichteg:

Dës FAQ déngen ausschliischlech der allgemenger Erklärung
Fir all rechtlech Froen ass dat geltend Naturschutzgesetz bindend

Iwwert dëse Link kann een eng Naturschutzgeneemegung ufroen: Demande d'autorisation PN via MyGuichet

Hei fënnt een all néideg informatiounen, wéi zum Beispill wat muss mat agereecht gin.

Den “Extrait du plan d’aménagement général en vigueur indiquant le classement de la parcelle” fënnt een entweder iwwert de Site vun der Gemeng oder iwwert Geoportail.lu: http://g-o.lu/3/iMBq

Den “Extrait cadastral de la parcelle d'implantation datant de moins de trois mois (1:2500)” kann een um Geoportail.lu: http://g-o.lu/3/D1G6  digital ufroen andeems een e Lénksklick op seng Parzell mecht, op “Commander un Extrait” klickt, an dann de Formulaire online ausfëllt.

Den “Extrait de la carte topographique avec indication du lieu d’implantation du projet (1:20000)” kann een och um Geoportail.lu eroflueden.

2. Dierf ee scho mat den Aarbechten ufänken iert d’Naturschutzgeneemegung ausgestallt ass?

D’Aarbechten dierfen eréischt ufänke wann een d’Naturschutzgeneemegung huet. Fänkt ee schonn éischter un, riskéiert een ee Baustopp a strofrechtlech Poursuitten.

Et sief och bemierkt, datt all d’Geneemegungen dierfe parallel ugefrot ginn. Et brauch een also net d’Naturschutzgeneemegung ofzewaarden, iert een d’Geneemegung op der Gemeng oder bei aneren Instanzen ufreet.

3. Wat muss ee maache wann een seng Naturschutzgeneemegung kritt huet?

D’Naturschutzgeneemegung muss op der Plaz vun den Aarbechte visibel ausgehaange ginn. Et ass recommandéiert, dat ze dokumentéieren (zum Beispill an deems een eng Foto mécht).

Et ass wichteg, sech seng Geneemegung genee unzekucken an ze iwwerpréiwen ob nach Saache sinn, déi ee muss maachen iert ee lassleet (z.B. dem Fierschter Bescheed ze soen) an de Chantiersoflaf/Projet gegeebenenfalls esou unzepassen, dass een alleguerten d’Konditiounen, déi virgeschriwwe goufen, respektéiert (wien sech net un déi Konditiounen hält, riskéiert ee Baustopp a strofrechtlech Poursuiten).

Wann ee mat der Decisioun net averstanen ass, kann ee innerhalb vun 3 Méint en Widdersproch dergéint aleeën duerch e Recours gracieux oder e Recours virum Verwaltungsgeriicht. Dat Recht huet souwuel de Bauhär ewéi aner Leit, déi net mat der Decisioun averstane sinn.

4. Wat soll ee maachen, wann ee virum 12. September 2023 e Projet refuséiert krut, deen awer elo geneemegt kéinst gin?

Dat einfachst ass, d’Demande nach eng Kéier eranzereechen. Et ass wichteg, dobäi am An ze hunn, dass et nach aner Ursaache wéi den „légalement existant“ kéint gi sinn, déi de Projet net geneemegungsfäeg gemaach hunn.

D’Mataarbechter vum Service autorisations vun der Naturverwaltung beroden ee gären, wann een en Doute huet, wéi säi Fall gelagert ass a wat genee ka geneemegt ginn. Et kann een dat awer natierlech och bei deem fir seng Uertschaft zoustännege Fierschter nofroen.

5. Wéi fënnt een eraus, op ee Gebai an der Gréngzon "légalement existant" ass?

Wann een interesséiert ass, ee Gebai wat an der Gréngzon steet, ze kafen oder ze veränneren, ass et ugeroden sech ze informéieren, ob et “légalement existant” ass. Heizou kann ee beispillsweis Informatioune béi der Gemeng oder bei der Naturverwaltung nofroen oder um Geoportail nokucken. Och de Propietär kann Informatiounen dozou hunn. Et sollt een och ëmmer d’Loftbiller um Geoportail.lu: http://g-o.lu/3/gCIK kucke fir erauszefannen, ob d’Gebai scho méi ewéi 5 Joer do steet a mam lokale Fierschter Récksprooch halen.

Dat selwecht gëllt, wann een elo schonns Proprietär ass, an ee Renovatiouns- oder Bauprojet wëll ugoen.

6. Wat mécht een, wann ee mat enger Decisioun net averstanen ass?

Wann ee mat der Decisioun net averstanen ass oder Elementer net kloer verständlech sinn, ass recommandéiert an enger éischter Phas d’Gespréich mat den Experten vum Service Autorisations vun der Naturverwaltung ze sichen.

Et huet een ausserdeem ëmmer d’Méiglechkeet bannen 3 Méint e Widdersproch dogéint anzeleeën. Dëst ka schrëftlech a Form vun enger Email oder engem normale Bréif gemaach ginn, déi een un de Service autorisations vun der Naturverwaltung schéckt a wou een dran erkläert firwat een net mat der Decisioun averstanen ass a freet dass d’Decisioun iwwerduecht gëtt.

7. Wéi fënnt een eraus, wéi ee Fierschter fir säi Projet zoustänneg ass?

Et fënnt een de Numm vum lokale Fierschter entweder iwwert de Site vun der Gemeng oder iwwert Geoportail.lu: http://g-o.lu/3/A4X6. De Numm, d’Adress an d’Telefonsnummer fënnt een andeems een e Lénksklick op d’Revéier maacht, dat een interesséiert.

8. U wie kann een sech adresséieren, wann een nach weider Froen huet?

Am Fall vu weidere Froen, kann een sech un de lokale Fierschter oder un de Service Autorisations vun der Naturverwaltung adresséieren:

Administration de la nature et des forêts

Service Autorisations

81, avenue de la Gare

L-9233 DIEKIRCH

autorisations@anf.etat.lu

Tél: 24756888

Aktualiséiert